Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Pommerlach

D’Pommerlach läit am Kanton Wolz op 455 m Héicht. ‘t ass een Uert vun den aacht aus der Gemeng Wanseler. Wéi ‘t am Joer 2006 op l09 Awunner koum hat d’ganz Gemeng der 1085. D’N15 verbënd et mat Ettelbréck an Donkels an fënnt do Uschloss un d’belsch N84. Engem Geschichtsfuerscher-Begrëff no huet d‘Pommerlach keng „Ancienneté très reculée“. D‘Carte de Ferraris weist do e Flouer, Bëscher an d‘Dierfer ‘Wieseler‘ an Berl. ‘t ass net am Engelmann sengem Dictionair ernimmt. Mä 1907 huet d‘Hansen Kaart do e puer Haiser opweises. D‘Distanz zum Bréisseler Airport ass do 190 km, bei de Klierfer Golf Club 14,6 an op Léifreg 6,3 km. Aktuell Buslignen fueren an 12. Minutten op d‘Wolzer Gare oder an de Lycée du Nord! Den Taxi bréngt een a 47 Minutten an d’Stad!

D’Pommerlach zielt mat der Schleef zur Gemeng hiren zwee jéngste Siedlungsgebidder. ‘t hat 2001 grad emol 48 Awunner an 2020 dann 133. D’Ursaach fir d’Niederloossung vun uertsfrieme Familien op dem fréier onbewunnte Flouer Pommerloch ass onbekannt. D’rapid Wuesse vun der d’Landbevölkerung an déi deemoleg wirtschaftlech Nout kéinnten d’Erklärung sinn. (D’kleng Uertschaft Schleef) verdankt hirt Entstoen dem Bau vun der Eisebunn.) Attraktiv fir d’Géigend war ëm 1840 de Bau vun enger neier Strooss, d’ewell ernimmten häiteg N15 ënner dem Roi-Grand-Duc Guillaume II. Ob hien emol an d’Ëmgéigend koum ass net gewosst, mä wichteg war dass hien dem Land seng éischt parlamentaresch Verfaasung gouf. - Ëm 1880 war d’Besiedlung vum Pommerlach vollzunn. D’Berufer vun néng do registréierte Familien waren 1885 e Wiert, e Schouster, dräi Doléiner a véier Biesembënner. Fir dëst traditionellt Duerfhandwierk ware grad wéi bei der Kuerfmécherei geschéckt Hänn erfuerdert. Hir Wuer hu béid als ‘Gängeler’ d.h. Hauséierer. (F. Lorang) verkaaft. (‘t housch fréier iwregens ‘nei Bieseme kiere gutt mä aler fannen d’Ecke besser!’ ) Gutt 100 Joer spéider, 1987, ernimmt dTelefonsbuch ënner Pommerlach 21 Nimm. D’aktuell Stroossennimm heeschen Berlerstrooss, An der Gaass, Bastnicherstrooss, Am Lach, Wohlber an Duerfstrooss! An dëser ass een nom alen Trentelhaff benannte Busarrêt.

D’Pommerlach war wéi Nouthem laang Deel vun der Poor Berlé, an domat ënnerem Schutz vum hl. Blasius. Haut zielt et zur Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul. ‘t ass iwwer d’Grenz eraus bekannt wéins sengem grousse ‘centre commercial’ deen nieft Lëtzebuerger och vill Frontalier’en unzitt! Mä ‘t gouf och fréier do vill Traffic. Zeitungsartikelen aus dem J.P. Müller senger Sammlung erënneren un eeler Virfäll. ‘De 16. Januar 1934 koum nomëttes op der glater Strooss am Pommerlach e Bréisseler Auto mat siwe Persounen un d’Schleideren. Eng dovun ass beim Zesummestouss mat engem Poteau vun der elektrescher Iwwerlandleitung duerch d’hënnescht Fënschter an d’Wiss geflunn ...an d’gebrachend Steierrad huet de Chauffeur uerg blesséiert. Den 2. Juni 1937 geschouch do en Accident mat véier belsche Motocyclisten. Owes um 6 Auer ass do den Zweeten deem éischten ‘in rasendem Tempo’ an d’Flank gerannt a gefall. Di zwee hannendru konnten net auswäichen. (Dem Schwéierverwonnte koum dann e Passant, e belsche Curé, zu Hëllef.) - An d‘Kapitel Krich? Nom 10. Mee 1940 goufen d‘Lëtzebuerger an hirem eegene Land erstéckt. Mat 5 Joer Angscht, Ernidregung, Diktatur a Leed haten s‘eng Erausfuerderung wéi ni virdrun. Den 10. September 1944 housch et d‘Amerikaner koumen lo grad ‚um Schumann‘ un mat Maschinepistoulen an däischterer Kuck. Wéi s‘erkannt hunn dass keng Gefor bestoung hu se Schokela, Knätschgummi an Béchsen mat ‚meat and beans‘ verdeelt. De 4. Oktober goufen dann d‘Reichsmarken géingt d‘am Opdrag vun der Regierung an Amerika neigedréckten Lëtzebuerger Geld getosch. Mä d‘Rou war vu kuerzer Dauer! Den 9. Januar 1945 hunn (bei 20 cm Schnéi) an der Rundstett-Offensive ‚d‘Stuermwellen vun der 90. US Divisioun owes Berlé a Pommerlach besat.‘(Melchers). ‘In the unborn morning‘ hu sech bei der Konterattaque fir béid Dierfer zréckzewannen zwee amerikanesch Zaldoten versprach sech nom Krich zu New Orleans ze treffen (...mä se hunn net iwwerlieft!) Dem Generol Patton seng Hoffnung d‘‘Bastogne operation‘ wär den 11.01. fäerdeg gouf enttäuscht. No där definitiver Liberatioun vum 21. Januar foung d‘Rekonstruktioun un (heescht et am Buch ‘Ziel äis nach aus dem Krich‘ vum Roger Reckinger.)

Verbreederungsaarbechte vun der Staatsstrooss Baschtnech-Woltz koumen 1947. Tselwecht Joer war no bei Pommerlach Feier an engem Dännebësch, woubäi nach verdeckte Munitioun explodéiert ass. Ëm 30 Joer duerno entstoung do d’Basis vum riesegen Akaafszentrum, deen als «le Knauf Shopping Pommerloch» och Clientèle aus der Belsch unzitt. No 1976 gouf den Numm Knauf laanscht d‘N15 e Begrëff. Dëse Site ass fir d’Gemeng eng gutt Source de Revenu, e gouf emol ‘le filon de vie de la commune’ genannt. - Ufangs September 2020 sinn d’Leit do allerdéngs erschreckt: Samschtesowes gouf do e Geldautomat gesprengt.

P.S. Intressant sinn nach Remarquen zum Uertsnumm. Virum Wiener Kongress bestoung en norddäitscht Herzogtum Pommern, (Poméranie op franséisch.) D’Pommerland ernimmt e Kannerlidd. Eng Pommer housch e mëttelalterlecht Holzblosinstrument. La Pomarède heescht eng kleng franséisch Gemeng am Département Lot. D’laténgescht ‘Poma‘ bedeit Apel an pommeraie ‚un champ planté de pommiers‘. D‘réimesch ‘Göttin der Baumfrüchte‘ ass d‘Pomona. An ‚Lach‘ bedeit an Uertsnimm Fiichtgebitt. Ass keng genée Erklärung ze fannen bleift nach d’Victor Hugo Zitat «dass sech am Onbekannten heiandsdo d’Gléck verstoppt»!