Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Pärel

Eiser Landkaart hir gréisst West-Ost Breed läit mat 57km tëschent Pärel a Rouspert. 1905 hat dat éischt 820 Awunner an am Hierscht no 110 Joer louch hire Chiffer bei 789 Leit… Et gouf där neigeschafener Rammerecher Gemeng hire gréissten Uert a war selwer bis 1979 eegestänneg mat de Sectioune Wolwen, Uewer-Maartel a Rombech. Duerch d‘Exploitatioun vun den Ardoisièren hat d‘fréier Gemeng Pärel ëm 1900 den 2. Rang an eisem industrielle Secteur. Et krut ewell virdrun eng Gare un der Zuchstreck Näerden Maartel-Rombech, (1890), eng Gendarmeriestatioun (1895) an e relais postal mat Spuerkees (1900). Mä säi Postbureau gouf 1914 béiss iwwerrascht wéi den 9.8. en däitsche Leutnant Telefonen- an Telegraphen demoléiere koum, se kéinnte soss dem Feind nëtzlech sinn. Tselwecht geschouch och a Privathaiser vum lokale Réseau. (Léon Bodé) - Bei klorem Wieder reecht d‘Vue vu Pärel op eng splendide Landschaft iwwer d‘Areler Knippchen eraus. Dëser hir 1240 Fouss héich ‘Butte‘ coifféiert eng Kapuziner-Kierch. (Si an hirt Klouschter hate Patren 1626 op eng Schlassruin gebaut. Zaldote sollten s’a Geforen als Aussiichtstuerm benotzen.)

D’Duerf war 1309 als Perlar agedroen. A fréieren Zäite stoungen heirëmmer wahrscheinlech vereenzelt kleng Kelten-Dierfer aus Holz an op den Héichte Wuechttierm. Soulaang wéi Lëtzebuerg eng Grofschaft an en Duché war huet Perlé zur prévoté de Martelange gezielt. Seng Kinnecksmillen huet keng opfälleg Spueren hannerlooss, se gouf awer 1848 vun 9 Leit bewunnt! D‘19. Joerhonnert hat hei zimmlech alles duerchernee gerëselt: ‘t war 1808 eng "agence" mat der Sectioun Parrt oder Parette ginn. Et krut 1823 ënner der hollännescher Administratioun d’Sectioun Houlz bäi. D‘nei Grenzligne sollt dann 1839 brutal trennen wat e Millénaire laang e Ganzt war! Säit dem Londoner Vertrag indiquéieren 800 Meter vun der Chaussée Arel-Baaschtnech d’Grenzmaark 159 an e Schëld déi nei Limite. Ee Bericht verréit, dass Perlé eigentlech bei d’Belsch komme sollt a Guirsch bei Lëtzebuerg, mä dem leschte säi Baron wollt et anescht! Verschidden Häre sollte sech besser Geschäftsperspektiven an der Belsch erwaarde wéi am klenge Grand-Duché… D’Suite: d’Päreler Leit an hir Domestique kruten erlaabt d’Weeër déisäit der Grenz ouni Pass ze benotze fir hir ‘bois communaux’ an’ propriétés particulières’ z’exploitéieren oder de Passage vu Béischten an ënner anerem Gromperen z’erliichteren! (Jos Goergen, ‘Grenzmaarken‘) Munnch Betraffenem sollt d’nei Realitéit virkomme wéi eng geplatzte Seefeblos.

Eiser drëtter Landesdeelung hir gezackte Grenzligne koum deels duerch friem Commissairen, déi romanesch a germanesch Dialekter knapps ënnerscheede konnten. Haut stinn nach oder nees zweesproocheg Stroosseschëlder am Arelerland. Dokumentaresch gutt erfaasst sinn d‘Leekëpperten an d’lokal Leekaulen. (www.industrie.lu/schiefergrouwen) Hirer Besëtzer ware beispillsweis de Jos. Cahen, (seng Päreler Grouf hat Téléphonsnummer 12) d’Bridder Rother, an ë.a. den Notaire Brassel. Hir Adressen houschen ë.a. Bourgwee, Bourgkaul a Juchemskaul. Publicitéit fir Produkter aus der ‘Grouf Weyland’ waren z.B. Spullsteng, Fënschtertabletten oder Dëschplacken. (LW: 8.6.1878) – D’Forêt d’Anlier‘ den noen Habeger Bësch, hat emol dem Valérien de Busleyden, engem vun den Uespelter Schlasshäre gehéiert - a spéider, bis 1952 dem Etat belge. Fir d‘Awunner vun 18 Nopeschgemenge bestounge laang do d’ural droits d’usage - deen ë.a. e Recht op bois de chauffage, au bois de construction, au panage et au pâturage betraff huet… En Detail, zu deem de Soupçon vum Marcel Aymé passt, e Bësch wär «un peu du paradis perdu.»

Déi 1804 ofgerappte Kierch vum Päreler Kierfech huet e barocke Scholtus-Altor hannerlooss. Säin Ënnerbau verréit den Datum vu sengem Weih vu 1769. E koum an den Neibau op der Plaz vun der Hubertus Kapell, déi finalement 1860 laut Plang vum Architekt Arendt en neie Chouer an Tuerm am romanesche Stil krut (a kuerz drop bannen en neogotesche Finissage.) Déi zwou eeler Klacken hunn 1976 véier neier ersat – an eng prächteg Oberlinger Päifenuergel krut zwee Joer drop d’Plaz vun där aler! D’15 impressionnant Fëstere vun 1990 verbanne figurativ Elementer vun engem Liewensbam. Se sinn d’Wierk vum russesche Kënschtler Vassili Gan, deen och d'Kiercheportal aus Eechenholz entworf hat. Ikone-Motiver (mam Thema Chrëschtdag an Ouschteren (signéiert Scheer-Guelff) an d’Wagner-Ikone mam Weltenherrscher, den Evangelisten an Apostelen stelle rar ”Kultbiller” duer. - Bei der Kierch erënnert säit 1998 e Monument un d’Affer vum 12. Juli 1944. Deemols waren iwwer Pärel zwou ‘Fying Fortresses’, zwee B-17 Bomber, zesummegestouss. (Bilan: vun 20 hu just 2 iwwerlieft.) Een Drama vu ville mat enger ‘dimension désastreuse que l’Histoire était en train d’écrire en lettres de feu et de sang.’ (Emile Hemmen) (Nobäi steet dee lokalhistoreschen hinnen dédiéierten 385th Bomb Group Memorial Museum. Den 9.11.44 wollt hei dann e bei Saarbrécken getraffene Flieger op engem vun Alliéierte befreite Gebitt noutlanden. D’Mannschaft koum mam Fallschirm eraus mä den dapere Pilot leider net.

P.S. Een Nokomme vun Päreler Leit, vun Amerika-Awanderer aus dem 19. Jh., den Dr. David Perrot aus Salinas (Kalifornien) ass Vizepräsident vun der “Luxemburg American Cultural Society’ an hält um Lien zur Vergaangenheet fest. De Passé vun Neuperlé, Neipärel, ass einfach resuméieren: et zielt mat sengen 3 Haiser zur Gemeng Maartel (‘t hat am 2. Weltkrich e centre de résistance an en abri net wäit vun der Borne 159. Haut huet et 4 ‘Pistes de ski de fond’ mat maximaler-Héicht vu-495m. - Ob Summer oder Wanter, ‘Dat harmonescht Niewteneen vun Natur an Zivilisatioun mecht d’Schéinheet vum Gesamtbild aus‘. (Adrien Ries) Den apaarten Uertsnumm ëmgi Geheimnësser - an d’Pärel am Wope symboliséiert e Juwel. Den Adjectif ‘perlé’ bedeit mol ‘orné de perles’, mol ‘aux qualités de perfection’. A prehistoresche Griewer goufe Pärele fonnt; vläicht haten d’Réimer hei d’keltesch Glaskonscht verdrängt? Beim Schiller reimt “Leicht verschwindet der Taten Spur” mat “die Zeit ist eine blühende Flur.” D‘Toponymie definéiert ‘perlé’ iwwregens och als lieu pierreux -an den Engelmann-Diktionnär iwwersetzt Perlmutt mat ‘Pèrlemott’.