Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Noutem

D'Bild vun Noutem dominéiert de Waassertuerm op der Knupp, ‘t verdeele sech awer och Haiser an der Driicht an op den Hiwwelen. Säin Duerfkär rouht an enger Kaul ronderëm d'Kierch, 5km vu Wolz. Bis 1979 war d’Duerf an der Gemeng Mecher, mä nodeem dës an d'Hareler fusionéiert hunn, heesche si Stauséigemeng. D’Kanner ginn an d’regional Schoul op Harel, déi en intercommunale Syndicat exploitéiert. (An hir begéine si d’Primärschüler aus de Gemenge Bauschelt a Wanseler.) Am Summer 2012 hat d’Duerf 256 Awunner, an Harel am Vergläich 480 an Tarchamps 300. (An 1848 louch seng Populatioun bei 135 Leit.) Ob haut nach ee weess, wat den Ausdrock ‘noute-neleg‘ bedeit - dee gläich hanner Noutem am ale lëtzebuerger Dictionnär steet? (En ass d’Iwwersetzung vu knapp oder kaum.)

D‘Endung um daucht op bei Uertsnimm vu grousse fränkesche Siedlungen; s‘ass eng Entwécklung aus dem nidderdäitschen "hēm" fir "Heim" an Duerf. Not weist op germanesch Persounenimm Nodo an Noto hinn, kléngt vaguement wéi den elsässeschen Toponym Nöthen,(d.h."marécage") oder d’belscht Nothelier (fir noyer.) (J.Tosti). Gewosst ass, dass Noutem am 17. an 18. Joerhonnert dem Seigneur vu Wolz gehéiert huet an Deel war vun der Por Kauneref. ‘t hat deemols tëscht 6 an 12 Haiser. Wéi am Duerf 1857 dann 22 Famillje gewunnt hunn wollten d'Noutemer eng Schoul opriichten. Dës stoung genee vun 1862 bis 1970 a gouf wéinst Schülermangel (d.h. bei nëmmen nach 5) zougemat an als Wunnhaus amenagéiert. D‘Kanner léieren haut, wéi ewell bemierkt, zu Harel an der Regionalschoul Uewersauer schreiwen a rechnen. Se kënnen do och Beie-Völker observéieren, niewebäi Insektenhoteller bauen a planzen am November “fir méi Biodiversitéit" Hecken a Beem. Fréier war hei munches anescht, ënner anerem och d’Stroossennetz.. Den 30. Abrëll 1901 hat z.B. en Arrêté grand-ducal ‘d’utilité des travaux d'achèvement’ vun der Stroosseverbindung Noutem - Wolzer Uewerstad unerkannt. (D’Strooss Nothum - Wolzer Gare gouf ewell aacht Joer virdru genehmegt!) Wolz hat säit 1881 eng Gare a säit Juli 1839 ee vun 10 Postbüren aus dem Land.

Historesch Por-Dokumenter haten 1580 zu Noutem d'Veréierung vum Albin an Celsus ernimmt. 1680 huet de Jean-Antoine Blavier, de "Coadjuteur" vu Léck, dësen zwee Hellegen d’Noutemer Kierch geweit. Säit 1802 zielt d'Duerf zur Por Bärel, an haut mat hir zum Porverband Wolz - Kiischpelt. Den Altor aus dem Joer 1707 an zwou Statue vun de Patréiner sinn d’Häerzstéck vun der aktueller Duerfkierch. Hir Virgängerin war no den Napoléonesche Kricher deels zerstéiert a gouf 1843 frësch opgebaut. D‘Fënster iwwer der Entrée ass vum Wilhelm de Graaff vun ëm 1955, hir Christusfigur ëmginn Evangelistesymboler; déi aner si gläichal mä onsignéiert. Eng Notiz vum Service des sites et monuments beschreift d‘Restauratioun vum maître-autel aus der Chapelle de Nothum 2001 esou: ‘Le retable en bois apparent a été rehaussé par quelques dorures à la feuille.’ Aarbechte wéi dës, mä och privat Renovatioune sinn ëmmer nees en Défi fir d‘Uertschaften, se valoriséieren d‘Schéinheet an hellefen Deeler vun eiser Geschicht nei entdecken!

Bicher iwwer eise Patrimoine si fir muuncher ‘dekoratif Elementer‘, mä fir Geschichtsfrënn e «must». Dëst sinn och d‘Monumenter! 500m nordwestlech vun Noutem erënnert säit dem 50. Anniversaire vun eiser Liberatioun vum Schumannseck e ‘Liberation Memorial’ un d‘alliéiert Truppen an ‘all soldiers killed in this forest‘. (Säin Entworf ass vum Fernand Zens, finanzéiert gouf en duerch Spenden.) E kaum bekannten Detail vum 19. Dezember 1944 beriicht wéi d‘aus hiren Haiser verdriwwe Wolzer Leit a Richtung Bavigne goungen, mä ënnerwee zréckgescheckt goufen. Iwwerall an allenenne ware Geforen. Net wäit vum Haus Schumann huet dann en Amerikaner d’Leit op franséisch ugeschwat an se bei ëm 20 veriirte GIs geféiert, déi op Baaschtnech sollten. Iwwerëm gemeinsame Kaarte-Studium gouf ee vun de Lëtzebuerger dem Leutnant de Rot sech duerch de Bësch laanscht d’Eisebunnsligne Wolz-Baaschtnech duerchzeschloen. D‘Äentwert war O.K., ‘Thank you‘ an d’GIs si verschwonnen. (Temoignage A.Steiner, Wolz.) An der 2. Phase vun der Ardennerschluecht, den 30. Dezember, war bei där selwechter Kräizung d‘26. US Infanterie-Divisioun konfrontéiert mat der 9. Volksgrenadierdivision. Erbattert Kämpf hunn Dausende vun hinnen ëmbruet. D‘ëmgedeefte ‘Monshuman‘-Haus gouf ageholl, mä donieft an ëm Noutem „erstarrte die Front zu einem Stellungskrieg“ (zwou Woche laang, deels bei 20cm Schnéi a minus 6.)“It was not a very good New Year’s Day for uns“… (Dr. A.R. Sellen, Buch Colonel Melchers). Wolz gouf den 21. Januar 1945 liberéiert.

P.S. Um Schumannseck kräize sech d‘Nationalstroossen N15 an N26. Haut geet déi zweetgenannten allerdéngs duerch eng Ënnerféierung. Beim 60. Joeresdag vun der Liberatioun gouf donieft de 2,8 km laange ‘Sentier du Souvenir‘ inauguréiert. E Bléck an d’21. Jh. fällt hei op den 2007 kreéierten europäesche Prix Eden! Dësen zeechent Plazen aus, déi ë.a. en ekonomesch viablen Tourismus ubidden. Den Naturpark Uewersauer krut mam Lac, de géie Bëscher a fruuchtbaren Héichplateau‘en dëse Präis 2010. Seng Strategie Tourismus, Kultur an Ëmweltschutz ze verbannen huet iwwerzeegt. D’Landschaft ëm Noutem charakteriséiert e Mosaik vu Felder - an der lokaler Fauna hire Räichtem gëtt gelueft. Den Eden Präis (deen och ewell d’belscht Durbuy krut) ass e symbolescht “Umarmen der ganzen Natur“. (En erlaabt wéi d’Schiller-Zitat a Gedanken“jede Blume und jedes entlegene Gestirn an den Busen zu drücken!“) – D‘9km laang ‘Noutemerbaach’ entspréngt net hei mä am Réidener Kanton bei Holz; se leeft laanscht d‘Gossemaark 149 gutt 6km duerch d‘Arelerland op Nothomb an duerno virun Nidderkolpech an d’Atert. (1839 blouf ‘Noutem‘ nach véier Joer bei Lëtzebuerg a koum duerno zur Belsch.)