Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerdonven

Uewerdonven läit iwwer der Musel an engem liichte ‘Westhank mat Pente zum Dall’. D’Donverbaach huet op 9,4 km e Gefäll vun 173 Meter opweises a beim Gëllendëmpel e klenge Waasserfall. No deem neie Gesetz vun 1964 goufen d’ ‘remembrements viticoles et larboricoles’ entaméiert. Engem Dokument no koum d’Zesummeleeung vu Wangerten zu Uewer- an Nidderdonven a Meechtem tëscht 1970 an 1996. D’offiziell Zeilen ernimmen d’Aarbecht vum Archivist vum Gouvernement Pierre Ruppert: Säin ëm 1911 publizéiert Uerts-Verzeechnes vum Herzogtum Lëtzebuerg staamt vun 1777 aus der Zäit ir d’Gemenge bestoungen! Dës konnte sech dann op d‘al Por- an Zivilstandsregestere baséieren, déi d‘Geeschtlech an hire Pore geféiert haten. Nodreeglech gekuckt ware si wichteg lokal Geschichts-Schreiwer. Vum Joer 1800 un hunn d’Gemengebicher vu Fluessweiler d’Uewerdonwer Puppelcher agedroen. D’total Awunnerzuel vum Duerf louch 2014 bei 190 Persounen.

Op d’keltesch Origine vun Uewerdonven weisen e puer Grafhiwwelen aus der Hallstatt-Period (750 - 450 v. Chr.) am Donvener Bësch hinn. Am Joer 929 huet de Karl Martell der Tréierer Abtei Sankt Maximäin den Haff Uewerdonwen geschenkt, ënner der Konditioun, datt d'Abtei sech misst ëm den Ënnerhalt vun der Kapell këmmeren. Aner Quellen ernimmen en Don vu Gidder vun DUNDENA oder DUNDEBA vum Megingaud un d'selwecht Adress. Et bestoung laang keen Ënnerscheed zwëschen dem Nidder- an Uewerduerf. 1284 si se dann als Nidder-an Uewerdonven separat dokumentéiert. 1330 gëllt dat Iewescht als Filial vun der Por Nidderdonven. (Ëm 1440 krut d’héichgeleeë d’kleng Filial eng Klack an ronn 200 Joer duerno hat se 9 Haushalten, déi d’Suite vum Dressegjäerege Krich net iwwerliewe sollten. D’Opliewe vun där 1648 ausgestuerwer Plaz temoignéiere stenge Maarken um 1694 nei ofgegrenzten ‘Oberdonfener Bann’... (an d’Unerkennen vum Abt vu St. Maximin als Grond- a Lehnshär iwwer Duerf, Bann a Bezierk.) D’Detailler aus dem kommunalen Aperçu historique berouen op eege Quellen a Recherchen aus (dem Landes- a Bistums Archiv. Déi Online presentéiert Ferrariskaart (1770ger) weist ënner 11 rouden Diech 2 gréisserer an L-Form an d’mat w geschriwwend Duerf méi no bei ‘Machtumb’ wéi bei Nidderdonven.

D‘spéitmëttelalterlech ewell ernimmten 130 kg schwéier Uewerdonvener Klack vun ëm 1440 veréiwegt den Engelsgrouß a gotesche Minuskelen AVE – MARIA – GRACIA – PLENA. S’ass eng vun den eelsten vum Land a laut nach all Dag. E Klackentuerm ass deemools net ernimmt - mä 1570 gouf dann d’Kapell zu Oberdunffen beschriwwen. A schonn 1539 hat den Duerfgeeschtlechen Hantzmann gestridde fir d’Entschiedegung vun tradionelle Massen ("wie vor alters her alle 14 Tage und an den zwei Kirmestagen.") E krut fir d'Kiermes dann dräi an all aner Geeschtlech zwee Steiwer zougesot.) - Den hellegen Zelsi gouf 1738 hei nieft dem hl. Gangolf genannt am Rapport mat enger Mass. (E. Donckel.) D‘Buch Bestiaire d’Ardenne vum Musée en Piconrue vu Baaschtnech kommentéiert d‘Photo vum Uewerdonvener Zelsi-Dag 2006 ‘les traits folkloriques ont souvent des liens particuliers avec la vie d’un saint.’ - Déi 1874 gebauten haiteg Kapell gouf ënner dem Här Jang Sax gebaut. An hirem Chouer falen e spéitgotescht Sakramentshais’chen op dat wahrscheinlech aus der Virgängerin staamt, zwou Fënstre vun 1907 (signéiert W. H. Jansen), véier neier an en niddregen Altor. Daacherneierung vum Kierchtuerm hat 1994 ronn 400.000 Frang kascht. D’Rousekranzkinnigin an der Fassad iwwer der schéiner erausgebauter Entrée gouf 2009 restauréiert.

D’Duerf mam ländleche Charakter hat 1969 véierzeng Parzelle mat Riewen. D’haiteg Wënzer hu Wangerten an Nopesch-Lagen. Hir Betriber hate sech an den 1980ger un d’Genossenschaftskellerei vu Gréiwemaacher ugeschloss. (Den intressante Kantonshaaptuert hat deemools de Plang fir d’Foussgängerzon stodéiert.) Wéi Uewerdonven op 103 Einwohner koum, a säi Pompiersveräin 1986 säi 75. Anniversaire hat, goufen "D‘Frënn vun der Donwer Geschicht" gegrëndt. Si hunn entretemps dräi Bänn iwwer d’Duerfgeschicht publizéiert. Si hunn e Faibel fir Hausnimm, beliichten un Hand vun Dokumenter d’historesch Duerf-Entwécklung, de Wäinbau an d’Brennereien. S’observéieren d’Schwanke vun Awunnerzuelen (1900 > 146 Leit, 1950 > 91) an d’zimmlech ënnerschiddlech Berufer: ‘t goufen do emol 49 Baueren, 15 Aarbechter, 1 Néidësch, 1 Gäertner, 1 Schräiner, 1 Fierschter, 2 Léiererinnen, 1 Beamten, 2 Cafébesëtzer, 1 Busfuerer, 1 ‘Krämerin’(eng Madame mat Épicerie) an 1 Elektriker (a just 15 Kanner.) (Flaxweiler.lu) D’Populatioun vum Bauere-, Wënzer- an Handwierkerduerf huet sech no an no ëmstrukturéiert, ë.a. goung d’Zuel vun de Beamten erop. De lokale Wanderveräin zielt ëm 100 Membren, déi gelegentleche Wiederlaune mat Geloossenheet begéinen.

P.S. Al Regesteren haten d‘Uertschaft westlech vum Eechebierg a Meechtem an nërdlech vun Nidderdonven an Ohn einfach Dun oder Don (d. h. Anhöhe, Hügel oder Berg) benannt. Wéi 1845 d‘Kanner an der éischter richteger Duerfschoul soutze war an der Geographie wahrscheinlech d’‘Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten’ en Thema, well och Familljen aus hirer Noperschaft an Amerika goungen. D‘Duerfchronik weist am Summer 1866 op d‘Cholera-Affer hinn (an zwee Méint goung d’Bevëlkerung ëm 8,4 % erof.) Wéi Lëtzebuerg duerno Member vum däitschen Zollveräin gouf, huet den Handel (ë.a. mat Wäin, Weess a Véih) Wuelstand bruecht. Zu Uewerdonven hu grouss stattlech Bauerenhaiser di kleng Eeler ersat. Aus hirem Milieu kënnt de léiwe lokalen Ausdrock “d’Päerd wore verschnellt fir heem ze kommen“ (d.h. se ware presséiert - si hunn de Stall gespiert…) Wat d’Päerd emol beim internationale Westernreitturnéier op der Anlag vun der Famill Molitor gespiert hunn hu si net verroden. Et kéinnt awer en Thema sinn fir e Kanner-Aufsatz.