Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Näidsen

No engem Référendum koumen d’13 Dierfer vun de fréiere Gemengen Housen, Konstem an Houschent ënner d’Regie vun där neigegrënnter ‘Mairie Parc Housen’. Näidsen louch an där éischter bis Neijorsdag 2012. Et evoluéiert mam gréisseren Territoire an dem erweiderten Awunnerkrees fräi nom Goethe-Motto ‘Der ist nicht fremd, wer teilzunehmen weiß’. Ee Kanneraufsaz erënnert an einfache Wierder u vergaangen Zäiten «Früher waren die meisten Leute in der Region Bauern. Viele arbeiteten noch nebenbei im Wald. Sie gingen Lohhecken „schléissen“. Das war eine sehr schwere Arbeit.» Näidsen zielt haut 172 Awunner, genee 40 méi wéi 1848 an huet nach 2 grouss Bauerenhäff. ‘t hat där fréier emol 9. Seng Stroossen heeschen ‘an der Triecht’, an der Gaass an ‘iewescht Duerf’. D’Duerf-Gaass, d.h. den CR343 féiert engersäits biergof bis viru Pënsch (op 310m) an anerersäits op d’dräibunneg Nordstrooss op 487m.

D’Geschicht vun der fréierer Gemeng Housen intresséiert net nëmmen d’Ëmgéigend. Waren och lokal Dokumenter verbrannt, ernimmen anerer, déi vum Grofegeschlecht “von Molbach" 1096 d’Koppel ‘Gerhard I. von Sponheim, Graf von Clerveaux und Lehnsherr von Ouren - und Adelheid von Vianden’ als Grënner vum Housener Klouschter. Ee Flouer ‘Nonnebuedem’ läit südlech vun Näidsen a ‘Klouschterwäsch’ heescht eng Plaz op sengem Kadasterplang, bei déi emol e bal kilometerlaange Geheimgank vun den Housener Schwëstere koum! Dierfnimm mat der Endung ‘hausen’ sollten um Enn vun der Völkerwanderung entstoen an erënneren un d’fränkesch Koloniséierung. (5. bis 8. Jh.) D’rumänescht Neithausen (ungaresch Nethus) aus dem Krees Sibiu ass ewell 1309 dokumentéiert. D’al Geographie vum ‘Grossfürstenthum Siebenbürgen’ ernimmt 1448 en Nithusen (Nekthousen) an engem Ablaßbréif. Dem Dr. Orendt seng Fuerschung iwwer ronn 400 Joer rumänesch Siedlungsgeschicht kënnt zur Konklusioun, dass Awanderer aus ë.a. der Musel-, Maas- a Rhäin-Géigend hir nei Dierfer no Plazen aus hirer Heemecht benannt hunn. (luxemburgensia Nr. 8) En Hiwäis op Näidser Auswanderer! - ‘t goufen 1541 do 5 Feierstätten. Am drëssegjäerege Krich goufen ë.a. do 9 Päerd an all Randbéischten gestuel. Spéider, no 1733 hat Näidsen sécherlech wéi d’Dierfer ëm d’Abteiuertschaft vum Stroossenausbau Lëtzebuerg-Miersch-Ettelbréck-Housen profitéiert. (J.P. Koltz) Geschwënn duerno weist d’Ferraris-Kaart seng 9 ageperchte Bauten ëm eng Kräizung.

D’Suite klengt wéi aus engem historesche Roman iwwer Krich a Fridden: 1798 gouf eng Näidser Klack beschlagnahmt fir zu Krichsmaterial anzeschmëlzen… (‘t war 1602 eng Kapell do ernimmt a 1767 e Paschtoueschhaus mat Gaard.) An hirem Besëtz waren dunn eng Wiss vu 14 ‘Ruten’, (d.h. engem halwen Hektar) an 5 Schof. (J. Thiel). Engem ale Lexikon no hat d’Duerf 1845 ewell 119 Awunner an 21 Haiser, ‘t huet zum Friddensgeriicht Clierf gezielt, war Filial vun der Por Munzen mä ënner Verwaltung vun där Housener. (‘t zielt elo zur Por Parc Our St. Nicolas.) Seng haiteg neogotesch Kierch vun 1912 hat 17.400 Frang kascht, d’Spëtzbourëppen vun hirem Chouer rouen op konschtvolle Konsolen an de barocken Haaptaltor ass vu 1677. (E. Erpelding, Cliärrwer Kanton) D’ Näidser Patréinesch, d’hl. Lucie, hunn och d’Housener Klouschterfraen veréiert; d’Kiermes gouf allerdéngs wéins dem dacks beschwéierleche Wee am Wanter op de Sonndeg nom 14. September verluet. Bei den Niewepatréiner, den hellege Mathias, koume fréier Leit vu ronderëm pilgeren. De schonn ernimmte Kanneraufsatz bewonnert d’reng gemustert Verzierungen an di zwou 300järeg Statuen. Kuerz no der Restauréierung vun 1965 goufen d’Spëtzbou-Fënstere mat fräie Kompositioune aus vum Will Dahlem installéiert.

D’Duerf huet just eng Bréifboîte mä ee fir de ganzen Norden wichtege Centre de télécommunication mat Sendemast (fir d’2. Frequenz vum soziokulturelle Radio.) De lokale Centre culturel «A Sputz» reimt mat Uutz an ass emol op fir amusant mol fir seriéis Themen. Dass de Pierre Collé hei 1828 kondamnéiert gouf fir d’Deelhuelen un engem Charivari ‘bei Gelegenheit einer Heirat’ ass am Duerf nach net vergiess. (E krut deemols eng Geldbouss vu 7 Gulden an engem hallwen Cent.) Charivari bedeit ‘gleichzeitig und ungeordnetes Spielen verschiedener Instrumente bei einem Polterabend’ a gëllt als ‘Privileg der närrischen Jugend’. Wann näidsen kleng geschriwwe gëtt, bedeit et an der Iechternacher Géigend streiderech sinn; (am Dictionnair fënnt een gläich hannendrun d’Wuert ‘Näineck’ dat eegesënneg Persoun heescht.) D‘Endsilb hausen sollt emol op bescheiden Eenzelsiedlungen zoutreffen an d’identescht Verb op wunnen ënner schlechte Bedengungen; de Familljennumm Hauser krute Leit aus engem isoléierten Haus. Am noen Näidserwald wunnen - ouni Loyer - an ale Bamstämm bal wéi an engem Héichhaus Schielmäs, Poufank a Bontspiecht an ongestéierter Harmonie. (A. Paquet)

P.S. D’Duerfchronik enthält wéineg grouss Evenementer. Säit der Schoulrentrée 1998 gi sämtlech Kanner vum préscolaire a primaire aus der Gemeng an d’Zentralschoul vum Parc Housen. Och wann am hiwwelegen Norden dacks aner Distanzen tëscht den d’Uertschafte si wéi am Süden kritt d’Liewensqualitéit do gutt Punkten. Lokal Bau-Autorisatioune goufen do z.B. 2012 dräimolgefrot fir eng Veranda, eemol fir eng Garage an eemol fir een neie Stall. D’Duerf op enger Héichfläch vu ronn 458m ass 47 km vu Lëtzebuerg an 121 vu Köln. Et huet wuel keng al Millen a keng Buergruin mä eng Plaz fir Musekfrënn ’An der Scheier @Neidhausen’ an och eng Cité. An allgemeng passt do natierlech de Luef op d’Natur:‘di schéinste Plaze vum Éislek entdeckt een am beschte wann ee sech wäit vun Haaptstroossen vun engem Uert zum aneren dreiwe léisst...’ (A. Thomé).