Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderfeelen

Nidderfeelen läit un der 29,8 km laanger N15, déi Ettelbréck mat Baaschtnech verbënd. Se sträift Plaze mat méi a manner historeschem Hannergrond wéi Heischent, Bitscht a Bohey. Am Engelmann sengem Wuertschaz steet Feelen mat e oder ä an donieft e Sproch mat fiktiven Nimm... "wéi den Hëtz (oder Schëtz) vu Fälen." Mer liesen ë.a. och aus alen Zäiten vum Geschlecht 'derer von Feulen, das um 1400 im Mannesstamm ausstarb' (an, dass Buerschter Gidder deels nees dohin zréckgoungen.) Beispiller aus der bewegter Geschicht dréien net just ëm Daten a Schoulbicher. De Roger Seimetz sot emol, 'dass d’Liewen an de mëttelalterleche Stroossen a Stied mënschlech net sou vill anescht war wéi an der Näizäit!' 1741 haten d’Nidderfeelener z.B. ëm d'Fëschereirecht gekämpft an der "Feisterbaach", der Grenzligne zwëschen den Herrschaften Esch/Sauer a Buerschent. A vun Nidderfeelen hat de ‘rosene Schmatt‘ gestaamt, den Nicolas Hottua, deen 1896 zu Chicago gestuerwen ass.

Ëm Feelen op den Héichte vum "Bucheknapp" hate Steenzäitmënsche "Geräter a Waffen" hirgestallt an d’Kelten Häff a Landwirtschaft bedriwwen. Griewer erënneren un d’Presenz vu Réimer. Duerno entstoungen Dierfer ëm Eenzelhäff: Nidderfeelen un der ‘Feul’ an Uewerfeelen un der Mechelbaach. D’Maximäiner-Mönchen hunn ëm d’Joer 1000 zwëschen di zwee eng Porkierch un e réimesche Verbindungswee gestallt. Feelen koum ënner d’Héichgerichtsbarkeet vun Esch/Sauer. Net duerch de Sift vun der Zäit fale sollten (no der Siegfried-Äera) Zeile vun 1294 iwwer d’schonn ernimmten onbefestegt Adelshaus. (Dëst stoung op der aktueller Feierwierschoul hirer Plaz.) Säi Besëtzer mam herreschen Numm Hue hat dee Moment eng Buerschter Schlass-Duechter bestued. No him hunn e Jean, Wëllem an Heinrech "vu Feelen" d’Séirousen aus dem Buerschter Wopenzeechen adoptéiert. 1766 war d’Zuel vu Menagen 40 zu Nidder- a 26 zu Uewerfeelen. Aktuell Chiffre weisen Nidderfeelen mat 1439 Leit, Uewerfeelen mat 409 an d’Häff mat 5. (Zur Gemeng zielen den Hirtz- an Hubertushaff an d’Feelenerhecken mam Reidsportcenter.)

Am Januar 1628 haten d‘Nidderfeelener Leit beschloss eng eege Kapell ze bauen ("weyllen sie etwas weith von der pfahrkirchen gewesen.") D‘Ierwe vum Spendéiermonni (vum gréisste Stéck Terrain) duerften "einen Schrein in die Kirch setzen".) Ufangs war de Raum äermlech, duerno si säi gudden Zoustand, en Altor an eng Klack ernimmeswert. 1729 koum d‘Klo vum Geeschtlechen, dass "die Pfarrleute ihre Kinder nur sehr nachlässig zur Schule schicken". Den Accord fir eng nei Kapell opzeriichte koum 1754 vum dofir zoustännege Marquis du Bost du Pont d’Oye. No enger gewësser Zäit gouf et 'Gestreits'... Nidderfeelen wollt net länger Filial bleiwen. Bis zum Enn vum "Ancien Régime" 1795 hunn d’Awunner vu Landwirtschaft oder Gemengdewälder gelieft. Mä schonn ëm 1750 goufe Bëscher duerch Louhecken ersat, an d’Bamstämm deels an Holland als Schëffsholz 'geflößt' oder zu Holzkuele verschafft fir Schmëttenhären aus der Noperschaft. Duerch d’Enn vun der Feudalzeit ware 1795 Verwaltungen néideg. Feelen a Mäerzeg goufen eng "agence" - déi am Dezember 1800 ënnerem Bonaparte "mairien" ersat hunn. (Vun den 119 jonge Männer aus Mäerzeg a Feelen, déi an napoleonesche Kricher gedéngt hate, koum en Deel net zréck; 1857 goufen nach 8 "anciens combattants" gezielt.)

D‘Suite vum längeren Hinanhir ëm de Filial-Titel waren de Kaf vun engem Gaard (fir 1600 Fr) am Bongertewee, e Kierchenneibau fir 50.000 an intressant Notizen. Bei der remise des clefs 1896 krut de Bau ‘Stärke, Eleganz und Zweckmäßigkeit‘ gewënscht! En Holzuewen an d'1800 Frang deier Tuermauer koumen no. (Fir d‘Opzéie krut de Johann Schanck jäerlech 75 Frang; säi Successeur ass dofir gutt 40 Joer laang deeglech 53 Träplecker erop geklommen.) Am Kierche-Raum fale Sailen op an ë.a. eng schéi Fënster vun ëm 1900 mam Patréiner, dem Rochus vu Montpellier. Een Temoignage vu ville verréit den aussergewéinleche Fait, dass d'al transforméiert Kapell als Molkerei gedéngt huet a bis ufangs den 1960ger stoung. D’Geschicht vum "Hennesbau" foung 1827 un mat der 'autorisation royale' un den Nidderfeelener Tanneur Jean-Henri Elsen (fir e Bau mat Scierie, 'moulin à écorces à tan et moulin à huile' nieft d‘Feul opzeriichten.) Neng Joer duerno ass de Propriétaire gestuerwen a 1851 housch der 'maison à écorces' hiren Haushär da Jean-Pierre Berns (aus dem schonn 1350 ernimmten Niederfeelener Haus "Hennes" - an deen Hausnumm gouf iwwerholl.) De leschte Besëtzer, d’Gemeng, huet 1979 en imposante Kulturzentrum dran ageriicht ouni den äusseren Aspekt ze veränneren! Dëse soll drun erënneren, dass d‘Liederhirstellung aus Feelener Lou vill Awunner erniert hat. Wéi ë.a. 1951 d‘no Goodyear Aarbecht offréiert huet gouf e Joerzengt duerno d’Agrargemeng zur Schlofgemeng.

P.S. Zum Repertoire vun der Fanfare Feelen passt e Sproch vum Aristoteles "Im Wesen der Musik liegt es, Freude zu bereiten." Si hat 1924 fir d'éischt den Hämmelsmarsch mat Schéifer a Schof gespillt an am Joer 2002 hire "Centenaire" gefeiert. Vun de Gemengenawunner haten dunn ronn 6 vun 10 manner wéi 50 Joer. An hire Chiffer hat sech säit 1970 verduebelt. - D‘Crèche Feelener Zwergewiss huet Plaz fir 25 kleng Zwergen a leet Wäert op selbststänneg Aktivitéite vum Kand. Wivill geschéckt a fléck Wichtelmännercher fréier hei an Hielen vum Hannerbierg gehaust a gesponnen hunn, weess keen. Se waren der Legend erno knapps esou grouss wéi Aachtjäereger an hu sech nëmme gewisen wann d’Leit geschlof hunn.