Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Meesebuerg

Eng englesch Pressenotiz hat am August 2000 nom europäesche Waarmloftballon-Championnat beim Meesebuerger Schlass gemengt “The castle has a somewhat Disney like.” Di romantesch Plaz läit 23 km vun der Stad am Dall vun der Manzebaach. Hire ‘parc paysager’ aus dem 19. Jh ass de gréisste vu sengem Genre am Land. Mam Uertsnumm Meesebuerg, deen emol "château des Mésanges" iwwersat an och Mäsebureg oder Mäsebréch genannt gouf, verbanne mer nieft dem Schlass eng kleng Kierch an en ale Kierfech. Hire “Charme gracieux“ iwwerdeckt e geschichtleche ‘catalogue des heurs et malheurs du Moyen Âge’ (Lambert Herr). Säi Kutschewee ass eng Allée vu 97 Beem, Lannen an Maronnieren, deenen hir waarm Hierschtfaarwen ëmmer nees fir d’Sauvegarde vu rarem Baam-Patrimoine playdéieren. D’Allée steet säit 1981 ënner ‘protection légale‘. Virun hir koumen 1974 ewell 19 Meesebuerger Baamveteranen op d’Lëscht vun de Naturdenkmäler. De klenge verwonschenen Uert am Raum zwësche Miersch, der Fiels, Fëschbech an Noumer zielt zur Gemeng Fiels; e war awer ni vu Fielser Hären ofhängeg, well en eng eege Schlassherrschaft hat.

Di éischt ‘Mesenburcher’ Ritterfamill hat eng wichteg politesch a militäresch Roll an der Entwecklung vun der Grofschaft an dem Duché Lëtzebuerg. D‘Famill vum 1176 ernimmte Seigneur Walter vu Meysemburg bestoung 200 Joer. Gräife mer e puer speziell Perséinlechkeeten eraus: Adelin vu ‘Misambourch’ housch e Ratshär un der Ermesinde hirem Haff, a gläichzäiteg war d’Meesebuerger Damm, d’Emmeline, der Gräfin hir Vertrauten. D’Poncetta aus der Nieweligne vum Erardus vun M. war Äbtissin am Mariendall tëscht 1283-1297 (Hémecht 3, 1998) an 1296 koum d’Ënnerschreft vum Eberhart vun M. op d‘Iechternacher d‘Fräiheetscharte. Hie war als Vasall vun Heinrech II. beim zweete Kräizzuch derbäi! (D‘„gestümmelt“ Merletten, d.h. Viggel, ouni Schniewel a Féiss, däerfen nom ‘Katechismus der Heraldik‘ nëmmen ‘an Kreuzzügen teilnehmende Ritter’ am Wopen hunn. Am Arenberg–Wopen ersetzen dräi Mëspelbléien op roudem Feld d’mëttelalterlech Meisen.) - Ëm 1333 hat de Friedrich vu Meesebuerg op d‘Plaz vun der haiteger Stater Dräifaltegkeetskierch eng Kapell baue gelooss. Een Nokommen aus der Haaptligne, de Guillaume, war Testamentsvollstrecker vum Jang dem Blannen, mä sollt mat dësem 1346 d’Schluecht bei Crécy net iwwerliewen.

D‘fréier Buerg war am 14. Jh verbrannt a 1453 an 1683 zerstéiert gi bis op d’Kapell, e Gruef an al Mauerdeeler. Hir Hären hunn heefeg gewiesselt. Den Neibau vun 1711 vum Arnoult vu Zolwer goung emol als Dot un d’Wolzer Famill de Custine an 1787 gouf de Schlasskaploun Christophe Jacoby vu Meesebuerg Fennenger Paschtouer. De Beréng ass 1798 als Nationaleegentum versteet ginn. Mam neie Schlassbesëtzer, dem Fëschber Baron de Cassal goung alles gutt. D‘Dierfche Meysemburg ass vun 11 Feierstellen (ëm 1770) a ronn 70 Joer op 40 gewuess. Wéi den Jean-François Reuter, (Mann vun der Alexandrine de Heddesdorf a strenge Piechter vum Haff Weydert) d’Schlass 1843 vun de Cassal-Ierwen kaaft an d’Duerf deels ruinéiert hat goung et biergof. Duerch Schléißung vum Fëschber Hüttewierk, ëm 1850, goungen Aarbechtsplaze verluer an d’ Köhler iwwerflësseg. Laut Statistik vun 1848 hat Meesebuerg 174 Awunner. Duerno sinn iwwer 40 Familjen an Amerika émigréiert. Beim als ‘riche avare‘ beschriwwene Reuter de Heddesdorf blouf just de Fieschter. D’stréigedeckten Doléiner-Haipe si virun 1855 verschwonne fir “d’Vue ze dégagéieren". Rar Beem, ë. a. d’éischt Douglasien vu Lëtzebuerg, goufen importéiert an d’Scholde si gewuess. Am selwechte Joer koum dann e Wiessel vum Meesebuerger Proprietär. De Prënz Charles d'Arenberg (den deemolege d’Biisser Schmelzhär) hat munch gutt Iddi an ugangs den 1860ger d’Steebrech Iernzen-Larochette erschloss. Etappeweis gouf d’Schlass zum ‘somptueuse’ Landsëtz. Ënner dem Staatsarchitekt Charles Arendt krut de Bau aus dem 18. Jh. dann 1880 eng elegant Neorenaissance-Fassad, e weidere véiereckegen Tuerm aus ale Steng an dekorativ Ronnboufriesen.

D'Niewegebaier an d'Schlasskapell goufe renovéiert an en neie ugeluete Weier am Wisegronn mat deels seelene Planzen huet Schlass erëmgespigelt. Dräi Landschaftsberäicher, d.h d‘land- a forstwirtschaftlech Fläch an “pleasure-grounds“ hu geschéckt anenee gegraff. En intressanten Detail vum 25 7.1891 war d’Visite vum Grand Duc Adolphe vun enger Randbéischten-Ausstellung an der Allee Scheffer: do sinn ë. a. dem prince d’Arenberg seng Kéi vun der Insel Jersey opgefall! 1971 huet d’Witfra vum Charles-Prosper d‘Arenberg d‘Schlass mam Entourage verkaaft. D’ganz Propriétéit gouf 2008 als Nationalmonument klasséiert. Se koum no dräi Joer mat den 135 Hektar als ‘Package’ a lëtzebuergesch Privathänn. D’komplett renovéiert pittoresk Schlassmaueren sollen deemnächst d’Roll vun engem Hotel iwwerhuelen. - Eng eeler Kapell war hei ëm 1700 ernimmt. Ëm d’aktuell neoklassesch Meesebuerger Kierch stinn d’Daten 1835-36 an 1840 - an den Architekt Eberhard. Se zielt mam Kierfech a Mobilier säit 2012 zu de Monuments classés. (D’Duerf war fréier Filial vun Noumer. ‘t gouf 1843 selbstänneg Por mat Angsbrech a béid hunn zesummen ee Kierfech.) Hiren Intérieur krut ugangs den 1970ger e Buedem aus Iernzer Steen, ë.a. d‘Angsbrecher Bänken, 3 al Altär an d‘Statue polychroméiert. D‘Etude vun der Muriel Prieur huet s’evaluéiert. Vun hir aus geet d‘traditionell Erläichemspressessioun duerch d‘Allee an d’Schlasskapell an zréck. Kurioserweis huet ee Meesebuerger Grafsteen eng Verwiesslung vum Gebuerts- a Stierwjoer. (J. Bück).

P.S. Well de Meesebuerger Landschaftspark op de Ruine vun engem verloossenen Uert lait,gëllt en inoffiziell als e ‘lieu de mémoire‘! D’Duerf war, ouni den Numm ze nennen, 1992 am Zeenespill “Néierewou” vum Alain Atten veréiwegt. (Ënnertitel ‘Eng Weis vun Doud an Däiwel, d'Enn vun engem Nascht‘.) D‘Schlass mat de spatze Giewelen um Fielsblock hat de Franz Heldenstein ëm 1880 gezeechent. (Den Marc Schoellen erënnert der Virgängeranlag hire spatz zougewénkelten Tuerm un e Schëffsbug.) Nobäi steet haut en Deel vun eisem laang verwëlderte patrimoine arboricole. An agebonnen an d‘Landschaftskompositioun si verschidde Biotopen, e Begrëff, deen 1908 an der Wëssenschaft geleefeg gouf. Legenden no sollt et ‘Onrouen’ op där friddlecher Plaz ginn duerch e Vogt, dee Grenzsteeng verréckelt hätt... an e gespenstesche Ritter mat engem Schwert an der Broscht, deen d’Leit erschrecke sollt! Nozedroen vum Juni 2016 sinn do gedréiten Zeene vum Dokumentarfilm „1.000 Joer Lëtzebuerg“; bei dësen war d’Schlass a säin Entourage d’ideal Geschichtskuliss.