Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Potaschbierg

Um Potaschbierg co-existéieren en archeologesche Site mat Fondatioune vun engem bedeitende Grafmonument aus dem 2. Jh. an eng modern Industriezon. De klenge ‘Viruert’ westlech vu Gréivemaacher zielt 12 Awunner a läit op 264 m Héicht, 126 m iwwer der Musel an säitlech vum lokale Kiischtebierg. Säi relativ speziellen Numm geet op de Potaschhaff zréck. ‘t bestoungen donieft eng Potaschbrennerei an eng Seefefabréck. Iwwer de Potaschbierg féieren d'N 1 an d’étappeweis gebaute 36,2 km laang Tréierer Autobunn. Hir längste Brécken sinn de Viaduc de la haute Syre (400 m), hanner Mäertert de Viaduc du Sernigerbach mat 605 m, an d’1195 m laang Strooss op Stelzen iwwer d’Sauer an iwwer d’Grenz. Viru ‘Podasch’ (wéi ‘t am lëtzebuerger Dictionnär heescht) an nieft der Autobunn steet d’restauréiert ferme "Buchholz". An iwwer d’Autoen ewech féieren zwou an d’Natur integréiert Wëldbrécken.

Beim Erfuersche vum antike Réimesche Grafdenkmal, 1972-’73, goufe 40 Kubikmeter Brochstécker fonnt. Déi bedeitendst goufen un Hand vun 19 Griewer ronderëm datéiert. (Evy Friedrich) D’ëm 130/140 n. Chr. erriichte Monument weist Drauwerelieffer, Szeenen ëm Wäinbau, Wäinhierstellung a Wäikonsum. Dat zum Grafdenkmal zougehéiregt Uwiesen louch wahrscheinlech 500 m weider nërdlech. (Do, stoung op der Ahlkërrech och d’éischt Gréiwemaacher Kierch.) D’iwwer zwee Meter héicht an 13x6 m grousst Monument ëmgëtt eng Anlag vun 84 m². (Äehnlech al Mauerreschter existéieren ë. a. nach zu Altréier.) D’Réimer hate virun 2000 Joer Riewe geplanzt laanscht d’Musel an esou der Regioun e ‘patrimoine de valeur’ hannerlooss! Lascombes-Zeilen bestätegen am Joer 1600 de Franziskaner hir Rechter op e Fudder Wäin vu Gréiwemaacher an Holz aus dem Anvener Bësch. Wichteges aus der Maria Theresien Zäit dréit ëm eng kinnecklech Seefemanufaktur. 1762 krut de Comte de Baillet de Latour erlaabt zu Gréiwemaacher Seef hirzestellen (...à la façon de Marseille et d'Alicante.) 1766 ass d‘Seefefabrik Ritter Wouters dokumentéiert an 1770 der Seefen- a Potaschfabrik Wouters hir Stä. (www.Industrie.lu) D’Ferraris Kaart weist do en Hermitage St. Jean an op hallwer Héicht Kallekiewen. (1792 hat de Goethe am Muselstiedchen beim Waarden op Postpäerd mam Postmeeschter gesproocht.)

Den 9. Oktober 1804 hat dee kuerz drop zum Keeser gekréinte Consul Bonaparte Grevenmacher besicht. Hie war ënnerwee vun Tréier an d’Stad. (Dëser sollt hien dann d’deemolegt Knuedler-Klouschter schenken, well franséisch Autoritéiten d’Stadthaus, d.h. den haitege Palais, konfiskéiert haten.) Phantasievoll Flouernimm um ‘Podasch’ sengem Kadasterurplang heeschen Wënterfeld, Golgrouf, Granzegebur, Intepullerdraf an nieft der Ahlkërrech Napoleonsgaard. D’eelert Promenadebuch vum E. Friedrich proposéiert en Tour vum Weckergronn duerch de Groussebësch laanscht den archéologesche Site um Potaschbierg an d’Plaz vum fréier vill besichte ‘Jardin du roi de Rome’ - dee leider haut eng kreesfërmeg Autobunns-Opfahrt anengt. An deem vum Buergermeeschter fir d’Gebuert vum ‘Aiglon’ (20.3.1811) initiéierte Gaard mam indesche Käschtebaam gouf et dem Jean Welter no Waldfester a Concert’en. Den 1824 verstuerwene Maacher Sänger, de Blannen Theis, veréiwegt e Monument. - Um Gréiwemaacherbierg krut de Guillaume Pescatore 1826 de Bau vun zwee Kallekiewen genehmegt. (Vläicht hat d’no Seefemanufaktur nei Industrien inspiréiert... Duerch d‘Erkenntnes, dass d‘ufangs kosmetesch genotzte Seef propper mécht, gouf d‘Salef aus Planzenäschen an Ueleg vum Luxusobjet zum Masseprodukt.) - Mä zréck bei d‘zimmlech al Kallekindustrie. Aus hirem Branntkallek entstoung mat Waasser Speis oder Kallekfaarw. Ewell 1769 hate Gréiwemaacher Bierger reklaméiert… ‘hiren Damp wär schlecht fir d‘Riewen‘!

‘t fënnt sech wéineg Dokumentatioun iwwer ‘Pottaschbierger’ Leit, mä 1806 gouf um Pottaschhaff, an der ‘Luxemburger-Gasse’ d’Catherine Bové gebuer, an do hate spéider de Paul Schock an d’Anna Rapp gewunnt (1853-1892) an hir Kanner. Den Nicolas Minsbach ass 1883 op där Adress als Chef-cantonnier ernimmt an den Dolomitesteebroch Becker-Govers ‘auf dem Kirschenberg‘ an de Joeren 1889, 1911 an 1916. Aus deene besonnesche Stäng entstoungen Haiser an Drechemaueren, Stroosseschotter an Dünger. Haut läit op Nummer 1 vun der Fluessweiler Strooss de regionalen Atelier vun der Administration de la Gestion de l’Eau. Eng Rei Firmen huet sech an der Industriezon ‘Op der Ahlkërrech’ implantéiert. D’Gréiwemacher Promenade geet vum Fouss vun der 1737 gebaute Kräizkapell biergop laanscht d’ Potaschbierger Haiser, d’Réimermonument, duerch de Bësch Houwald mam Gebrannteberg; se kräizt do de Gäessebreckerwee fir via Schäedergrond a Baambëscherbierg a Riichtung Kräizerbierg zréckzeféieren. De Visitmoselle Circuit Grevenmacher féiert vum Potaschbierg erop op d’Héicht duerch Nidder- an Uewerdonven. De Christian Morgenstern hätt sech hei bestëmmt wuelgefillt, hie sot nämlech ‘‘Gedanken wollen oft - wie Kinder und Hunde - dass man mit ihnen im Freien spazieren geht.’’

P.S. Spezialiste verroden dass Podaschkesselen extradeck Eisebiedem hunn a Podasch zu Consdref Padasch heescht. D’franséischt potasse nennen d’Englänner pot ash. De Begrëff ass d‘Ofkierzung vu sel de potasse, dem sougenannte Kalisalz, dat nieft enger industrieller Verwendung am Liefkuch d‘Roll vu Bakpolver iwwerhëllt. - Am Buch ‘Gréiwemaacher mein Gemeen’ (vum Auteurenteam Hermes, Krier, Weber) figuréiert den Georgely mat der Lantermajik als Guide. Hie verréit beispillsweis, dass virun 1814 an Zäite vum département des forêts 17 Gemengen dëssäit an déisäit vu Musel a Sauer Deel vum Kanton Gréiwemaacher waren - an en erënnert drun, dass de Grof Baillet de la Tour 1763 Baustäng a Kallek per Schëff op Köln transportéiert hat! E weist och op d‘Seelbunn hinn, déi 1908 Material vum Steebroch an der Kelsbaach op d‘Gare an iwwer d‘Musel ewech bei d‘Wellener Kallekwierk bruecht huet. Last but not least invitéiert d‘südëstlech Säit vum Potaschbierg haut an een herrlecht 75 ha grousst Naturschutzgebitt mat enger Billerbuchlandschaft.