Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nouspelt

D'Aulebäckerei ass 1458 dokumentéiert mam Johann de Nospelt, fils des Gruegers, mä ‘t gouf dee Beruf scho laang virdrun. Aus kallekhaltegem Leembuedem entstoungen do säit dem Mëttelalter Zillen an spéider Iessgeschir, z.B. Zoppekëmp mat Léiwen- oder Engelskäpp als Grëff oder typesch’Puerdëppen’..(d.h. zwee mat engem Holzdeckel an engem Grëff fir d’Iessen op d’Feld ze bréngen.) Nouspelter Wuer war iwwer d’Grenze bekannt. D‘Kanner krute fréier Péckvillercher als ‘Gadget’ fir d’Elteren zum Kaf z’animéieren! - Nouspelt ass haut mat 930 Awunner en Duerf mat residentiellem ländleche Charakter. An d‘Wierkstad vum Dittches Néckel, (dem 1914 verstuerwenen Nicolas Schneider) dem leschten Aulebäcker, koum de Musée de la Poterie. Nieft lokalen Aarbechte presentéiert dësen eng Sammlung Aulegeschir vun Iechternach an aus dem rumänesche Siwebiergen. D’Nouspelter Éimaischen organiséieren d’Pompjeeën säit de spéiden 1950ger. Hir Péckvillercher hunn e Joeres- an een ”Echt Nouspelt”-Stempel. De Pir Kréimer hat mat engem Blënzelen am Bléck gereimt „Tätü, Tätü wouhier déi Téin, wie päift sou schéin! Tätü tätü dee Musikant, dee kennt all Kand. En ass vun Nouspelt an aus Läem an op der Éimaischen doheem.“

Ënner dem Ancien Régime war Nouspelt mat den Nopeschdierfer eng ‘landmairie‘ vun der Juridictioun Lëtzebuerg. (1669 ernimmt e St. Maximäiner Dokument hei den ‘Eulenmichel’, en anert de Michel Krüher ‘qui fait des cruches.’ 1867 haten eelef Leit dee Beruf, 1895 nach fennëf an 1903 just zwee. Ee Joer drop goufen d’lokal’Pompjeeë gegrënnt. Um Flouer Scheierheck a Kréckelbierg goufen 1966 an 1993 keltesch Aristokrate-Griewer fonnt vun tëscht 20 a 50 v. Chr. Si hate räich Bäigaben, beispillsweis Wäin-Amphoren aus Campanien. Hirer Objet’en konservéieren de Stater Nationalmusée an de lokalen Ausgriewermusée vun de Georges Kayser Altertumsfuerscher. Dëse stellt steenzäitlech bis réimesch Originaltrouvaillen aus. Hir zu Nouspelt usässeg Associatioun mat Sëtz am fréiere Paschtoueschhaus huet sech der Archäologie verschriwwen. Si ‘inventariséiert’ fonnten Objeten an bidd ë. a. Konferenzen un iwwer Fréigeschicht a Führungen ëm d’galloréimesch Villa zur Gieweler Säit! (http://www.gka.lu/villa.html.) Mauere vun dëse stommen Zeien aus eiser Vergaangenheet goufen 1968 fräigeluet a vum Nationalen Denkmalamt gefestegt. D’Ziel vum 1967 gegrënnte Syndicat d’Initiative war den Duerfcharakter z’erhalen. Entretemps huet Nouspelt en Duerfléierpad mat Panneaue fir de Visiteuren eppes iwwer de kulturellen an historeschen Hannergrond vum Uert ze verroden (deen 1745 op enger Kaart als ‘Noospelte‘ stoung nieft Gëtzen als Guitzingen.)

Nouspelt gouf 1807 eegestänneg Por mat Dondel a Rued. ‘t hat virdrun zur Schéimerecher gehéiert (wouhin e Kierchepad goung). D‘aktuell Kierch vum Théodore Eberhard läit 323 Meter iwwerëm Mieresspigel a gouf 1852 fäerdeg. S‘ass beschriwwen als historesch Sallkierch mat Chouerapsis. Hiren Interieur verschéineren dräi polychroméiert barock Altär. Hir Pieta aus dem 17. Jh. huet e ‘krispéiert mä jugendlecht Gesiicht an en dramatesch-drapéierte Mantel.‘ (J. Hirsch) (Se staamt aus der fréirer Kapell an ass sou al wéi d‘musikalesch Bach- an Händel-Wierker).D’Statue vun hirem Patréiner, dem Thomas an vum Blasius si manner al. E fréiere Brauch housch hei no Dräikinnecksdag de Fieschter unzestellen ‘um den Busch des Maximin zu hüten’. (P. Tousch.) Zur 200 Joerfeier vun der Por krut d’Kierch d‘Fassad erneiert an e frëschen Ustrach bannen! Wéins der konzentréierter Tounäerd huet tselwécht Joer, d.h. am September 2007 en neit Règlement hei nëmme méi Urnegriewer erlaabt.. De Monument aux Morts aus Nouspelter ‘terre cuite‘ ass vum Léon Nosbusch an eng ‘Synthèse de Traditioun et d’Originalité’(Hirsch) (an entstoung 1950 no enger Maquette vum Georges Schmitt.) An zënter 1973 wierdegt säin Aulebäcker-Monument aus roudem Steen d‘lëtzebuerger Poterie-Konscht.

Aner wuelbekannten Handwierker waren hei Dillschneider, Kalleksbrenner a Wäisserten, beispillsweis d’Nouspelter Michel Anen (Wèiss Misch) - an Zieser Misch, dee Pinsele gemat huet aus Aachere vu Koar. Aus fréieren Nouspelter Kalleksteen-Karrièrë goufe bis an d‘1920ger blo Kalleksteng ofwiesselnd mat Kuelen präzis an d‘Iewe geschicht an zum Schluss mat Läem ofgedeckt. No engem Sickerfeier vun aacht Deeg goufen d‘Steng brecheg, mat Waasser begoss, sinn zerfall an duerno gemuel ginn. Hiert wäisst Miel gouf als Faarf genotzt, geholl fir ze desinfizéieren an war d’Basis vum Zement. Vun 1997 un hat zäitweileg en Handwierkerdag intressant Handwierksgeschir ausgestallt. Nozedroen bleift: dass besonnesch d‘Péckvillercher (Sifflets-en-terre-cuite) aus lokal gestachenem Toun gesicht sinn, well deen nom Bake rout-brong gëtt. Well hiren Design all Joer äennert, si se beléifte Sammelobjeten. Dem ufangs ernimmten Dittches Néckel säi Papp hat sengerzäit extra Stécker „zur Pläsir“ gemat (Professer Hess, Luxemburger Volksleben) a säin Haus hat op der Daachfiischt zwee Hinnercher aus Toun. Méiglecherweis ware kleng réimesch Déiereskulpturen aus heller terre cuite d‘ancêtre vum 'Péckvillchen'. Raretéite si kleng Nouspelter Engelcher als Krëschtdekor, mä dës entsti just op Wonsch.

P.S. D‘Nouspelter gi Läemtrëppler genannt, well fréier Läem geschmeideg mëll getrueden an jidder Stengchen dobäi eraussortéiert gouf. (Huet een däers steiwe Buedem, d.h. ‘Läem um Bengel‘, heescht dat en sech eppes ze reprochéieren huet.) Meedercher op der Sich nom Dram-Mann krute fréier gesot „Looss der een zu Nouspelt bâken!“ Altertëmlech Schierbele sinn hei Realitéit a schreiwe Geschicht, well aus hinnen Alldeegleches Stéck fir Stéck rekonstruéiert gëtt! Se man d’Liewe vun eise Virfueren manner mysteriéis. Archäologe sinn also dem Mënsch op der Spur. Mä och Migratiounsfuerscher sinn op der Sich. Wéi den ausgewanderte J.B. Noël vu Sues, (Sampont) aus dem haut belschen Arelerland 1838 iwwer de Mississipi goung, war hien net den éischte Lëtzebuerger - een net genannte ‘former resident of Nospelt‘ war 1836 ewell do ukomm! (Fausto Gardini - Luxembourg on my mind, 3) Kee Wonner, de Jean-Joseph Derulle vun Namur hat an dem deemols aarmen Aulebäckerduerf e Café mat Imigratiouns-Bureau... D’Missioun St. Peter am Seneca County, Ohio, hat fréier iwwregens de Bäinumm No’spelter Eck! (Sophie Kieffer,‘La Voix‘, 2008)