Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rolléng

Rolléng bei Bous figuréiert am Engelmann-Dictionnär och nach als Rouléng. Fréier housch d’Joer do Jouer an d’Leit goufen heiandsdo ironesch Roulénger Béck genannt. Et läit 19 km vun der Stad am direkte fruuchtbaren Hannerland vun der Musel um CR148. Um Rand vum Trëntenger Dall tëscht Aassel an Ierpeldeng a säitlech vum Flouer Hau kräize sech do op 171m Héicht d’Asseler Strooss, d’rue des Champs, d’rue des Prés an d’Saackgaas bei d’Rollengermillen. An ‘t fale ronderëm e puer kleng Waasserleef op a véier kënschtlech Privatweieren. Dem Duerf mam’charme agraire’ (di Marco, La VOIX) seng Awunnerzuel hat Héichten an Déiften. Vu grad emol 75 (1981) koum et 2001 op 106 an 2011 op 137 Leit. Ee Schoulbus mat 16 Sëtzplazen bréngt d’Kanner an d’École fondamentale op Bous. Op sengem Trajet Nauwiss - Scheierberg - Rue de Rollin – Bous begéine se dann al ’Frënn oder léieren neier kennen.

D’Buch ’Mosella’ beschreift der Trënténger alias Bous’er Baach hir Mündung an d‘Musel bei Stadbriedemes. Hiren Dall bild den eenzege relativ flaachen ëstlechen Zougang an d’Land. (D’Réimer haten dëse genotzt fir en Diverticulum ze bauen, eng Quierverbindung fir di zwee héichgelee Weeër zwësche Metz an Tréier via Palzem ze verbannen. Do wou schonn e keltesche Flossiwwergang war hu si am Joer 56 eng Bréck opgeriicht. Den ale Kiem verleeft an Direktioun haiteg Dräikantonsstrooss. Divers archeologesch Decouverten erënneren un d’räich antik Kolonie vu Bous, wou wuel keen Jupiter do fonnt gouf wéi zu Duelem (deen an de Louvre koum) mä méi wéi ee schéine Mosaik. ‘Plazeweis gouf ales erhalen, plazeweis zerstéiert.’(J. Meyers) Kleng Uertschafte gi gekuckt mat hirem noen Ëmfeld an haten dacks wéineg opregendes erlieft. Si ware vun gréisseren Herrschaften ofhängeg. Bis 1795 ware Bous an Ierpeldeng Deel vun der commune de Roussy, Rolléng an Aassel hunn zur Seigneurie Waldbriedemes gezielt. Am 17. Jh. houschen do d’Seigneuren Wiltheim. Ëm Rolléng louch vill ‘A. s. M.’ markéierten Terrain. D’handkoloréiert Ferrariskaart weist nieft Siedlungen d’Stroosssen, Weeër a Piëd, wichtig Gebaier a wirtschaftlech Infrastrukturen. An ënner den zéng roude Rollenger Diech falen ee ganz groussen an e mëttelgroussen op. Assel hat donieft néng relativ Klenger... a grad wéi Bous och e Wangert. Am Gemengewôpen weisen d’zierlech Zepteren op d’Famill Wiltheim hinn.

D’aktuell am Januar 1803 gegrënnte Por Bous ëmfaasst Bous, Aassel, Ierpeldeng a Rolling. Laang virdrun bestoung ee lokal ‘Nainkiirchen’ genannte Porbezierk tëscht Ierpeldeng, Réimech a Bous. Dëse war vermuttlech säit dem 9. Jh. d‘Mammekierch vun néng Uertschaften. D’haut verschwonnend Duerf hat zäitweileg 35 Feierstellen an als Filial e Réimecher Vikar an en eegene ‘Frühmesser‘, d.h. e Kaploun a Lehrer. Hire leschte Kaploun gouf 1803 éischte Rektor vun der neier Por Bous. Den alen Nainkiircher Kierfech blouf erhalen, d‘baufälleg Kierch net. - Zu Lëtzebuerg hunn ëm 1825 ronn 96 % vun der Bevölkerung um Land groussendeels vun Aackerbau a Véizuucht gelieft (a vun e bësse Wäibau.) D’Stad hat deemols knapps 1200 Haiser. ‘t sinn aus bal allen Dierfer Leit ausgewandert. 1867 goungen d’Geschwëster Anna a Clement Steichen vu Rolléng an Amerika. D’komplett Familljechronik vun der Gemeng v. 2003 (inklusiv Emeréngerhaff an Scheierbierg) baséiert op Dokumenter aus der Zäit tëscht 1670 an 1950. (BUCH P. & R. KAYSER). D’Kaart Luxemburg mit der Gegend auf zwei Stunde’ nennt d’Duerf nieft ‘Bues’ 1717 ‘Rolin’. Wéi al seng zwou Weekapelle sinn ass net ekannt. Eng Notiz am Memorial vum 31.10.1903 dréit ëm d’legal Unerkennung vum neie ‘Viehversicherungsverein’ mat Sëtz zu Bous. Dës Sociétéit sollt d’Uertschaften aus der d’Chronik plus d’ ‘Herdermühl’ an den Heisburgerhaff ëmfaassen.

Längst vergiess däerft de ‘Kanalprojet’ si vun 1907. Seng 51,6 km laang Trace sollt vu Rodange aus iwwer Péiteng, Déifferdeng, Esch, Beetebuerg, Uespelt, Elleng a Bous op Stadtbriedemes féieren. ‘t sollt ënnerwee eng Streck duerch en Tunnel goen mä schlussendlech gouf d’Iddi verworf. D’Buch vum ‘Soldier with a camera’ Tony Vaccaro erënnert un d’Prise vu Greiveldeng vum 25. Sept. 1944, un d’Libératioun vu Bous an den Avancement op Rolling an Ierpeldeng. Nach méi Aktuelles: D'Gebaier vun der klasséierter Rollénger Mille sinn a schlechtem Zoustand an deels vun der Natur iwwerwuess. Well Flugroute vu Fliedermäis laanscht d’Aalbach an d’Aasselbaach verlafen a südlech vu Rollingen Zwëschequartier vun der „Groußer Houfeisennues“ am Beräich vun de Millemaueren ass hunn d’Naturfrënn wahrscheinlech näischt dogéingt. D’Duerfbewunner goungen a ginn verschiddne Berufer no. ‘t gouf 1893 dem Millekonstrukteur Nicolas Noesen von Rollingen seng Wierkstad ernimmt op der Herdermillen, spéider de Bannhidder vu Rolleng, duerno e Polsteratelier, en Duerfcafé, e Mëller, zwee Bauerebetrib, 1 Metzler, e Beiemann an e Moler - deen 1983 mam Prix d'encouragement aux jeunes artistes ausgezeechente Guy Hary. Hien huet dem Beiemann eng hyperrealistesch Bei op d’Garagepoart gemoolt; dësen huet allerdéngs elo mat senge Wuessfiguren a Käerzen eng nei Adress zu Ierpeldeng.

P.S. D’strategesch Ëmweltprüfungen si Bestanddeel vum Opstelle vun de Gemengen hire Plan d’Aménagement général. Fir lokal Stroossen- a Flouernimm ginn Zesummenhäng gesicht. (Net hei, mä baussend der Stater Festung am haitege Stadquartier Rolléngergronn kruten d’Jesuite 1634 fir d’Erriichtung vum Seminär de Rollingerhaff geschenkt vum Här vu Schönburg a senger Fra. D’Haffgudd war virdrun laang Zäit a Besetz vun den Häre vu Rollingen.) De Familljen-Numm Rolling gëtt et ë.a. och am Ënnerelsass. E baséiert op de Patronym Roll a gëllt als Ofkierzung vu Roland, wat Ruhm bedeit. Am Nopeschduerf vu Bous gouf et sécher emol e ganz bedeitende Personnage, deen den Uertsnumm inspiréiert hat. Der Statistik no gouf et iwwregens 1880 den Numm Rolling landeswäit duebel sou heefeg wéi 1984.