Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Scheedgen

Den Duerfnumm Scheedgen ass ofgeleet vum däitsche Scheid a Synonym fir Bësch, an dësem Fall klenge Bësch. Well en am Sproochgebrauch wéi e Flouernumm funktionéiert wunne seng iwwer 400 Leit net zu mä um Scheedgen. Dem relativ jonken Uert säin Duerfkär läit an der Mull vun der Steebaach, wou dräi Stroossen zesummekommen. En entstoung ufangs vum 17. Jh. aus enger 'Rodung' op der Gafel vun zwéi Weeër. Bekannt gouf d‘Plaz, well do bis an d‘19. Jh. de Bësch als bescheide Geldquell 'Asche lieferte zum Pottaschesieden. Die kristallisierte Pottasche wurde an Aufkäufer verkauft und zur Seifengewinnung meist nach Metz geliefert.' Ëm 1800 waren am Departement des Forets 89 Pottaschesieder patentéiert, (di meescht dovun am Bezirk Bitburg an op den Héichen laanscht d‘Schwaarz Iernz.) (Pr. Hess.) D‘Lehmkaul no bei der "Moul" hat fréier der Iechternacher Famill Kettenhofen Material geliwwert fir Daachzillen hirzestellen.

Al Dokumenter erwähnen en Haff Scheidgen. En Iechternacher “Weistum” (d.h. eng ‘Kollektiv Ausso vu ‘rechtskundige’ Männer) vum 10. Januar anno 1591 beriicht “dass ein Hoffmann uf dem Scheidtgen wohnhafftig wehr”. Virdrun hält e Constat vun de ‘Constorffer’ Scheffen 1555 fest “bey das Scheidgen stehet ein marck.” E Manuskript vum Abt Bertels iwwer Besëtz a Revenue vun der Iechternacher Abtei nennt 1597 vum "Sceitgens Hof 8 md korn, 1 md haber, 1 Schwein von 12 daler 2 capp, 100 eyer, 1 bock, 1 moselfarth". Souvill zum 16. Jh.. Am Hochzäitsregester vun der Por Konsdref ass den Uertsnumm Scheidgen eréischt 1766 ze fannen. No dëse lokalen Notizen e Bléck op d’Ferrariskaart. Op hir existéiert  Scheedgen net, mä gréisser Hieff, d’Cense Roswinckel an d’Cense Rodershoff, an do wou haut d'Cité au Bois ass sti véier eenzel Haipen. De Joseph Hess situéiert 1809 um Scheedgen 10 Wunnengen (4 Baraken a 6 Haipen) vu Leit, déi de Bësch geruedt hunn a soss wéineg haten. Si hunn wéi ewell ugedeit Äsche vu Bichereiser fir 8 Sous de Sieschter un Pottaschsieder op den noen Hieff verkaaft, wou dann Seefenhändler vun Arel, Metz an Tréier Pottasch akaafe koumen. D’Äschereschter bloufen als Dünger. Am Duerf waren haaptsächlech Doléiner a just e puer Baueren an Handwierker. Geschichtsfrënn ernimmen an der Ëmgéigend vu Konsdref e Flouer „Paddaschheisschen“.

Am Bëschgebitt «Ponteschgronn» läit de 'Roude Léiw-Fiels' mam 1939 agravéierte nationale Symbol an Inscriptiounen zu eiser deemols 100 jähreger Onofhängegkeet. Wéi kuerz drop d’däitsch Besatzer hirt Verschwanne verlaangt haten, hu Lëtzebuerger Patrioten zu enger Ruse gegraff! Eng Zementéierung konnt alles cachéiere bis nom Krich an duerno waren d‘Agravéierungen an de Léiw séier nees visibel. (Donieft koumen dann d’Nimm vu lokalen Zwangsrekrutéierten.) Laanscht dee Fiels féieren de gutt 7km laangen Auto-Pédestre vu Scheedgen, den 23 km laangen Sentier Fred Welter (SFW, benannt nom hei gebuerne groussen Naturliebhaber, deem am Tourismusministère Zoustännege fir d‘nationalt Wanderweenetz.) Op der Route 2 vum Mëllerdall-Trail sinn en passant Iwwerreschter vum Eremitage bei der Kalkesbaach z’erkennen. Am Einsiedelayfiels waren am Krich dräi Awunner aus dem Uert verstoppt. E Fiels um Lauterbuerer Wee weist d‘kuckeswäert ‘Grenzbegehungsurkunde’ vu 1556, d‘sougenannt St. Irmilen-Hand, d’Grenz vum Besëtz vum Klouschter Oeren bei Tréier. Den noen "Hengebirchen" hält nuets e Monolog... Aner Spuren aus der Vergaangenheet sinn um Kaachelskapp ee 50m laangen, 12m breede Rempart mat viirgelagertem Gruef ëm en 160m laange an ronn hallef esou breede Plateau. Dass dorop vermuttlech 'mol eng Befestigungsanlag louch erwähnt de Reinhard Schindler 1977 an “Vor- und frühgeschichtliche Burgwälle des G.H. Luxemburg”.

An den 1880ger haten d’Konsdrefer Bridder Bauler d‘Mathias Kierch vum Scheedgen als Mëttelpunkt vum Duerf op Initiative vum hei gebuerene Geeschtlechen Mathias Reuter gebaut. Hien hat hiren Terrain an dee vum Kierfech gestëft. (E Bau-Subsid vu 750fr koum 1892 no.) An der Nische iwwer der Kierchenentrée thrount säit hirem 100. Joeresdag d‘Statu vum Patréiner. Dësen ass e generéisen Don an d’Kreatioun vun der Tréierer Ruth Schwenker, déi emol sot: ‘Arbeit in dem Werkstoff, der über Jahrmillionen entstanden ist, macht demütig, aber auch mutig, zehrt und gibt Kraft.’ (Dass d'ëm 700 kg schwéiert Sandsteen-Unikat a ronn 200 Stonnen entstoung schreift d'Broschür '100 Jar Scheedges Kiirch'.) - D‘zwanzegst Jorhonnert, dat den Aldous Huxley als ‘Zeitalter des Lärms’ gesouch, hat 1904 d‘Schmuelspurbunn Lëtzebuerg-Iechternach op d’Schinne gesat. De "Charli " hat 22 Statiounen. D’Scheedgener Gare um km 38,646 war Duerfcafé an Epicerie an erënnert haut als "Hôtel de la Station" u fréier Zäiten. D’Hotelsenseigne “Bon repos” kléngt och net schlecht. 1979 gouf d‘Bunnstreck eng Velospist.

P.S. Ënner der Sprangpressesioun hiren 23 Musekveräiner waren 1908 zwielef aus Nopeschdierfer, beispillsweis vu Waldbëlleg, Berbuerg, Osweiler, Scheedgen an Hierber, siwen däitscher an 12.484 Sprénger. Lokal Notizen nach: ‘t gouf hei emol en Duddelsaackspiller genannt 'Schmierheinrich von Scheidgen', dee mat anere Spillleit bis op Léck bekannt war. (Aus Erënnerunge vum M. Ruden.) An beim Brauch, um Scheedgen 'op Buergsonndeg d'Hex ze verbrennen' krut 2013 deen do presenten Alain Atten de Gedanken dëst als Traditioun anzedroen. Allgemeng heescht et "Vu wou owes beim Buergbrennen d’Loft hirkënnt, kënnt se d‘ganzt Joer".