Rued/Simmer
Roodt-sur-Eisch oder Rued bei Simmer ass net nëmme fir de Bréifdréier engerlee. Et läit 17 km vun der Stad idyllesch am Nordhank vum Kréckelsbierg, riets vun der Äisch. D’Jaillot Kaart vun 1700 weist et als Rode. Virun 1824 ware Bour, Gräisch a Rued un der Äisch eng Gemeng - duerno goufen di zwee läscht Sektioune vun enger neier mat Simmer als Gemengenhaaptuert. An dëser koumen tëscht 1996 an 2000 genee 40 Demande fir Baugenehmegungen an statistesch (tëscht 2001 an 2010) op 1000 Leit manner wéi 6 Stierwfäll a manner wéi 10 Naissancen. 2006 hat d’Duerf iwwregens 203 Awunner an 2013 dann 238. D’Äisch gëtt hinnen d’Beispill hirt Liewensziel ze suivéieren. Am Gedicht “Weg des Baches” lueft de Rainer Haak d’exemplaresch Qualitéite vum Waasser. Hie schreift ’Du bass stänneg a Bewegung, wandlungsfäheg, selten hektesch mä "eher geruhsam, aber doch so, dass du nie an einem Ort verweilst."
Rued war fréier bekannt als ‘Kuelebrennerduerf’. Fir Holzkuele war ee Besoin do säit 1612, wéi zu Simmer an Aansebuerg Fonderien, d.h. Eisenerz-Schmelze stoungen. D‘Holzkuele goufen dofir an den noe Bëscher fabrizéiert an transportéiert goufe se vun de Kuelemeiler mat Hellëf vu geflechte “Kuelebootschen“. Een Transportwee war beispillsweis och déi 1629 zwësche Simmerschmelz an Aanseburg kanaliséiert Äisch. Köhlerfamilljen hunn a Bësch-Heipe gelieft, z.B. am Simmerwald, am Eischdall an am Gréngewald. D’Paschtéier haten d‘Porkanner aus dem Bësch net ganz gär, si gesouche se just fir Hochzäiten an Kanddafen, an dofir koume s’an d‘Porregesteren. Si haten heefeg francophon Nimm wéi z.B. Brisbois, Dumoulin, oder Lahyr. Den Numm 'Valiska' ernimmt den aktuellen „Natur-a Kulturführer Eischtal“; sou houschen d‘Produkter vun der Simmerfarm. (Dës 1934 tëscht Rued a Simmer ugeluete staatlech Statioun fir Ubau an Auswäertung vun Heel- a Gewürzplanzen hat 14 Joer laang nieft Téi och Zoppemëschungen (z.B. Krikox–Britt) a Spirituosen hirgestallt.) An der Kadaster-Sectioun mat Rued stinn d’Simmerfarm mat 67 Leit an d’Simmerschmelz mat 14. (Den Direkter Picard hat 1816 säi ’ behäbegt’ Wunnhaus dohi gebaut.)
1722 zu Rued/Simmer gebuer war den Henri-Jean-Népomucène (de spéider geadelte) Baron de Crantz de Roodt. Säi Papp housch Péiter Crantz, (war Duerf-'Vorsteher' am Déngscht vum Aansebuerger Grof a gutt ugesinn.) Hie war Schüler am ’Benefiziatenhaus‘ ,d.h. am Kaplounshaus vum Mariebierg vun Aansembuerg‘, am Stater Jesuitekolléisch, op der Uni Louvain a krut 1750 zu Wien den Doktertitel. E goung ‘aux Frais de l’impératrice‘ Maria Theresia op Paräis, gouf ë. a. als Botaniker ‘Erstbeschreiber‘ vu 26 Planzen. Dëst a villes méi erzielt de Marc Bruck 1999 am online BULLETIN - Société des Sciences Médicales (www.ssm.lu). 1951 hat de Naturgeschichtleche Musée eng Publikatioun vum François Léon Lefort erausginn iwwer den Botaniste H. J. N. Crantz. (och 'mol Krantz geschriwwen.) Ronn 200 Joer no sengem Doud, den 13.12. 1997 hat am ‘Centre Universitaire‘ eng akademesch Sëtzung un dëse Botaniker, Dokter a bedeitende Vertrieder vun der "Ersten medizinischen Wiener Schule" erënnert. (An der Géigend ëm Rued war fréier Urwald. An do konnten alleréischt 'Fuerscher' aus der Jongsteenzäit d’Evolutioun vu fruuchtbare Biedem, nei Planzen, déi Sonn gebraucht hunn an nei Déierenaarte wéi Huesen oder Feldhenger observéieren.)
D'Donatus Kapell vu Rued huet baussen eng e bësse plomp Form, mä en Altor a Schräinergotik an dräi spéitgotesch Helleger: De Sebastian, Andreas, (wahrscheinlech aus dem Mariendall) an e "lustigen, geharnischten Michael, der schwertschwingend in Stulpenstiefeln ein Teufelchen zertrampelt!" (C. Hemmer) D'Filial Rued gehéiert administrativ zur Por Nouspelt, gëtt awer vun der Pastoralequipe vum Porverband St. Willibrord Helpert matbetreit. Den Alter vun der Rieder Kapell um Fouss vum Bësch mam Numm Hélz war laang onkloer. Mä hire Benediktiouns-Datum hat de Simmer Lokalhistoriker Lucien Arendt zoufälleg am Nouspelter Daafregëster fonnt: Zwëscht zwee Daafakten verréit d‘Inskriptioun vum Käercher Pordechen J. Gaspar den 29. Januar 1846 "Benedictio Capellae in Roodt". (Zeuge: Th. Ross, Rektor in Nospelt.) D’Info vun 1852, dass hei aus där aler Kapell e Schoulsall entstoung, hat natierlech een Neibau virausgesat. (Neng Joer virdru gouf den ale Wopen vu Septfontaines dem neigegrënnte Kanton Capellen attribuéiert!) Un d’Enn vum 19. Jh. datéiert eng absolut wichteg Initiative. 1899 entstoung nämlech zu Arel bei engem archäologesche Kongress d’Iddi den Äischdall touristesch z’erschléissen! An ënner dem Numm Vallée des sept châteaux krut dësen seng kloer erkennbar Identitéit! Last not least hat Enn 2011 de Gemengerot ë.a. iwwer den (net "taufrischen") Zoustand vun der denkmalgeschützte Kapell geschwat an den Thema duerno engem éisträicher Amtsbegrëff no "schubladiséiert"! ‘t gouf näischt beschloss; mä de Sujet 'Verloscht vum sakrale Charakter' oder eventuelle 'Verkaf' gouf kontestéiert.
P.S. An de 1970ger hat de Carlo Hemmer hei d’Aussicht bewonnert vun enger vun den zwou Wiertshaus-Terrassen als ‘eng vun de schéinsten am Land.’ 1940 haten hei 78 Leit gewunnt, an ‘t goufen nieft 3 Caféen, 2 Daachdecker an ë. a. 6 Baueren. Ee vun deene Betriber gouf ëm 2009 aus dem Duerfkär op d’Strooss Rued-Simmer 'ausgelagert'. No zwee Joer hat e beispillsweis nieft Schof zur Landschaftsfleg 220 Déieren, ma keng Mellechproduktioun. Et goufen do 2012 oppen Diren fir den 29. Dag um Bauerenhaff. - Wéi hei emol Rieds goung iwwer de Kaf oder Verkaf vum Gemenge-Wäschbuer an der „Kierchegass” sollt säin historesche Wäert spontan an d’Luut klammen! Ob Legenden ronderëm hie bestinn ëm e 'Plätschmännchen' oder Burjofferen ass net gewosst. Mä sécher war do fréier ënner de Fraen aus dem Duerf méi wi eng 'Klaatschmrei' an 't koum niewt der Aarbecht e bëssen Duerfklaatsch op d’Tapéit!