Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rippeg

Am Duerfkär vu Rippeg falen e puer imposant Häff op aus der zweeter Halschecht vum 18. Jh., mol ondatéiert mat Barockfassade, mol mat räich encadréierter Entrée vu 1782. Et stoung een do net zréck hanner sengesgläichen aus der Maierei Bech. D’Hausdire gesouchen am Laf vun der Zäit vill Generatiounen aus- an agoen. An déi hunn dozou bäigedroen, dass d’Duerf net just iwwer Joerhonnerten ewäch aus einheimeschem Baumaterial, mä (a Wierder vum Georges Calteux) och aus engem ökologeschen a kulturellen Netzwierk eraus wuesse konnt. Un d’Opriichte vum Meebam zu Rippeg, Bech an Zëtteg erënnert de Professer Hess. Dëse Brauch war ewell virun der franséischer Revolutioun e Symbol vum Liewen a Fréijoer a stoung heefeg de ganze Mount.

Eng éischt Kéier daucht d'Uertschaft op als Repinge(n) a Quelle vum 14. Joerhonnert. De Mantel vun der Geschicht bedeckt do moer a fett Joeren. Ee vun de wéinege bekannten Detailler: zu Rippeg gouf grad wéi zu Zëtteg 1570 eng Kapell ernimmt. Déi aktuell entstoung 1743. Tëschenduerch - an d‘Joer 1630 fällt dem Iechternacher Abt säi Kaf vun der Héichgeriichtsbarkeet vu Bollendorf, zu där ë. a. ‘Bech, Consbrück (Geiershof) und Roswinckel, sowie Zuttig, Colbeth, Altrier und Ruppich’ gezielt hunn. D‘Ferraris-Kaart léisst zu Rippingen an Zettig an de 1770ger en dicht bebauten Duerfkär erkennen. En 1849 am Memorial mentionnéiert 779m laangt erneiert Deelstéck vum Wee Beidweiler-Rippeg weist op besser Konditiounen hi bis op d’gréisser Kräizung Lëtzebuerg-Iechternach a Gréiwemaacher–Dikrech. De Recueil vu legislativen Akten verréit dann 1865 e Subsid vu 400 Frang fir de lokale Schoulbau.

Am Fréijoer 1742, wéi d‘Rippeger Kapell am Bau war, gouf zu Dublin d’Uropféierung vum Händel sengem Oratorium Messiah virbereet. D’relativ bescheide Kapell mat Daachreider an Haastäng-Bordure krut ëm 1900 véier nei Fënstren; déi zwou am Chouer bréngen de Betruechter den Antonius an Nikleschen méi no. D‘Fest vun deem Éischten, hirem Patréiner, ass de 17. Januar. Well dësen heefeg mat engem Schwäin duergestallt gëtt, krut en hei de Bäinumm ‘Schwengstoni’. Zu sengem Attribut, dem Fierkel, nennt d‘Buch Bestiaire d’Ardennes Argumenter: Als Dank fir seng Krankefleg krut den Antoniter-Uerden de 'Privileg vun der fräier Schwengszuucht' an och heefeg Fierkele geschenkt. An hiert Schmalz gouf verwend a Salef. Bei der Antunnjespressessioun koume fréier esouvill Leit hir an den Dall bieden, dass d’Duerf an d’no Ëmgéigend 'Schwengsgronn' gedeeft gouf. De fréiere Brauch d‘Kollekt an e Kuerf mat Weesskäeren ze stiechen däerft grad wéi d‘Kennbackestee haut net méi aktuell sinn… (Haut invitéiert d’lokal Feierwier nom Festgottesdéngscht op e Pättchen.) Dee Baaschtnecher Musée de Piconrue erwähnt di traditionell Stee an nennt nieft Rippeg als ‘héritier d’un patrimoine culinaire’ 12 lëtzebuerger Dierfer mat 'Don et Vente de mâchoires fumées' (beispillsweis Kaalmes, Simmer a Fëlschdref.) Nieft der Kapell steet iwwregens eng expressiv Bronze-Figur vun engem Schwäin vum Mirosch. Dësen ukrainesche Kënschtler hat Enn de 1990ger op der Summerakademie zu Bäerdref Course ginn.

Am Guide vum MNHA iwwer de ’Culte des Saints Protecteurs’ beschreift de J.L. Mousset 1983 e Bénitier vu Rippeg aus Faïence d’Echternach (aus den 1850ger) mam Sauveur an ‘symboles Espoir, Foie et Charité’. (En dozougehéirege Brauch: «la Paysanne aspergait le bétail avant de le mener pour la première fois aux paturages». An dem populäre Gest fir d’Kéi ze seene louch en Uruff no Protectioun.) Een "den braven Bewohnern des Herzogtums Luxemburg und Chiny" gewidmet Buch iwwer ‘Städte, Flecken, Dörfer, Schlösser, Höfe, Mühlen und Flüsse‘ hofft seng Lieser net ze langweilen. (Michel Franz Joseph Müller, 1814.) Et beschreift Allgemenges, ë.a. “Viehzucht in mittelmäsigem Zustande” an “Rindvieh wurde beynahe ebenso stark angespannet als die Pferde.” Neiderdéngs späichert den Internet sachlech Zeile wéi dës: 2006 bestoung eng Suerg ëm d’eegen Drénkwasserreserven. Fir hir Ofsecherung koum d’Décisioun eng Waasserleitung vun Aaltréier op Bech ze leeë, mat neiem Uschloss Aaltréier-Rippeg (Gemengebuet N° 73) Zousätzlech Info: D‘Kläranlag Zëtteg-Hemstel-Rippeg ass 'ausgelegt auf 635 Einwohnergleichwerte'. - E Bléck nach op d’Zuchstreck Lëtzebuerg-Iechternach: si war wéinst Héichtendifferenzen 12 km méi laang wéi d’Loftlinn Stad – Iechternach a mat maximum 40 Stonnekilometer ënnerwee! Um Rippeger Halt vum Charly, um Kilometer 29,863 steet haut en offenen Zillebau mat Raschtplaz an Dëscher.

P.S. Fir d’Duerfbild ofzerënnen en «Zoom» op d‘ëm 200jäereg Eechen um Wee Rippeg-Kinséckerhaff. Si ginn "Chêne tétard" genannt, sollte fir d’lescht (laut Administratioun des Eaux et Forêts) am éischte Weltkrich 'gekäppt' gi fir sech ze revitaliséieren. D’Blieder ware fir 'fourrage ou litière', d.h. Fudder oder Sträes, de Ruddeschnëtt fir d’Kuerfmécher. D’Duerf hat fréier eng Schéiferei an um Grentebierg zanter 1932 eng Propriéteit vun der FNEL mat 'zone pâturage' an 'zone loisirs'. Intressant Photoe vu Scouten-Aktivitéite vun 1935 weist de Site www.diablesmauves.lu. Zu gudder Läscht e puer Remarque ronderëm den Uertsnumm: Den Adjektiv rippig bedeit gerëppt oder ganz dënn, a rippsrapps raiberesch a presséiert. De ‘Rippi spillen’ sollt emol zu Wuermer Synonym si vun ‘den Dabo oder Nar(r)  z'imitéieren. (Engelmann). De Familjennumm Rippiger oder Rippinger désignéiert een deen aus dem Uert staamt. Enger Soo no hat de Bannhidder op der Lauer no Uebstdéif an der Grompersgriècht nuets emol en onheemlecht Erliefnes.