Mënjecker
Mënjecker fënnt een 30 km vun der Stad um hallwe Wee tëscht Manternach a Gréiwemaacher. ‘t kuckt eriwwer op Temmels an d’Wäibierger déisäit der Musel. Eng al Route goung hanner Duelem an Directioun Mensder a mam Kiem Reims-Tréier via Munschecker erof op Mäertert a Waasserbëlleg. (Wou haut gelegentlech e Sonneblummefeld wéi an Italien Beien ulackelt goufe fréier Riewen ugeplanzt.) De Mënjecker Meilesteen erënnert zenter 2007 mat senger Säileform um Neie Wee op d‘Fausermillen (d.h. 9 Meile vun Tréier) un d’al Réimerstreck ‘Trier-Igel-Waasserbillig-Münschecker-Dalheim.‘ (D‘Initiative dozou haten d‘Geschichtsfrënn Mäertert-Waasserbëllig an de Syndicat d’Initiative Manternach.) Seng Awunnerzuel ass op 196 geklommen, se louch beispillsweis virun 10 Joer bei 50 manner a bei 130 am Joer 1848.) Um Flouer vu Mënjecker enspréngt d'Lafbaach, e lénksen Niewefloss vun der Musel.
Mënjecker hat fréier mat Wecker an den Hief Buchholz a Fronay zum Stadgebidd vu Gréiwemaacher gehéiert. Als ‘Anrainer’ haten d’Awunner als ”Bourgeois forains” tselwecht Rechter wéi d’Gréiwemaacher Bierger. (Passionnante Gemengenarchiv-Studien no erzielt d’Monique Hermes vun der lokaler Festungs-Mauer hire véier Paarten an den 20 dermat verbonnenen Tierm (d’Tréierer, Diddenuewener, Lëtzebuerger an d'Mënschecker Paart - zäitweileg och d'Iechternacher.) Si hunn am an nom 14. Jh. a Maacher era gefouert. An engem vun den Tierm vun där Mënjecker war vermuttlech e Prisong. Dës louch um Eck vun der Tuermgaass an der Syr, ongeféier do wou elo den „huelen Zant“ un d’al Festungsmauer erënnert. (Mënjecker gëtt mol mat h mol ouni geschriwwen. Déi vun ‘élèves officiers’ handgezeechent Ferraris-Kaart schreift den Uertsnumm Munsschecker mat 2 s, weist een no dësem benannte Bierg an e Wengert (http://belgica.kbr.be/fr/coll/cp/cpFerrarisCarte_fr.html). D’rezent Kaart presentéiert de Stroossennumm 'am Wangertsbierg' an e Buch aus den 1980ger als bautechnesch intressant Beispill beim Haus Nr. 5 eng Variante vu Scheierentlüftungen. (Krantz-Quintus.) D'Ronnfaart Nr. VI, déi d'Auteure proposéieren, féiert iwwer Gréiwemaacher bis Steenem via Giischterklaus! Dozou passen ënnerwee traditionell Bauten, deenen hir Architekten de Luef ‘Frënn vun der Schöpfung’ verdengt haten. (W. Frey)
De Groësteen staamt aus der PAX-Romana Zäit. D‘Kapitel ‘Terre de culture’ an der Brochure Miselerland weist hien nieft dem Duelemer Theater a recommandéiert en Ëmwee op de Sommet vum Hiwwel, deen de Sirdall an d’Musel trennt an Visiteuren eng ‘vue grandiose et impressionnante’ offréiert. Dës remarkable ‘pierre de taille’ gëllt als gallescht Krigger-Graf. Well do vergruewend Geld vermutt gouf sollten 1825 franséisch Veteranen op Schatzsich de Steeblock an dräi Stecker sprengen, mä näischt fannen! - Enger Soo no gouf dem Däiwel emol verroden 'man baue in Trier ein ihm besonders geweihtes Lusthaus.' Voller Freed huet hie sech op de Wee gemat mat engem dofir envisagéierte Grondsteen! Hei nobäi sot e Passant him, 'datt een hie prelle wollt' well op Tréirer kéim en Doum... Am duer niddergeluete Stee sollen nach Foussspure vum rosenen Däiwel sinn! Well munnchee beim Laanschtkommen d’Graue krut, gouf den decke Brocken 'Grauenstein' genannt! Keng Legend ass d’grenziwwerschreidend Waasserleitung, déi dat bestehend Netz Münschecker-Mertert ubënnt un d‘Verbandsgemeinde Konz (e Partner, deen deeglech 800 Kubikmeter Waasser vun der däitscher Säit zouliwwere kann.) Den am Hierscht 2012 annonçéierte Projet gouf méiglech duerch de Bau vun engem honnert Meter laangen 'Düker' ënner der Musel erduerch, (d.h. enger Drockleitung, wéi s'och bei Kueblenz ënner dem Rhäin realiséiert gouf.)
D'relativ niddregt Kiercheschëff vun der Mënjecker Kapell Saint Jacques (dem Jokob den Eelere geweit, deem mat der Muschel) gouf 1716 rekonstruéiert. Hire Chouer staamt aus der gotescher Epoche, de barock a räichlech mat Schnëtzereien dekoréierten Haaptaltor ass wahrscheinlech aus enger Kierch aus der Stater Ëmgéigend. D’Gesiichter vum Erasmus an Celsus mam eeschte Bléck grad wéi d’typesch Greef-Engelskäpp gläiche sech. D’Figure mat de groussen Hänn suggeréieren, dass Dierfer fréier net absolut 'neutral oder konfliktfräi Bewegungsräim' fir d‘Awunner waren (J.Niewiadomski) an, dass d’Konscht net ëmmer engelhaft mä realistesch ausgesouch. D‘Buch Mosella Sacra (eent vun de ‘Wuermeldénger Muselbéicher’) erënnert u reliéise Patrimoine an lokale Brauchtëm ëm den Erasmus. Hie gouf fréier als ‘Menjhecker Krëscher’ ugeruff (d.h. Mamme mat krëscherege Kanner koumen hier bieden.) De Klackentuerm war 2008 renovéiert ginn. Am Gemengebuet 2010 housch et 'De Mechel waacht erëm iwwer den "Doum" zu Mënjecker.' Déi verwittert Figur hat dunn eng nei ersat op Initiativ vun der Kierchefabrék. (Mënjecker ass eng Filialkierch vun der Par Maacher)
P.S. D'Associatioun "Mënjecker Kueben" dréit duerch hir Aktivitéiten zum Veräins- a Gemengeliewe vu Manternach bäi. “Kueben” ass den Awunner hire Spottnumm. (D’Germanen hate s’allerdéngs als Göttervögel veréiert, den Aristoteles hat hinne nieft Instinkt och eine fein Intelligenz attribuéiert. An nordwestamerikanesch Indianerstämm waren der Meenung si hätte Sonn, Mound a Stäeren un d‘Firmament gehaangen...) Enn Dezember 1865 goung hei bildlech fir de Michel Ungeheuer, gebuer am däitsche Butzweiler, d’Sonn op. Seng Naturalisatioun war accordéiert ginn ‘moyennant un droit de cent francs’. – Last not least huet den Amenagement vum sentier Manternach-Mënschecker d‘lescht Joer eng Brochure inspiréiert. Eng luewenswäert Iddi, well et heescht Plazen ouni dës brochéiert Publikatiounen hätte keng Memoire.