Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Meespelt

D‘Kielener Akte vum État civil ernimme Meespelt am 19. Joerhonnert dacks ënner dem Numm Meestert (Meistert) oder Määster. Dëst läit 13 km vun der Stad, säitlech vun den Haaptstroossen an nërdlech vu Koplescht. Eng vu senge Stroossen, déi sech am Zentrum kräizen, ass eng Saackgaass. D’Duerf hat 1848 am ganzen 209 Awunner an ëm 1900 an 31 bewunnten Haiser 177 Leit. An seng 284 vun 2005 sinn an zeng Joer gewuess op 313. Zréckgekuckt hat Meespelt e passé agricole et artisanal - ënner den 9 lokale Steemetzer ware 4 Bridder; aner Handwierker vertrueden hunn e Gipser, e Schneider, zwee Woner, an zwee Bridder als Wiert an Epicier. Haut si Keespelt-Meespelt wéi fréier entouréiert vu Bëscher, vu Wisen a Bongerten an der “Heedchen” - also Natur pur, déi ëmmer nees nei Awunner unzitt. ‘t war wéi d’Ëmgéigend spéitestens säit de Kelten bewunnt. An hirer stabiler gesellschaftlecher Struktur hat d‘Fra iwwregens keng ënnergeuerdent Roll.

Den zwee Dierfer Keespelt a Meespelt hir Entwecklung haten nobel Franken (sënngeméiss “die Mutigen, Kühnen”) an d’Tréierer Abtei St Maximin guttgeheesch. Dës hat do gréissere Besëtz an als Seigneur foncier d’Bam-Ruedung encouragéiert. Am Gemengewope marquéiert eng vertikal “Crosse d’abbé d’ôr” hir Presenz, d’Klouschter sollt jo de reliéisen Centre an d’am 9. Jh. entstane Por Schéimerech ënnerstëtzen bis bei d’franséisch Revolutioun. Dass Schéimerech als Plaz Leit säit Mënschegedenke faszinéiert huet weist säi Véiergëttersteen mat Juno, Minerva, Mercuri an Hercules, deen zu engem Réimertempel gehéiert hat an haut am Musée steet. Am Mëttelalter hate béid Dierfer ewell eng gewësse Verbonnenheet, Keespelt a Meespelt ware laang Deel vun der Seigneurie Aansebuerg, an dat éischt war hire chef-lieu. Den noen ‘Keuspelter Pad’, den Héichtewee Miersch Keespelt, ernimmt e Weistum d.h. eng historesch Rechtsquell vu 1542.

Nach e Bléck op Schéimerech, wou ural Brandgriewer fonnt goufen a bis zu 400 jäereg Grafsteng. Dës si säit 1935 denkmalgeschützt an eng Zort Fräiliichtmusée. (139 där Klengdenkmäler vun 352 recenséierten beschreift e Buch.) Verstengert Zuele verroden do de Meespelter an Intressenten aus dem Schéimerecher Porgebitt Ahnen-Daten. Zwee där barocker Steng mat Strahlekranz ënnerem Kräiz droen Inskriptioune Kill, Meespelt, 1762 an 1764. Beim zweete vum Johannes Kill ass allerdéngs d‘Stierfjoer anescht wéi am Por-Regeschter. Ee grad sou aalt (vum LVSKASKAN DENBEIN +1764 aus Tiroul, bestued mam Anna Muller) schreift Merzborn fir Meespelt. (F. Toussaint) D‘(streng) Remarque vum J. Engling zum ländleche “Mangel an Kunstkuriosität” passt hei net. - D‘Ferraris Kaart weist Meespelt als Rechteck, südlech vun der Forge d’Ansembourg, nordëstlech vun Dondel an nieft dem Keespelter Véiereck! Haut sinn d’al Noper um Plateau quasi zesummegewuess. (Héichteméisseg läit et mat 350m onveräennert iwwer Dondel (op 261m), dem Aansembuerger Schlass (op 239) an dem noe Mariendall op 236.) Op di kleng Meespelter Weekapell mecht en Don am Memorial vun 1852 obmierksam. Deemols hat d’Cath. Brausch, veuve Schanck, cultivatrice vu Keespelt e Gaard «pour l'emplacement d'une chapelle» am Wäert vu 500 Frang geschenkt. luxchapelles.lu presentéiert d’Wee-Kapell mat 3 Säitefënstren an dem klengen apaarte Klacken-Daach. Hiren Altorsteen ass en «Autel du souvenir des victimes de la guerre 1940-1945». De Calvaire vu Meispelt aus dem XVIIIe Jh. erënnert un den do 1742 verstuerwene Peter Schneider vun Tënten.

Eng Promenadebeschreiwung weist um Wee Meespelt-Dondel eng isoléiert Millen mam Schëld "Kleng Amerika". Eng Meespelter Famill huet s‘ëm 1850 gebaut, nodeems en Auswanderungs-Agent se bedrunn hat! Laanscht d‘Hausfassad leeft Dondelerbaach ënner enger Bréck erduerch a spéider dann an d’Äisch. Ënner aneren Auswanderer fënnt een de Jean Antoine Klopp (*Jan 1846, an ‘passed away on 26 Jul 1946 in Miespelt, Luxembourg‘) a seng Fra Catherine Biver. An der ‘Inkarnatioun vum Wonnerland‘ ernimmten Emigrante waren och en Nick Losselyoung an Cathrene Flaver vu Meespelt an Nokomme vum hei gebuerenen Nic. Thill-Wellenstein; (säi Fils Nicolas war 1893 emigréiert a säi Brudder Peter ‘married probably before emigrating Anna Hilger.‘) – Zréck an de lokalen Alldag: Do feelen Detailler (vun 1897) zum Reglement vum Kielener Gemengerot iwwer d‘Notze vum ëffentleche Wäschbur Keespelt-Meespelt. Vläicht goufen do Baakrezepter getosch wéi dëst: “d'Brout gët méi méiss wann ee gekacht, dréche Grompre mat dra kniet” (Engelmann) oder getuschelt iwwer de lokale Wahlkrich. Am selwechte Joer gouf d’Wahlresultat kontestéiert a sech ‘zermääschtert‘ an op Fuessdënschteg koum et zur ‘Määspelter Stroosseschluecht‘! Beim Thema Waasserverdeelung am Kanton Capellen sollt 1906 envisagéiert ginn Keespelt a Meespelt vun Dondel aus duerch e Pompelsystem mat Waasser ze versuergen. Bei där dofir organiséierter Zielung hat Meespelt 128 Leit a Keespelt 344, an virgesinn war e Wuesstem vu 15 %.

P.S. Een deen an der Geschicht nëmmen d’Anekdote gär hat, de Prosper Mérimée, hätt där zu Meespelt wéineg fonnt. Ob et an deem mat Keespelt verknëppten Duerf och housch wéi am Nopeschuert “ em  schlôfen” - d.h. d‘ganz Nuecht duerchschlofen - ass net gewosst. Dëse Sproch staamt aus dem ‘HUSS‘-Dictionnaire. A wéi deen 1906 erauskoum bestoung d’Chorale Keespelt-Meespelt ronn 30 Joer! Se zielt zu den eelste Veräiner aus der Gemeng. D‘Zwillingsdierfer hunn zesummen och Pompjeeën, e Musek-Veräin, e Fraen a Mamme Club an d‘KREA Keespelt-Meespelt (e Kierzel fir "Kulturell Reanimatioun.") Seng Membere kenne vläicht d’Erklärung vum Uertsnumm, dee viru knapps 1000 Joer als Meisbrath (1026) opgedaucht war. Nimm déi mat Meiss ufänken sollen mam Persounennumm Maximilien korrespondéieren. (J. Tosti) Schlussendlech nach eng Google–Info zum lokale Wieder: d’Temperatur läit normalerweis zu Meespelt an der Moyenne bei 8.8 °C, Reewolleken zéien net laanscht an ‘t falen do statistesch ronn 856 mm Reen pro Joer. An Girouetten hätten hei, mam ‘Katterwang‘ am Réck, sécherlech de Wonsch eemol de Wand ze dirigéieren.