Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Riedt

Riedt zielt mat Ierseng an Trënteng zur ländlecher Gemeng Waldbriedemes. Et läit deels un der Réimecher Strooss, der N2, an um Deelsteck Cents-Réimech vun der iwwer 300km laanger E29. ‘t huet eng rue du Bassin, eng rue du Coin an eng Kanecherstrooss. Zou Ierseng an am ganzen Tëntengerdall goufen ëmmer d’Agrikultur, d’Véihzuucht an d’Uebstbongerte grouss geschriwwen. Am remarkable Baambuch vun 2002 ass eng 29m héich Bich mat 150cm Diameter registréiert ënner Trintange-Roedt, Réimecherstrooss, Këpp. S’ass eng vun den einheimeschen Zorte Beem, déi de Batty Weber als ‘Landsmann’ gesouch, net als Zougewanderten - an aus där hirer Holzuewe-Glous heefeeg Kuele fir d’Päif geklaut goufen... (B.W. Text vum 24.3. 1926) D’kleng Lokalitéit, déi 6 km vu Réimech an 16 vun der Stad trennen, koum 2010 op 95 Awunner an am Juli 2017 op 109.

Uertsnimm op "-rath" oder "-roth" am Sënn vu "Rodung" si säit der Karolingerzäit dokumentéiert. An där Zäit gouf net nëmme méi landwirtschaftlech Fläch gebraucht mä och Wäert op d‘Schafe vum Bildungswiesen geluet. Ruedt gouf um Enn vum 17. Jh emol als Uertsdeel vun Trënteng bezeechent. Säit dem Mëttelalter waren d‘Seigneurs fonciers vun der aktueller Gemeng d‘Abteie St. Maximain, Mariendall, Mënster a Bouneweg an d‘Seigneurs justiciers d‘Bourschter an duerno d‘Pittinger. De Jean-Baptiste von Wiltheim, den Här vu Stadbriedemes a Roedt, (1633-1707) war Fils vum Eustach, Neveu vum Alexander a Papp vun der Marie-Louise de Wiltheim, der Dame de Waldbredimus. (Geneanet.) Him däerft d‘Riedter Schlasswiss gehéiert hunn. D‘Stridbeck Kaart vu 1717 ‘Luxemburg, Gegend auff 2 Stunde’ weist ‘Trintingen Herrschaft Riedt’ agekreest am Beréng Waldbredimus. - 1848 war den Député-Maire Nicolas Spanier Modell vum Mitock am Dicks sengem ‘Vulleparlament am Gréngewald’. En opschlossräichen Extrait aus dem Memorial betrëfft 1859 der Réimecher Strooss hiren Ausbau: ‘le tracé suit la direction du chemin d'Assel à Rœdt, traverse l'atelier dépendant de la maison du sieur Gœrgen, bourgmestre au dit Rœdt, et s'arrête à l'accotement de l'ancien chemin qui traverse ce village.’

De Gemengewopen baséiert op historesch Fakten: D‘rout Kräiz ënnerëm goldene Pëttener Ankerkräiz erënnert un d‘ewell ernimmten Abteien, an d‘zwee schwaarz Duebel-Zeptren mam fleur de lys Emblème (an X-form) un d‘Famill Wiltheim. (‘LA VOIX‘ 2009.) Riedt hat virun 1803 zur Waldbriedemeser Por gehéiert, spéider zur Trëntenger. Dëser hir vum Ch. Arendt gebaute Por-Kierch war op fir d‘Ëmgéigend an ass klasséiert (grad wéi d‘Uergel aus dem Joer 1878.) Se zielt haut zur Por 'Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas.’ Kandheetserënnerunge beschreiwen d‘al Zäit: ‘Am November si mer dacks owes an de Rousekranz gaangen. All Bouf huet eng Täscheluucht matgeholl, fir sech an den Duerfgaassen erëmzefannen. Eng Stroossebeliichtung gouf et deemools nach net. Mat eise Scheinwerfer hu mer all Eck am Duerf ausgeliicht. An ‘t huet ee missen de Kierchhinnche geroden, soss huet dLuucht näischt gedaacht.’ (Jos Jung) Wahrscheinlech war d‘Weekapell mam ale Weekräiz dunn besser erhalen wéi 2010. (luxchapelles.) - Am klengsten Uert vun der Gemeng Bëschbriedemes, wéi et dacks lokal heescht, si fréier ënnerschiddlech Handwierker opgefall; ‘t gouf do e Schneider, zwee Schouster, (Papp a Jong) zwee Woner, (och Papp a Jong), ee Café an zwee vun néng Baueren hunn och Wäibau bedriwwen. (Fr. Mersch)

D‘Berufsbild vun den zwee lokale Bauerebetriber ass ewell eng Weil an engem Wandel. Een dovu gouf kierzlech als Farm bezeechent. Schof halen ass do eng Zort Fräizäitbeschäftegung. De ‘gewësse Märchenzauber ëm d‘fréiert Schéiferliewen ass verschwonne’… si Wierder vum Batty Weber.) - Zu Ried gëtt sech mat Nostalgie un den Neierse Batty, d’lieweg Zeitung, erënnert an u säi gudde Keller! D’Madame hat Ham, Fierkelsgelli, Kéis- an Zossisschmieren servéiert bis 1966. (Fr. Mersch) Am Summer haten d‘Elteren heirëmmer vill Aarbecht a keng Zäit fir Vakanzen. Mallorca louch fir muunch Kanner zu Munneref. A well Bous e gudde Fussball-Club hat si sonndes (net nëmme Bouwe vun Briedemes mam Vëlo op de Match gefuer! (J.Jung)

Vum Rueden oder ‘Roodtland’ goufen Uerts- a Persounennimm ofgeleed (beispillsweis Rueder, Riedgen, Bëschrued oder Ruedt bei Ell, Simmer an un der Syr.) Di zwou Diechter vum Mechel Rodange kruten am Krich nogeluet hiren Numm a Rod ze äenneren! Ëm d‘Mëtt vum 8. Jh hat d‘haitegt Lëtzebuerg (wéi Mëtteleuropa) ouni menschlecht Awierken iwwer 90% Bësch - haut sinn et ëm 35%. D‘Uleeë vu Siedlungen war meeschtens mat Ofholze verbonnen.

P.S. D‘Wuert Heck bedeit behidden oder ofgrenzen, se bidd klengen Déiere Liewensraum. Fréier sollte nuets dacks Passanten ënnen u Ried ‘an der Holbecht’ eng wäiss Fra gesinn an der Heck sëtzen. Enger Sô erno aus dem decke Gredt-Buch hat se véier Männer zu Päerd um Heemwee erschreckt. D‘Männer hu missen d‘Been unzéie fir d‘Figur mat der grousser wäisser Hauf net ze touschéiren! Mä keen hat de Courage se unzerieden. (E Schmatt, deen s‘emol gesouch ass kuerz drop an d‘Schwächt gefall.) - Riedt, mol mat mol ouni t geschriwwen, hat ëm d’Joer 1900 grad emol 15 bewunnten Haiser mat 85 Awunner. D'Leit waren deemols net esou vun der Auer gedriwwen wéi haut. Mä well do am Dall alles no beienee läit ass de Wee an d‘Grondschoul op Trënteng net wäit a rout Lute mat ‘Ampelmännercher’ steieren de Stroosseverkéier.