Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rammeldang

E selwerernannte ‘Flaneur’ hat d’Uertschaft emol eng ‘dörfliche Oase’ bezeechent. Fir d’Bëschlandschaft hannendrun huet e geschwäermt an hire Geroch, d’Faarwen a Geräischer an d’Pilz-Kolonien am Moos hat e gär. Rammeldang grenzt un Hueschtert, läit am Oste vum Grengewald nördlech vu Senneng an net wäit vum Findel. 1848, wéi Lëtzebuerg just siwen Uertschafte mam Titel Stad hat, koum et op 323 Awunner. Et war wéi haut d’drëttgréisst Lokalitéit vun der Gemeng. Am Januar 2016 steet et mat 824 Leit hanner Sennengerbierg (m. 1648) an Nidderaanwen (m. 1487) a virun Ueweranven. Mountain biking trails bestinn an dräi Varianten ëm Rammeldang a féiere gréisstendeels duerch de Bësch a Riichtung Buerglënschter.

No Zerstéirungen am 4. a 5. Joerhonnert duerch germanesch Stämm an d‘legendär Hunnen koumen d‘Rhäinfranken eng Zäitchen drop d‘ravagéiert Gebitt lues a lues nees besiedelen. Senning a Rameldingen entstoungen vermutlech op gallo-réimesche Ruinen no fränkescher Art mat germaneschen Nimm. Virun 1½ Joerdausenden war do de grousse Bësch vun Andethana, de Virleefer vum spéider verklengerte Grengewald. (Koltz) Dokumenter aus dem 12. Jh. dréien ëm den 'Haff Anven', dee fréier eng Zort 'Bezierk' war, grad ewéi och den 'Haff Réimech'. D’Duerf huet dovu profitéiert, dass d‘Postkutscheligne Bréissel-Lëtzebuerg -Tréier duerch Nidderaanwen koum. Rammeldang huet zur Urgemeng an St.Péitrus-Por Schëtter gezielt; an eng Laangzäit Filial vun där war Hueschtert. Déi sollt dann 1702 zum Porsetz avançéiere (mat Iernster, Uewer- a Nidderaanwen, Senneng a Rammeldang.) Intressanterweis gouf d’Por Hueschtert an der franséischer Revolutioun zur selbstänneger Gemeng Nidderaanwen erhuewen. (Koltz, I.) Al Kaarten hunn heiandsdo Problemer mat Vokalen, déi mam Titel “Luxemburg, mit der Gegend auff 2 Stunde” vu 1717 weist Remeldingen an d’carte de Ferraris schreift ëm 1778 Rumeldange. (D‘Karthographie u sech war och net einfach. Fir Land ze vermoosse gounge Päerd (am 16. Jh.) mat engem Schrëttzähler um Fouß duer wou d’Hand vum Kartograph se geleet huet!) Tëscht deenen zwou virdru genannten indiquéiert d’grouss Bësch-Kaart vu 1728 ëm Rameldange terre de Hostert, terre de Senning, terre de Munster an de Chemin venant d’Echternach allant à Luxembourg.

D’Buch iwwer d’Geschicht vun eise Bëscher zielt Rammeldang zu den ‘Dorfschaften‘ mat Urechter op bestëmmten Deeler vum Grengewald. Laang Zäit konnten z.B. d’habitants de la Cour d’Anven d’‘vaine pature‘ profitéieren, (d.h. Weed mat wéineg Wäert war ‚Niemandsland‘.)1826 gounge bei enger Stee 2 vun 9 Louse vum Grengewald un de Ch. J. Collart (di aner bloufen iwwreg.) 1834 ass eng Stee ernimmt mat 124 Louse Brennholz an 80.000 Fäschen am Rammeldanger Deel vun eisem gréissten zesummenhängende Bësch. Déi notzungsberechtegt Awunner vum Duerf u sengem Rand kruten d’Virrecht op de Kaf vun de Fäschen zum Präis vun engem Frang pro 100 Steck! (Jos Helbach) De Kadaster ernimmt 1842 dem Här de Redon seng 90,79 ha grouss Parzell “Rammeldinger Kneppchen “(déi op ëm 406 m Héicht läit.) Ënner de Besëtzer vum Grengewald war ë. a. d‘Famill Boch an zwou Generatiounen, (1884 den Antoine-Eugène,) an ee vun den iwwernächste Proprietaire gouf 1911 de Staat.

Rammeldang ass eng vun de Plazen am Ëmkrees vun der Stad (zu deenen d‘allgemeng Fro vum Architekt Alain Linster däerf widderholl ginn: ‘Géif e Bilan vun der Architektur vum leschte Jh. opgestallt, missten dann net och Verloschter berücksichtegt ginn?‘ Hie gehéiert zu deenen, déi ë. a. net frou si wa Blummekiwwelen Bam-Alleeën ersetzen. Rammeldang huet d’Natur nobäi. D‘Explikatioun vum Uertsnumm ass vergläichbar mat där vum Familljennumm Ramel, engem Dérivé vu ram, wat vu rameau kënnt an endroit feuillu, oder boisé bedeit an ewell en ‘nom de domaine’ war. (Ramette ass tselwecht am Klengen, e bosquet oder un der Musel «Hedekraut». (Ramettenzopp ass do «Vermicelleszopp». (Engelmann). Ramulgiis housch 1103 e germaneschen 'domaine de Ramoldus'. (Tosti). Naturverbonnenheet verroden hei Stroossennimm wéi ë.a. Am Beiebierg, Am Bounert, Rue Helenter a Weidewee oder Am Aeppelwee an ‘Op der Aeppeltaart‘. Donieft fënnt een awer och nach en Deel vum Massepad a Riichtung Iernster. - Fir d‘Duerfleit ze zecken goufe se ‘Rammeldanger Biertuten‘ genannt, (well do masseg Molbier, Hambier a Päerdsbier gewuess ass.) De lëtzebuerger Diktionnär hällt hei gebräichlech Ausdréck fest wéi gerous fir grouss, krom fir kromm, Hônt fir Hond, dann Duef fir Duerf a Brautemännchen fir Bräitchemann.

P.S. E Buch erënnert ënner aneren un d‘Hochzäit vun der Maria Susanna Ernsdorff vu Rameldange (*1900) vum 2. Mee 1921 mam Uewerpaller Jacob Theodor Kirpach (*1884) zu Nidderaanwen. [Hie war vun 1903 bis 1910 zu New York a krut ewell 1920 en US Pass.] D’Koppel koum den 10. Juni zu Chicago un. Den Joe Kirpach (Mechanic Automobile Auto repair) a seng ‘Luxembourg-born’ spouse Susan haten 1930 di zwee Jongen Alwin a Raymond. (“The American Aunt“ - Fausto Gardini.) Den 19. Mee 1921 gouf an den USA e Gesetz votéiert dat déi staark Awanderung nom éischte Weltkrich andämme sollt. - Mir sinn mol en Aus- mol en Awanderer-Land, (zu deem senger multikultureller Atmosphär de Flaneur Rainer Holbe ëmmerhinn 30 Joer bäigedroen hat.) D‘Gemeng Nidderaanwen huet eppes iwwer 52 % Lëtzebuerger, zu deene 1630 Fraen a 1536 Männer zielen. (Statistik v. 4.1. 2016.) Si all fannen eng grouss Bus-Offer an donieft d’Navette ‘Charly’ fir 1 Euro pro Course. De ronn 1,6 km laangen CR126A (Hueschtert - Rammeldang) krut 2011 zwee nei Arrêten amenagéiert. Och dat ass e Stéck Liewensqualitéit.