Menster
Kuckeswäertes zu Menster sinn eng herrlech Duerfplatz nieft der Kierch, d‘Kulturhaus an de Musée al Schmoett, net ze vergiessen Äepel a Quetsche-Bongerten, Fëschweieren, an d‘gefaasste Quellen um Widdebierg, Bis 1962 waren iwwregens d‘Steebrech um Widdebierg „d‘production nationale quasi exclusive de pavés“. (La Voix) Hirer zimmlech perfekter Paveestäng leien a Bauerenhäff an der Ëmgéigend (ë.a. zu Hierber, Berburg, Manternach an Ohn.) - D’Duerf louch fréier net ganz ofsäits, vun Arel hier koum d’grouss Konsularstrooss vu Reims iwwer Stengefort, d‘Cap a Mamer, via Fëschmaart, Weimeschhaff an Nidderaanven op Menster - fir beim Widdebierg zesumme mam Kiem vu Metz op Tréier ze féieren (J. Koltz). ‘t konnt vu béide profitéiert ginn - och wann den Charles Marie Ternes eis deemoleg Regioun beschreift als ‘plage minuscule battue par les effets du temps‘. Deen 386m héije Bierg ass haut en Naturreservat, an deem vill Quellen entsprangen.
Menster, 1043 Mennesdorf an 1225 Menestrorff genannt, war am 14. Jh. eng Seigneurie ‘aus nidderem Adel mä verméigend‘. Eng Zäitche virdrun ernimme Schenkungen engem Stater Bierger aus der Bäckerzunft, dem Walther vu Mensdorff, seng Wittfra Osilia. (Si hat 1255 zum Séilenheel vun hirem Mann an deem eegnen dem Hl. Geescht Klouschter hiren Zehnten vu Bartreng an hirt Stroossener Fräigudd vermat.) Den 1330 dokumentéierten Don vun 130 Pond vum Statscheffen HEINRICH vu MENSDORF goung un Almënster fir Klouschterschold erofzesetzen. Säin Fils Jean war ee räiche Grondbesetzer ëm d’Stad an 1340 och Scheffe, wéi de Jang de Blannen d’Fouer gegrënnt hat. (Scheffe-Posten waren e Sprongbried zu héijen Ämter!) Den 'Armorial‘ Loutsch presentéiert säi Wopen, e schwaarz-wäiss gezeechenten Hirsch op enger Kopp. Dem Jean seng Schwëster Katharina, (Fra vum begidderten Thilman vun Helleng a Johann II. vu Branebuerg) hat beispillsweis Besëtz zu Mamer an Eech a secher ni Geldsuergen. Hir Ierfschaft goung am 9.8.1379 un d‘Mënsterabtei (à condition, engem Klouschter vu Verdun jährlech 3 Tournosen Zënsen ze ginn!) Last not least war een Nikolaus Mensdorf von Luxemburg ‘Scholaster von St. Paulin in Trier‘ a säit 1329 ‘Advokat‘ vum Balduin. A wéi an den 1360ger d’Grofschaft Chiny bei Lëtzebuerg koum hat eisen Duché seng gréisst territorial Expansioun. A propos Menster bleift d‘Info, dass et Visitatiounslëschte vu 1570 an 1787 no zur Abtei Iechternach gehéiert huet, Filial vu Fluessweiler war bis ‘t 1808 bei Ruedt koum an 50 Joer drop 1858 selbststänneg Por gouf!
Den eleganten neoromanesche Kierchtuerm vun där kierzlech renovéierter Menster Kierch (vun 1853) entstoung ëm 1900 gréisstendeels aus Steng vum lokale Steebroch. Nieft e puer Fënstre vun 1900 ginn figurativer vun 1941 dem Raum je no Dageszäit eng mystesch bis feierlech Stëmmung. (Déi modern hallef-offe Kierfechshal dekoréiere konschtvoll Glasmotiver vum Bernard Bauer.) De Greef-Greisch Altor vu 1698 huet e ‘Style énigmatique‘ mat schéiner Bildhaueraarbecht. D'impresssionant franséisch Uergel ass en Ierfstéck vu Rodange, staamt awer aus enger franséischer Abtei. Intressant Menster Kierchen-Unikater sinn déi dem hl. Eugene geweite Klack an d‘Duerstellung vu St. Gall, dem ‘protecteur de la basse-cour am habit d’abbé. (Th. Walin) (Gallus, bedeit der Kelte. Deen ëm 550 an Nordirland gebuerenen Hellege war op d’mannst 90 Joer al ginn.) De Kult ëm fréier Schicksalsgöttinnen, d‘dräi Ëlwener Jofferen, hate lues a lues d‘hl. Jongfrae Fides, Spes a Caritas verdrängt. (Hinne gouf d’éischt Menster Gotteshaus geweit, wat op dem Uert säin héijen Alter hiweist.) 'Klangkultur héich sechs' ass e Luef, dee sech haut hei "Musek am Syrdall"-Owenter heefeg verdengen.
Den ale gut ausgebaute Kierchewee op Fluessweiler goung fréier iwwer de Widdebierg. Dass do ewell eng gallo-réimesch Siedlung louch beweisen eng entdeckten Minervastatu, Déierefiguren wi Panther, Schwan a Fësch, Schmock a Mënzen. Deen 1915 do fonnte Votivsteen huet eng gemeesselt latengesch Inscriptioun a war dem Gott Veraudunus an der Lokalgottheet „Inciona“ geweit. Säin Original ass haut am Stater Nationalmusée. Den Numm Widdebierg soll op Veraudunus baséieren. Flouernimm wéi Brill,“Bruch” an och Griecht weisen op fiicht Plazen am Quellegebitt hinn. D‘Wollefsgriecht erënnert drun, dass hei am kale Wanter d’Wëllef haule koumen bis bei di éischt Haiser! - Kandheetserënnerunge vum Milly Thill beschreiwen e gutt Quetschejar bei hirem Menster Pätter: D'Beem hunge “sou voll wéi drugeklaakt.“ D’Quetsche goufen erofgerëselt op Saackdicher a koumen a Kierf. D’Stäng goufen den zweeten Dag erausgeholl an den drëtten koum d‘Kachen! D'Mëttegeesse bestoung aus “Eisekuch a Bouneschlupp mat Quetschen dran“. Iergendeemol hat d'Ditti e Säckelchen Anäis an de Quetschekessel gehäit. D’Resultat war ausgezeechent! - Last not least besteet vu fennëf Duerfbistroë just nach een. Den Itinéraire culturel VIA VERA verbënnt där räicher Gemeng Betzder hir Uertschaften. En hellëft hire gebauten an hire gewuessene Patrimoine z’entdecken a Plazen «qui évoquent notre passé et qui expliquent notre présent.» (J. Waringo)
P.S. Net all Menster Hären dauchen a Geschichtsbicher op. Mer liesen awer, dass d‘Duerf zäitweileg zur Grofschaft Roussy gehéiert hat a 1659 bei Frankräich koum. (D‘Grofe vu Roussy goungen an der Franséischer Revolution ënner alem Numm an Éisträich. Een Alexander von Mensdorf gouf do Außeminister vum Kaiserräich a säi Fils Albert (*1861) éisträicheschen Ambassadeur zu London.) Nozedroe bléif, dass d‘eelst erhale Stater Rechnungen 1388 d‘onanfechtbar eelste Familiennimm dokumentéieren; zou deenen zielen ë.a. Franck vun Iechternach, déi vun de Scheffe vu Stroossen, Bettingen a Menster.- Am Kader vun der 25. Ausgab vun „Musek am Syrdall“ hat de lokale Kulturzentrum e spezielle Programm: do konnten am Abrell 2012 beim Vokalconcert „Charivari“ d‘Mënschen aus der Gemeng gemeinsam mam Camille Kerger hir Freed um Gesang deelen! (D‘Ausgangsbasis dozou war d‘aalt Menster Lidd.) D‘Traditioun vum Charivari-Schloen erkläere Spezialisten mol als ‘tapage, plaisanterie, notes discordantes oder témoignage d’une désapprobation.’ (Am Film “Le Bossu de Notre-Dame” reimt iwweregens an engem Lidd Paris, mat Grand Charivari!) Am Mount Januar 2015 hunn 914 Awunner dem Duerf säi rurale Cachet approuvéiert, d.h. 183 méi ewéi 1848.