Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Näerden

Näerden hat am Joer 1900 fennëf Caféën, zwou Garen an 241 Awunner. Haut zielt et 538 Leit. Et kräizen sech do zwou Buslignen… Se verbannen Ettelbréck mat Ielwen a Réiden (via Sail) mat der Stad. Dëst ass ganz gënschteg fir d’Stodente vum Réidener -Atert-Lycée, dee säit 2008 besteet. Dëse leet Wäert op eegenverantwortlecht Léieren a betruecht seng Léiertester ë.a. als ‘Diagnosen-Instrument’ (fir Übungsbedarf festzestellen!) Näerden läit an der opgeschlossener Gemeng Biekerech, an där an den 1980ger d’Restauréiere vu groën Haiserfassaden eppes wéi eng «Épidémie» gouf! Vum geologeschen Aspekt hir ass do den Territoire vum ‘grès luxembourgeois’. An dësem seng typesch gielzeg Faarwepalette koloréiert heirëmmer vill Fassaden. (Eise poröse Sandsteen couvréiert iwwregens en Drëttel vum Land, ronn 493 km2, a filtréiert eise gréissten ënnerierdesche Waasserreservoir.)

Dokumenter no gëtt Näerden 1245 éischtmools ënner dem Numm Nurdingen oder Nerdingen genannt. Ee Schrëftstéck vun 1317 weist, dass d‘Clairefontainer Abtei do d'Grondherrschaft an Geriichtsbarkeet hat. Am Laf vun der Zäit war d’Duerf ënner verschiddnen Herrschaften a Kléischter opgedeelt. ‘t huet am 14. Jh. zur Por Biekerech, dem Dekanat Miersch an Äerzbistum Tréier gehéiert. D'Patronatsrecht hat d'Märjendaller Klouschter. Seng Geeschtlech hate Recht op de groussen Zéngten (op Feldfriichten), an dem Useldenger Här koum de klengen Zéngten zou, d.h. d‘Gaardefriichten. (L. Diederich, 60 Joer Pompjéën Näerden.) Nieft Clairefontaine hat d’Mariendaller Klouschter heirëmmer ronn 9/12 Eegentom, an hir Äbtissine-Stäw zieren de Biekerecher Wopen. 1579 war seng Kapell mam Dionysius-Altor fir d’éischt dokumentéiert a gutt 100 Joer drop e ‘portablen’ zweeten. Ee Bittgang Päischtméindes op Guirsch oder Biekerech hat 1692 d’Peschtgelübde a. d. Mëtt vum 14. Jh. ersat. (Aplaz dass ‘eng Persoun pro Haus vu Biekerech a Näerden un der Iechternacher Sprangpressessioun deelhuele misst, sollte just 2 Mann d’Por dobäi vertrieden. (Tëschennotiz: No der Peschtepedimie vu 1636 a Joerzéngte laange Kricher hat Näerden 1656 just nach 6 Stéit.)

Wéi d’Duerf fréier Deel vun der ‘Giischer Baronnie’ war, 1759 hat den André de Marches d’Héich-, Mëttel- an Nidder-Geriichtsrechter iwwer d’Awunner. En huet nieft Näerden, Nidder- an Uewerpallen, Réiden, Ell, Thiaumont, Bieckerech an der Gäichel ronn 40 Uertschaften dominéiert. Zu senge Rechter hunn den ‘droit de pêche et de chasse’ gezielt, d’Recht en Dauweschlag, e ‘colombier’ ze hunn. Eng Corvée fir d’Duerfleit war deemools ë. a. den Transport vun engem Wôn Muselwäin an säi Schlass! Dës kleng Detailler weisen d’Liewe vu fréier. E wichtegen Datum war den 1. Oktober 1795, wéi Näerden mat 126 Awunner aus 13 Stéit an d‘nei gegrënnte Gemeng Bieckerech koum. 1809 koum dann Hitten derbäi. Näerden gouf dee Moment aus der Por Habscht an d’Ielwener agereiht (a spéider an d’Niederpaller.) D'Kanner vun Näerden goungen op Ielwen an d'Schoul bis hiert Duerf (1822) e Schoulgebai krut. 1861 hat Näerden 203 Awunner a 26 Stéit, 18 Joer drop manner Leit a méi 33 Haiser. Nieft dem Mëller a Giewer hat d‘Duerf Baueren, Handwierker, Doléiner an zwou Wiertschaften. Eng intressant Postkaart vun 1908 presentéiert de Restaurant Filbig-Wester mat enger Päerdskutsch virdrun. E wichtege Moment koum 1928, dunn huet de Biekerecher Gemengerot beschloss de Gemengenhaaptuert, Ielwen, Huewel an Näerden kriiten eng Waasserleitung!

Wéi d’eeler Kapell (vu 1775-’78) no ronn 120 Joer ze kleng war krut d’Duerf 1894-‘95 eng nei Kierch, ‘t koumen zwou Klacke an den Tuerm an de Kierfech gouf vergréissert. De Bau mat der renger Arkade-Blend ënner der Corniche hunn intern Ëmännerungen verschéinert (a. d. 1950ger). D’Statu vum 1. Beschof vu Paräis, Beschützer vru Kappwéi an Haapt-Patréiner, den Dionisi, blouf erhalen, den ale Mobilier net. An den 1980ger krut de klasseschen Héichaltor vu Stadbriedemes, deen aus Zäite voll kreativer Romantik staamt, hei eng nei Plaz. (Kierchtuermscauserien, 2008) - Näerden hat den ‘embranchement’ vun zwou Zuchlignen: Stengefort–Ettelbréck war Deel vum Normalspuer-Réseau Prince Henri (der Atertlinn vun 1873) a Näerden-Marteleng eng Vizinal Schmuelspuerbunn. Dës war tëscht 1890 an 1953 a Betrib. D’Jhangeli’s Gare koum a privat Hänn an huet hire Charakter behalen. D’Maarteler Streck mam Nidderpaller ‘open-air-Musée’ déngt haut als Velo’s-piste. D‘Ouverture vum ‘Musée Näerdener Gare‘ an der Rue Prince Henri war 2014. Et ass den éischten am Land, deen der Eisebunns-Geschicht dediéiert ass. En huet zwou Maquette vum Näerdener Jean Weber, eng vum Duerf an den 1930ger, an eng vun den zwou Zuchlignen déi hei passéiert sinn. Ouni si hätten (engem Zuchfan no) d’Säll am exemplaresch renovéierten ‘emblematesche’ Gebai keng Séil!

P.S. Näerden läit tëscht Biekerech an Useldéng am Dall vun der Näerdenerbaach, déi och Wobech genannt gëtt. Dem Carlo Hemmer hat do d’offe Landschaft mam fruchtbare ‘Bauereland’, engem Mosaik vun Äcker a Wisen mat Bëscher ronderëm, gutt gefall. Dëst an d’lokal Detailler weisen op opgeschlosse Leit hinn, déi wi de Gorch Fock denken, dass ee säi Liewen net verlängeren an net méi ‘breet’ maache... mä et verdéiwe kann.

Den Uertsnumm kéinnt op den aaldäitsche Persounenumm Nordo zréckgoen a sollt emol Noirdingen geschriwwe ginn. En erënnert un den ale Begrëff ‘keng Äärdéngen zu eppes hunn’ (Engelmann) wat mengt ‘keng Loscht op eng Aarbecht hunn.’ E reimt mat ‘ofhäerden’ an last but not least seet en ale Sproch ”zu Näerden… looss se gewäerden!”