Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Miersch (II)

Am Joer 1905 hat Miersch 1114 Awunner, eng Aptikt, e Veterinär, zwee Dokteren an zwou Hiewanen, dräi Bäcker, een Zockerbäcker an ënner anerem fennëf Metzeler. ‘t huet dem ‘Miersche Fränz’, (dem ‘Korrespondenzhamster’, Sprinter an Editeur François Mersch) Freed gemat, Réckblécker a Buchform ze paken… Seng ugefaange Mierscher Lëscht ass riiseg: se gëtt och dräi Schonggeschäfter, aacht Schouster, fennëf Schneider, sechs Schräiner un an d’Grënnung vum Footballklub ‘Marisca’ vun 1908! Di grouss Iwwerschwemmung vun 1918 mat bis 50cm Waasser op der ‘Stäereplaz’ war net di eenzeg - d’Béi vun der Laangbréck waren ze enk, housch et deemols. (1937 gouf d’ural Bréck ersat.) D’Uertschaft, an déi elo eng spektakulär rout Hängebréck féiert, huet den neie Buergermeeschter ëmschriwwen als ‘Cocon, ëmgi vun der Natur, an deem een an aller Rou liewe kann.’

Al Manuskripter wéi déi vum ‘Klenge Bertels’ vu 1571 bréngen historesch Schnappschëss aus der Lokalgeschicht. Déi fir sech als Verwalter geschriwwen an illustréiert Notizen iwwer Besëtz a Revenue vun der Mënster-Abtei sinn eemoleg Dokumenter. D’Miniatur vu ‘Meers’ weist e Monasterium, e puer Haiser, eng al Kierch, e buergähnleche Bau mat zwee Zwibbel-Tierm an zwou reng Textzeilen, op latäin. Den Duerchgang zum ofgerassenen ale Kiercheschëff hunn am hënneschte Mauerwierk vum erhalenen "Alen Tuerm" zwou gotesch Sakristei-Fënschtere verschloss. D’imposant haitegt Wouerzeechen mam 10m héije Kuppeldaach ass 40m héich. Seng zwou vu St. Maximäin bei Tréier gestëfte Klacke vu 15 an 11 Zenner hat d’franséisch Revolutiounsarméi 1798 konfiskéiert (fir Kanounen aus hinnen ze géissen.) Mä duerch d’rapid installéiert Tuerm-Auer vum Auermécher Martin Straus haten d’Mierscher d’Recht op eng Klack a kruten erlaabt en nach intakten Exemplair um Stater Glacis ofzehuelen. An der 1. Hallschent vum 19. Jh. war Miersch eng vun eisen 12 gréissten Uertschaften. Diligencen, déi aus Direktioun Grousbus koume, konnten eng Tëschenétappe an engem vu sengen zwee Hoteler aleeën. An ‘t ass vun eise Gemengen déi, mat de meeschte Bëscher a mat 99 km Waasserleitungen. (mersch.lu/la-commune-se-presente)

D’joerhonnertenal Foussgänger-Passerelle nieft der Mierscher Äisch-Fuert hat ënner hollännescher Herrschaft eng ‘provisoresch’ Bréck ersat. De belsche Regime huet d’Areler Streck verbessert - aus strategesche Grënn iwwer Réiden. 1875 koum dann eng definitiv Bréck, an d’al Fuert war Dränk fir Véi a Spillplaz fir Kanner. (Kaum bekannt ass, datt um Mierscherbierg fonnten Erz do gewäsch an bis an d’mëttelt 19. Jh. op Fëschbech bruet gouf.) E Stéckelche Fortschrëtt koum kuerz duerno mam Uschloss vun de Kantonshaaptstied un d’Stadter Telephonszentral. A geschwënn drop konnten d’Stied ënnerenee verbonne ginn! Miersch hat am Januar 1887 laut Pressecommuniqué 12 Abonnenten, (an 1895 mat 26 där zwee manner wéi Woltz.) ‘t koum 1908 op eng Capacitéit vun 100 Nummeren. D’weider Evolutioun verréit eng Notiz aus dem Lëtzebuerger Wort vum 18. Juli 1927. Dës goung iwwer intressant baulech Verännerungen un der Äischbréck: den Uertskär sollt duerch d’Firma Bermann-Salomon ‘ein grousszügeriges Gepräge’ kréien!’ Déi un der grousser Stroossekräizung Lëtzebuerg-Dikrech, Lëtzebuerg-Miersch-Arel a Miersch-Schëndels-Kapellen geleeën ëffentlech Plaz gouf erweidert a konnt duerch agehollenen Terräin ëm d’al Äischfuert ‘zu Maartzwecker’ genotzt ginn! D’Uertschaft hat jo fréier allerlee Betriber - hire Resumé vun 1905 completéieren nach d’Biskuitsfabrik, dräi Kuelenhandlungen, zwee Auermécher, an och zwee Notären, 3 Hoteler an 28 Wiert.

De Mierscher ‘Krounebierg’ krut säin Numm duerch d’1939 vum Architekt Henri Luja entworfend Fräiheetsmonument. (D’Ronnsail mat gëllener Kroun, ë. a. véier Bronze-Wopen, Eechelaaf-dekor an Inscriptioun vum Nik. Welter hat d’däitsch Besatzung am November 1940 niddergerass ir s’ageweit war. An dësem däischter-schwaarze Summer hat d’Altersheem nieft 57 permanente Locatairen (ë.a. 13 iwwer 80 Jäereger an 26 Gelähmter) nach 41 Evakuéierter. (D’iwwer 380 Mierscher Evakuéiert koume groussendeels aus der Minettsgéigend.) ‘t sollten deemols do ‘diskret’ 10 Néieschen a 4 Schneiderinne vermuttlech Uniformen a Fallschirmer hierstellen. («Mersch im zweiten Weltkrieg», Roger Hilbert, Buch - an www.Mersch.lu) Den Obelisk vum Paul Luja, d’neit Monument, gouf am Juni 1959 presentéiert. Säi Sockel valoriséiere patriotesch Wierder vum Albert Elsen, d’gerette Welter-Schrëft an d’al Bronzewopen. - D’Iddi de lokale "Geschichtsfrënn" hire 50. Anniversaire mat der Ouverture vum neie Mierscher Musée ze feiere krut vill Luef. Den Ausstellungsraum an der Schlasskapell presentéiert ë.a. eng speziell ‘Almosenstiftungstafel’ aus roudem Sandsteen aus dem 15. Jh. (Se stellt 6 Brout duer an hire laténgeschen Text erkläert, dass beim Verkaf vun enger Mierscher Wis 5 Brout fir di Aarem a Wäin fir de Pastor ausgehandelt goufen. Eng ähnlech ass landeswäit net bekannt...

P.S. virun gutt 10 Joer krut de Mierscher Stadpark an de Kierchenwisen en neie Look! Wou d’Mamer an d’Uelzecht zesummefléissen hunn e Belvédère, e Pavillon ë.a. e kënschtleche Séi a generéis Plantatiounen d’Kompliment inspiréiert, e wär ‘un modèle d'esprit social et l'expression d'une harmonie parfaite entre jeunes et vieux.’ (Sabina Fank) Nobäi invitéieren d’Mierscher Kulturhaus op artistesch Spectaclen an d’Lieshaus dégagéiert eng accueillant Atmosphär. Am éischten hat 2012 d’Ausstellung ‘Schoulkanner, fréier an haut’ grousse Succès. Aner méi rezent Attraktioune waren d’Balloon Trophy 2016 mat 39 Piloten aus 14 Länner - an duerno do d’Rousen-Expo mat historescher Dokumentatioun vum lëtzebuerger patrimoine rosier, deen eis Rosiéristen Enn des 19. an ufangs des 20. Jh creeéiert an exportéiert hunn. Importéiert goufe virun an nom Krich faarweg Filmwelten am Kino Lacaff an rezent am neien Ermesinde-Sall. An hire Staren gesouch a ‘gesäit de Publikum eppes wéi Frënn an ass gespaant op hir Mésaventuren…’(no engem Hitchcock-Zitat.)