Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mierschent

Beim Kanton Veianen senger Lokalitéit Mierschent gëtt di éischt Silb betount - bei hirem ‘Zwilling‘ Merscheet (bei Heischend) ass et déi zweet! Eng eeler Schoulgeographie nennt 1966 als Awunnerzuel bei där éischter 114 a bei der zweeter 94 Leit. Als Vergläich: 1848 hat Mierschent 191 a Merscheet souguer 200 Awunner! (www.1848last) Intressante Statec Tabellen no koum d’ganz Pëtschter Gemeng op Neijoersdag 2002 op 402 Autoen, 114 Trakteren an ee Päerd. 100 Joer virdrun hat se 70 Päerd an am Joer 1951 genee 128! D’Zuelekarussell komplett maachen nach lescht Awunnerchiffre vum Januar 2017: se sinn 187 bei Mierschent an 207 beim Uert mam verwandten Numm aus der Gemeng Esch/Sauer. D’Zäit produzéiert laut dem Thomas Mann Verännerung. A senger Erënnerungen housch et emol „Jetzt ist nicht damals, hier nicht dort, denn zwischen beiden liegt Bewegung“. Dëst gëllt och bei Mierschent: d’Zäit an där do 12 Joer laang keng Naissance agedroe gouf ass eriwwer.

An offiziellen Akte gouf Mierschent fir d’éischt 1318 ernimmt als Mercheit. ‘t gëtt keng Glaskugel fir zréck ze kucken, mä seng Flouernimm sollen op keltesch, réimesch oder fränkesch Wuerzele baséieren. An der Feudalzäit ënnerstoung d’Duerf de Branebuerger Hären. Fir dës sollt emol 3 Deeg laang a Begleedung vum ‘Meier’ Mathieu Masius d‘Grenz ofgeschratt ginn. Recherchen no huet de Gemengenterritoire ënner dem Ancien Régime (d.h. virun 1792) zu den Herrschafte vu Veianen, Bäerbuerg a Stolzebuerg gezielt. Dem opschlossräiche Gemenge-Wope vun 1983 seng roud ‘croix ancrée’ (um goldgiele Kräizfong) gëllt als Variante vum Berbourger Emblem. Se trennt zwee roud an zwee blo Felder. Déi mam sëlwergroen ‘écusson’ weisen op en éischte Veianer Wopen hinn - déi mat der ‘croisette recroisettée’ op d’Herrschaft Boland (ë. a. d‘Mierscher Co-Seigneuren). Aus deem 1795 geschafene Kanton Veianen senge 15 ‘Agencen’ goufe kuerz drop Mairieën. Mierschent koum deemols an d’Gemeng Laaschend, déi dunn ëm 440 Awunner hat. D‘1826 komposéiert Gemeng Pëtscht huet zwee touristesch Dierfer am Ourdall a fennëf ländlecher om Ardennerplateau. Nodeems de Landmiesser Valerius 1829 hei 3 Méint laang Land vermooss hat krut d’Sectioun Merscheid op Kadasterplangen de Buchstaf G. (Eng zweet Parzellen-Nummer indiquéiert Deelunge bei Ierfschaften.)

Virun 1808 war Mierschent Deel vun der Por Branebuerg, duerno gouf et eegestänneg mat Groolgen, Nuechtmanescht a Weiler. Kierchepatréiner ass St. Hubertus ( ee vun den hl. Marschallen, déi bei Gebieder ganz hellëfräich si sollten.) Vum zweete Patréiner Erasmi erzielt eng Legend en hätt mol an engem staarken Donnerwieder gepriedegt, a just iwwer him an senge Nolauschtrer wär den Himmel blo bliwwen. (‘Mosella Sacra‘-Buch) D’Duerf krut 1833 eng nei Kierch op d’Plaz vun där aler an 1922 eng Sakristei. Hir Ronnbou-Fënstren vun 1950 si vum Zanter. De remarkable Wandteppech am Chouer weist d’Fousswäschung vun der Marie-Thérèse Kolbach, (1964 Mat-Laureatin vum Prix Grand-Duc Adolphe.) D‘Still an de Volleksaltor si modern an d‘Lüstere klassesch. D‘Uergel aus der Lëntgener Uergelmanufacture datéiert vun 1979. Mrg. Franck hat bei enger Visite d‘‘viirbildlech Duerfgemeinschaft‘ gelueft! Gestëft vu Fiermpätter a -Giedel goufen den Tabernakel an d’Muttergottes mam Kand. - No der Ardennerschluecht waren iwwerall Opbau-aarbechten néideg. Den noen 100m3 groussen 1949 gebauten Drenkwaasser-reservoir fir Mierschent a Groolgen ass 2005 rénovéiert ginn - de Kierfech gouf 1958 aus dem Zentrum an d‘Weilerstrooss deplaçéiert. Nieft der Kierch stinn als Undenken eeler Grafsteng an d’relativ nei amenagéiert Kierche-Plaz valoriséiert d’lokalt «Monument aux Morts».

Déi 1932 gebaute Schoul vu Mierschent hat bis 1998 gedengt. Se gouf duerno ‘préscolaire’ an krut, moderniséiert, d’Roll als Festsall. Si gesouch den 10. Mee 1940 ‘unablässig deutsche Flieger im Tiefflug die ganze Gegend überkreisen.’ E puer Stéchwierder zu 1945: Ugrëff op Houschent a Merschent - ënner Schnéidecke verstoppte Stroosse gesicht an vu Panzermine befreit - 3 batterkal Belagerungsdeeg an äiseg Nuechten - Amerikaner a ‘fox-holes’ – de 25. Januar minus 18 Grad - hellëfräich ‘Jabo’-Déiffligg – onbewunnbar Haiser an provisoresch Noutwonnengen. – An d’mouvementéiert Liewe vum Pierre Martzen (*1911) vu Mierschent, (am Krich ’prêtre du Maquis‘ zu Roanne/Loire an duerno Militär-Aumonier) koum no 1948 en definitive ‘pied à terre’ als Geeschtleche vu Bërmereng. Den 1903 zu Mierschent gebuerne Mgr Alphonse Turpel war Chefredakter an duerno LW Direkter vun 1958-1971. (Ënner senger Leedung goung de Verkaf vum ‘Wort’ vun 63.948 Nummeren op 69.939 erop.) - Allgemenges nach: den Uertsnumm bedeit ‘endroit situé dans une clairière près d’un marais’. D’Bëscher zum Blees-Dall hinn hu suppech Plazen a Quellen opweises. Een Observateur hat zum Sauer-Zoufloss geschriwwen ‘la Blees glougloute bien heureuse…’ Dëst Verb gouf fréier op Quellen oder Sprangbure bezunn. A fréier gouf ‘t heirëmmer sécherlech Biesembënner deenen hir Spezialitéit Gënze Bieseme waren. Kënschtlernaturen ‘hätten aus Gënzebléien eng Symphonie gewiewt’! (Auteur onbekannt)

P.S. De Merschter hire Manifestatiounskalenner stécht voll gudder Iddien: Den 2005 gegrënnten Duerfclub freet sech, dass (Samschtes viru Buergsonndeg) nom d‘traditionelle Buurgbrennen de Brauch vum Eeërbaken esou gutt ukënnt! (Dofir ginn Eeër, Zosiss a Speck opgehuewen, an d‘Diren vum Veräinsall (al Schoul), sinn op fir jiddereen, deen hongreg ass! Aner Attraktioune sinn den Aperitif op Ouschtersonndeg am Festsall – Éischt-Mee Feier am Duerf - Kiermesbal am Zelt a Spiller fir di Kleng - Duerffest mat traditionellem Rallye pédestre ronderëm Mierschent – dann Marcassin-Beaujolais-Owend am Festsall an Besuch vum Kleeschen. D’Leit vu Merscheid-les-Putscheid sinn wéi d’Nuechtmaneschter net béiss, dass d‘Wandrieder verkaaft sinn a Polen. Fir sech ze deplaçéieren gëtt et hei all zwou Stonnen e Bus op Dikrech oder an den Norden. An jee nodeem wéi d‘Wieder ass, schéngen d’Wolleken douawen zum Gräifen no.