Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Pretten

An den Däller hu sech fréier groussendeels Handwierker, Fouermänner (d.h. d‘charretiers), Händler a Baueren niddergelooss, op den Héichte stoungen heefeg mi nobel Haiser an heiandsdo Fluchtbuergen. Eist Land hat 1900 grad emol 235.954 Awunner a Pretten 1903 ënner sengen 105 e Wiert e Steemetzer, wahrscheinlech e Kuerfmécher an e Wiewer. (Am 14. Jh. ware beispillsweis professionell Wiewstill net einfach esou erlaabt, de Mariendall hat z.B. een an d’Fiels véier.) Bauerebetriber sinn haut keng méi zu Pretten. Den traditionelle Wäschbour gouf iwwerflësseg - mä d’Nimm vu Stackhaiser hu sech gehalen, z.B. a Millen, Pitten oder Bongers. An aus Wäissgiewesch (Weiskewersch) gouf spéider a Pulz: An sou heescht och d’ëmgebauten Haus vum Tricentenaire - dat 2006 no senger Ouverture 12 Residenten betreit huet nom Motto «Faire mieux ensemble intelligemment et dans le bonheur!»… Wou emol Gärtnesch stoung dréit haut de Schoulbus!

En Dokument vum Tréierer Erzbeschof Heinrich vun 960 ernimmt Pretten un der d‘Grenz vun de Poren Ur-Miersch an Ur-Steesel. (Koltz) Dësen hir Grenzligne goung vu Mamer op de Kammwee Bridel-Laaschent, iwwer ‘Pretingen’ an duerch de Schwunnendall bei d’Uelzecht! Een halleft Joerhonnert virdru stoung d‘Maison d’Ardenne mat der Koppel Cunegonde–Wigeric an de Geschichtsbicher. Hire Jéngsten, de Grof Siegfried hat secherlech den Uelzechtdall och heirëmmer erfuerscht. Am Mëttelalter haten d’Seigneure vu Miersch d’juridiction suprême aus der Regioun. Viirzäitleches bleift allerdéngs zimmlech ‘flou’. D’Héichten iwwer der Kléck, d’engste Plaz vum Dall, sollten emol dräi Buergen iwwerwaachen. D‘Luerenzweiler Kasselt weist op Castellum hinn; Lëntgen huet de Buergbierg, d’rue Kasselt an de Wee um Ritterpad! A Prettange-Fléikert hat eng fréimëttelaterlech Wallbuerg. Hiert Ëmfeld bitt haut rare Planze Schutz. Den Musée hat op deem lieudit eng impressionnant fouille clandestine constatéiert an d’Remarque gemat ‘Le moins qu’on puisse dire, dans le coin habitent des gens pas fainéants du tout.’(J. Metzler). Fluchtbuerge waren a Geforen do fir d’Verdeedegong bei Germanen-Afäll - hir Virburg konnt d‘Bevëlkerung ophuelen an d‘Käerburg d’Hären. – ‘Pretingen’ (alen Handschrëften no och Brettingen oder Breting) figuréiert op Landkaarte vun Alexis-Hubert Jaillot vu 1736 a vum Johann Stridbeck II ‘Luxemburg - Gegend auff 2 Stunde Reisens’ vu 1717 (http://luxcentral.com/LuxMaps.html)

Hannert der Stad ass den Uelzechtdall manner zur westlechlecher Säit bebaut wéi zur ëstlecher. Lénks tëscht Steesel a Miersch leien Hënsdref, Pretten a Gousseldeng. Um Prettenerbierg bestoung e galloréimescht Hellegtum. An ënnen an Duerf gouf et en Oratorium mat dräi Statuen, deen an den 1860ger baufälleg war. Temoignagen no koum d‘lokalt konschtvollt Stengekräiz als Gedenksteen vun enger Hausfassade an eng ëm 1987 dofir gebaute Gedenkkapell mat Gieweltiermchen fir d‘al Klack. (Luxchapelles.lu) Hir Aschrëft ass 1746. (Historesch an nostalgesch Erënnerungen erzielt d‘Buch vum Marco Krecké vun 2009.)

Am Joer 1804 goufe Lëntgen, Gousseldeng a Pretten vun der Por Miersch ofgetrennt an eng eege Por. Wéi d‘aner vun der Abtei Sankt Maximin getrennten Dierfer goufen se dem Bistum Metz ënnergeuerdent. Säit Januar 1808 zielt Pretten zu der Lentgener Gemeng. Dem Steeseler Mondaartdichter Willy Goergen (*1867) senger Zeilen aus ‘Mein Dierfchen’ passen och op d’Alentouren… ‘Wou d’Uelzecht sech krömmt an net viru wöllt, Wel d’Gärden an d’Wiese mat Sche’nhét geföllt, Do sin ech gutt Frönd mat all Bam a Pad, Do hun ech méng Kannerspréng gemât.’ Pretten huet och Bongerte, mä wéineg Kéieren am Floss a keng Mille méi, mä «Buergfrënn». Hir Aarbecht dréit ëm d‘traditionellt d’Buergbrenne ‘bei der Bänk’ - begleet vum ale Lidd ëm d‘Prettener Jongen, déi Äppel a Biren heeschen.

Hannert der Lëntgener Uelzecht-Bréck sinn Gousseldeng a Pretten relativ no zesummegeréckelt. Béid leien ofsäits vun der Nordstrooss a vum Tunnel Gousselerbierg. Op d’ronn 370m héich Prettener-Kopp féieren Bëschweeër, d‘rue des forêts vu Goussel, rue de la montagne vu Pretten an d‘montée de la bergerie vu Schëndels. D’Statistique weisen d’Evolutioun vun de lokalen Awunnerzuelen, (1848: 117 Leit/ 1981: 120/ 1991: 143/ 2013: 104 an 2016: 100 an 41 Menagen.) D’Gemengeregestren erfaassen ëm 57% Lëtzebuerger. Fréier sinn eiser Virfueren an- oder ausgewandert. (Haut si Web-Recherchen “looking for help with my line of Schmits that go back to Prettingen/Prettange in the late 1800's. I believe that Wilhelm was married to Mary and they had 14 children.”) Si kennen natierlech dem Rénert seng zweet Beicht net, déi ufänkt ‘Du koume mer no Pretten, An enger Faaschtennuecht, Do hu mer de Paschtouer Dann ëm en Hammel bruecht. Dat gouf eng dichteg Moolzecht, Den Hammel war féng gutt…’

P.S. Pretten hat iwwregens ni e Paschtouer, a wahrscheinlech goufe Muechtdemonstratiounen do (wéi ewell 1444 vu Lëtzebuerg notéiert) duerchkuckt als Fassade… Net-Prettener sote fréier am Schmunzelen ‘Wéi Allerséilen zu Pretten op der Kiirmes’! An ironesch Gousseler hu gemengt ‘d‘Prettener hun d’Kapell ëmgeluecht, fir se ze wäissen, an dun hun se se nët méi opgeriicht.’ – Den Terrain, nodeem d‘Schlass "Preten" bei Lüneburg benannt ass, gëtt als ‘Aushau’ oder ‘Lichtung’ erklärt. - Enger Soo no hat en ale Schéifer vu Pretten d’gefaarte Lëntgener Wierwollefs-mudder ugeschoss mat enger Drootkugel mat Hielännermuerg. D’Suite: duerno goung eng blesséiert eeler Persoun bei den Duerfgeeschtlechen; hir Ceinture aus Wollefshaut (mat der Zauberkraaft) gouf verbrannt an si huet hir Ondote bereit. (Gredt) - Pretten lait 13 km vun der Stad, Pëtten 19 an nërdlech vu Miersch. Hei wéi do däerft den Trend no uewen vum Uebstbam-Bestand am Dall gutt ukommen. Dem Luerentzweiler Gemengebuet no sollt dee sech 2014 op ronn 5250 Beem stabiliséieren.