Proz
Proz ass déi nërdlechst Sektioun vun der Gemeng Préizerdaul an déi zweetgréisst vun hiren Dierfer. Et läit un der Roudbaach tëscht Räichel a Groussbus un der 87 km laanger N12. De Gemengewopen ass inspiréiert vum deem Iewerlenger. D’rout Well an der Mëtt symboliséiert d’Roudbaach. D’blo fleur de lis gëllt als Emblem vum Bieberecher Mariekult an d’dräi Stäeren erënnren un Ieverleng a representéieren d’aner Lokalitéite Platen, Proz a Remmereg) Hei soen se gelegentlech Éischlek fir Éislek. ‘Sprooch-Protzer’ (Bretzerten) déi englesch Wuert-Fatzen an hir Rieden aflechten, gëtt et zimmlech iwweral! Laut Nik Van Werveke ass Pratz vum laténgesche ‘pratum’ ofgeled (d.h.vu Wisendall. Et konkurréiert mat Platen ëm d’gréisst Awunnerzuel, ‘t waren (de 16.6.2016) zu Proz mat 515 genee 4 Leit manner wéi am éischtgenannten registréiert! (1848 louch d’Differenz bei 66 Leit.) D’Klacke vun der zentral geleeëner Bieberecher Kierch laude fir de ganze Préizerdall, hir eelst ass vun 1472.
An de Lëtzebuerger Grofen hiren Urbarien waren am Mëttelalter Déngscht-Leeschtungen an d’Revenuen aus Grond a Buedem agedroen, ë.a. och den "Haff Proz" mat alle Vogteie vum Préizerdaul, déi nit zu Iewerleng, Nojem oder Ell gehéiert hunn. (Déi vum Areler Probst ‘verwaulten‘ Haiser hate keng Fräiheeten, déi vun de Grofschafte ware beschränkt.) 1309 ass d’Prozer Bannmille fir d’éischt erwähnt, am 16. Jh. housch de Prozer Meyer Michel Feller, vun deem d’Aasselbuerer oder Baaschtnecher Famille Meyer ofstamen (R. Fisch) D‘fragmentaresch Lëscht vu Stater Magistraten indiquéiert an de 1520ger e Michel Protzer ouni Detail zur Persoun. (Fr. Lascombes). Aner Geschichtsquellen ernimmen Akte vum Prozer Grondgeriicht am d‘Staatsarchiv an 1638 brutal Kroaten-iwwerfäll. D’zerstéiert Kréimeschhaus, d‘Vogtei vun den Iewerlenger, gouf 1680 erëm opgebaut; aus senge Wänn koume spéider 4 Buergermeeschtren. Am 18. Jh. koum d‘friddlech Habsburger Ära, mam Kadaster d’Steiergleichheet, mam Toleranzedikt d‘Recht op fräi Reliounsausübung - mä och de ‘Klëppelkrich’. (G. Thewes) 1776 war z.B. an „Uedemes“ e Glaser mam Numm Elsensohn an d’deemoleg Ferraris-Kaart zeechent Platen an d’Längt a Proz an d’Breet! Vun den ‘10 Membere vum 1. Gemengerot (vun 1801) houschen der 3 Nik, 3 Michel, 2 Theodor, 1 Jean an 1 Henri. (‘t ware véier Bauere vu Rëmmereg, vu Platen zwee, vu Bieberech een plus en Doléiner. Vun den zwee Prozer Bauere war een och Fierschter.) Well d‘Awunnerzuel am Daul tëscht 1770 an 1820 vu 526 op 850 gewuess war gouf Bieberech eegestänneg Por. Seng nei Schoul krut geschwënn en Hëllefsschoulmeeschter an d'Kierch gouf vergréissert.
1836 koum den ‘Ufaunk’ vum Postbetrib. Dat 1838 gebauten Haus Bour krut zwou Entreesdiren, d’ewell ernimmte Kréimeschhaus sollt verschidde geschichtlech Etappe matmaachen, „Augusten“ mat der Zaldotestatu ass vu 1765. Vill Entreeë kruten en dekorativen “Türsturz“, z.B. en Adler. Hanner den alen Hausnimm wéi z.B. ‘Jooken’ oder ‘Trapen‘ verstoppe sech Geschichten. (Heimat + Mission, 1986) 1842 krut den Daul 4 Mäert an Proz 2 nei Brécken. 1839 goungen d‘éischt Préizerdauler an Amerika. Een dovun erausgepickten ass den Henri Reinberg [Reimberg-Beck] vu Proz. Säi Jong Peter (1858 gebuer zu Lake View, enger Annexe vu Chicago) hat Karrière gemat vum Geméisgärtner zum Rousenziichter [mat ‘about seven acres (2,8 ha) under glass‘ a 25 Aarbechter.] E gouf finalement Landschaftsarchitekt a gëllt als ‘father of the greenbelt encycling the Chicago area, the Forest Preserve District’, haut ‘Camp Reinberg.’ Dozou d’allgemeng gülteg Zeil “I believe the time has arrived when it becomes the duty of the people of this county to perpetuate the names of their pioneers.” (Album of genealogy and biography, Cook County & F. Gardini.) - Zu Lëtzebuerg gouf 1847 d'Staatsstrooss vu Reechel op Groussbus gebaut. D`Dauler Leit krute besser Verbindungen, et goufe ‘Booplazen’ ugebueden an d‘dräi Dierfer sinn zesueme geréckt. 1876 krute Proz a Platen Wäschburen; bis d’vum Botterfaass inspiréiert Wäschmaschinn do war vergoung nach e Véirelsjoerhonnert.
Ënner de ronn 30 Ugestallten aus där 1885 gegrënnten Uewerplatener Duchfabrik hu wahrscheinlech och Prozer Leit hirt Brout verdéngt. Den 1910 emigréierte Joseph Nicholas Trierweiler (*1894) vu Proz koum 1917 an d’amerikanesch Arméi a mat hir zréck als Dolmetscher. En huet spéider mat senger franséischer Fra an hire Kanner am Kansas gelieft. (“Doughboys & Damsels from Luxembourg“ - Fausto Gardini.) En Zäitspronk an d‘1940ger: De 6. Juni 1944 sinn d'Alliéiert Truppen an der Normandie geland. (D’Buch ‘Le jour le plus long’ - de 1451. Dag vun der Okkupatioun - gouf 1962 verfilmt als ‘The longest day’.) Den 11. September, op Kiermesméindig, sinn d‘éischt Amerikaner am Daul passéiert. Den 21. Dezember konnten dem Generol Patton seng Truppen d'Preisen zu Proz stoppen.
P.S. Vun de wichtege Begrëffer mam Buschtaf P, déi jiddereen éiere soll, zielen Patrie, Parents an ‘Praeceptorem‘ (d.h. Professer an Politiker.) Dës al Liewenswäisheet däerft och am franséische Pratz bekannt sinn, dat zum ‘Parc Naturel Régional du Haut-Jura‘ zielt. (Et ass baigné par le soleil, läit op 682m a seng Awunner ginn les ‘Pratziens’ genannt.) Mat dem Wisendall Proz reimt de „Wizard of Oz“, d‘modernd Märchen ëm en imaginären Zauberer aus der grousser Prärie vu Kansas. D’Philharmonie Caecilia Préizerdaul ass méi al wéi d’verfilmte Story mam Judy Garland an d’Melodie iwwer de Reebou, se hat 1948 hiren 100. Anniversaire. Se huet evoluéiert a spillt mat hiren ronn 60 Membren eng kulturell Roll am Dall vun der Roudbaach. D’Lamartine Citatioun “On admire le monde à travers ce qu'on aime” däerft hire Frënn gefalen. Zum franséischen Dichter sengen Ancêtren zielt iwwregens e Seigneur de Villard et de Pratz.