Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schandel

Schandel huet 204 Awunner a läit 31 km vun der Stad. Et zielt zur Gemeng Useldeng, lokal Uselding gesot, an där de fréiere Freideskascht ‘Tëttelcher’ waren. Säin 1970 gegrënnten Dëschtennis kennt d‘Finesse vum Spill a koum 2014 an d‘zweet Divisioun. ‘t huet zanter 2000 eng Christophorusfeier an muunch ausgefalen Flouernimm. An den noe Burwisen entsteet op enger Héicht vun 291 Meter aus zwou klenge Baachen d’‘Schammicht’, déi no ronn 1.900 Meter an d’Atert leeft. Vum Flouer ‘an Haeschpelt’ staamt d’Schandeler Bronzestatuette vun der Göttin Venus. A wien iwwer dee knapps 19 km laange CR 116 fiert gesäit om Rëmmereger Wee e besonnesche fräi entwéckelte Birebam. D‘Buch vum Ministère mat remarkable Beem lueft seng esthetesch Form a verréit, dass esou e ‘Poirier’ fréier als Orakel benotzt gouf: eng räich Birerecolte sollt fir Verléifter eng grouss Kannerzuel bedeiten!

Op der Strooss Arel-Bitburg louch héchstwahrscheinlech e klenge Vicus nieft Viichten, deen emol lokal Schëndel housch. Hei sinn emol Kelten a Réimer zesummegetraff a spéider Wallounier a Lëtzebuerger. De kulturelle Weeweiser (Krantz-Quintus, 1984) indiquéiert ënner der landeswäiter konschthistorescher Bausubstanz eeler stattlech Hieff zu Schandel, (mat beispillsweis Bannenhaff an iwwerdecktem Pëtz.) Mam Haus Nr. 25 steet do en zimmlech eenzegaartegen Haff am neigotesche Stil. Dëse vun engem belsche Grof aus der Lécker Géigend gebaute ‘Growenhaf’ goung vu senger Duechter (née Melanie Maria Louise, Comtesse de Looz) der Mme Guyot, un den Notaire Baudrux vun Haabicht (Habay-la-Neuve). Wéi den Haff da sollt 1903 verkaaft gi, sot säin deemolege Piechter Jacques Barthélemy (no 15 Joer Experienz) den Intressenten ‘wann Dir wéisst... E Léimännchen (dt: Lerche) erhingert hei op Gehaansdag.’ En huet den Haff dann um Enn selwer kaaft. (Dëst a villes méi erzielt senger Enkelin Julie Muller-Barthélemy hiert Buch ‘Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert’ (vun 2009). - Eng aktuell Kaart deelt d‘Duerf a Secteuren; d‘zone mixte villageoise huet 12 protégéiert Haiser an d‘zone rurale 3 mat Stäeren. An der Mëtt vun de Baueren- a Wunnhaiser steet d‘1709 gebaute Kierch; se gouf 1808 Filial vun Iewerleng an zielt zum Dekanat Osper.

D’Schandeler Kierch ass der Dräifaltegkeet geweit an den dräi Märtyrerinnen Fides, Spes a Caritas dédiéiert. Niewepatréinesch ass d'helleg Sophie, d'Mamm vun deenen dräi Joffere. (vun deenen et heescht: déi eng spënnt, déi aner wënnt, déi drëtt mecht d’Himmelsdirchen op.) Der Schrëft iwwert dem Portal no gouf am Joër 1883 de relativ grousse Kierchtuerm ugebaut. 1891 koum den hallefronne Chouer drun. Vun 1964 sinn d’aktuell Kräizweestatiounen, d‘Muttergottesstatu an d‘neigegossen Immaculata Klack mat Inscriptioun "Ave Maria". Net ze vergiessen dem Quierschëff seng gläichal Fënstren vum Zanter stellen ë.a. Kunigunde, Barbara, Hubertus, Celsus v. Tréier duer. Hire Fong repetéiert deenen aneren hir abstrakt Lignen, wat se zu engem Ensembel mécht. Den Iewerlenger Gesang-Veräin sengt traditionnell zanter 1962 d’Schandeler Kiermesmass. Eng 2,98 m grouss Stèle veréiwegt an Directioun Iewerleng eng rar Représentatioun vun der d’Trinitéit. Hiren Opdrag war 1704 vum Michaell Gengeller komm. Deemols hat de Stater Jesuitekolléisch 101 Joer an d‘éischt Zäitschrëft gouf zu Lëtzebuerg gedréckt. (Grënner a Redakteur vum gutt 70 Säiten décke ‘recueil historique et politique’ mensuel iwwer d’‘matières du tems’ war de Claude Jordan vu Bar-le-Duc.)

Net alldeegleches si Réimerobjeten an där huet nieft Viichten och Schandel opweises… Déi do fonnte Venus-Statuette beréiert hiren Hoer-Knuet mat de rietse Fangeren an betruecht sech am Handspigel, deen hir lénks Handhällt. (Beschreiwung aus ‘Empreintes 2008‘ vum Musée.) En 3,02 cm grousse Schandeler Miniaturbronzemasque (Empruntes 2009), gläicht enger Tragödiemask, engem Gesiicht ouni Alter. Och Mënzen an kleng um Flouer entdeckte Fragmenter vu Poterien, Zillen an Eisen-Neel si fir Spezialiste vu Wichtegkeet. D‘Kapitel ‘divinités gallo-romaines de l’ardenne et leur bestiaire sacré’ (Jean Krier, Buch ‘bestiaire d’Ardennes’) weist de 6,15 cm héijen 2004 entdeckte ‘coq en bronze’ vu Schandel. Dësen hat sécherlech eng heirëmmer populär Merkur Statuette begleed. Däitlech Erënnerungen aus méi aktueller Zäit dréien ëm d'Geschicht vum lokale Fräiheetsgaard. Fir d‘kommend Generatiounen fir 100 Joër Onofhängegkeet ze sensibiliséieren hunn d‘Schandeler 1939 bausst der Uertschaft zwou Lanne geplanzt, symbolesch, mat Zonk a Paart mat engem roude Léiw als Dékor. - D'Zäit ass virugaang an wéi 1989 d‘150jährig Onofhängegkeet gefeiert gouf huet Schandel säi Fräiheetsgaard opliewe gelooss an duerno säitlech vun der Kierch frësch ugeplanzt.

P.S. "Schandele setzen" housch fréier "sech den Teller iwwerlueden!" (Engelmann). An eisen Nopeschlänner huet e ‘Schandelmeyer’ e ‘maître-artisan de chandelles’ bedeit an ‘Schandelet’ Käerzenhändler. E Schandelhutt ass d’Erklärung vun enger Halett. Dës wäiss Sonnenhauw mat agebitzten Holzbängelcher gouf am Karschnatz um Feld gedroen. "De Schëmmel krut gesträiften Ourekapen opgedon a gouf un d'Méimaschin gespaant. D'Sonn huet gebrannt an d'Tatta huet ënnert hirer Halett geschweesst. E Gléck, datt ech e breeden Hutt ophat"! (Milly Thill) A well Schandel laang eng Molkerei hat, nach e Saz aus der grousser Wakanz, déi fréier hei kaum anescht war wéi déisäit der Syr… "D'Tatta Anna huet mir eng Jhatt voll deër wootlecher Mëllech erausgeschott an en déckt Stéck Kranzkuch erofgeschnidden. Et war mäin Nueteessen, dat ech op der Trap eragefeiert hun." Lokal Legende goungen ëm een dee Grenzstäng verréckelt huet (Gredt) oder eng riisseg Männergestalt mat onkenntlechem Gesiicht, deen d’Leit um Griselbierg tëscht Schandel a Béiwen/Attert erschrecke sollt. (Marc Angel)