Meecher
Meecher läit op 404m Héicht op der Landkaart e Spronk ewech vu Léifreg. ‘t geet allerdéngs keng direkt Strooss dohinn - just e Feldwee. D’Mecherbaach hëlleft grad wéi aner bescheide Baache ronderëm iwwer de Säitenaarm vu Bavigne de Stauséi speisen (deen Drénkwaasser fir 70% vun de lëtzebuerger Stéit assuréiert.) Wien nach ni zu Mecher war entdeckt via Google-Kaart dem Duerf seng fënnef riseg Bauerenhäff, ëstlech Dénkert a süd-westlech de Flouer um Knapp! Iwwer esou Koppen hunn d’Kanner fréier gesongen: “Gäs de mat/ op de Knapp/ Holz haen/ Bire knaen/ Dëppe géissen/ Huese schéissen.” D’Meecher Awunnerzuel hat am Laf vun der Zäit just liicht geschwankt: se louch 1848 als Gemengenhaaptuert bei 74 an 2012 bei 78. Véier Joer duerno, erfaassen d‘Awunnerdaten 69 Leit. D’aktuellt Gemengenhaus steet zu Béiwen um Séi, dat aalt vu Meecher gëtt haut als Wunnhaus genotzt.
Beim Sichen no lokalhistoresche Wuerzele bidde kleng Uertschafte meeschtens wéineg Dokumentatioun. Virun 1300 Joer hat eist Land eng aner Form, de Lambertus, e Virgänger vum Haupert, war en Ardennerbeschof (an d’Guttland war zougehéireg zu Tréier. Lëtzebuerg krut am 14. Jorhonnert mat 10.418 Quadratkilometer seng gréisste Fläch. Wichteges sollt an de Stied passéieren, an ofgeleeënen Dierfer war wéineg Passage. Mä ‘t goufen och kleng Doten vum Land, heldenhafter wéi béiser, veréiwegt. Ëm dat typescht Ardennerdierfche waren am Joer 1418 Zwistegkeeten notéiert tëscht deene vu Branebuerg, Esch a Clierf: De Johann ( II.) vu Branebuerg) hat beispillsweis 60 Gulde bezuelt fir Schued zu Léifreg a Mecher! 1431 verréit eng Zeil ‘Johann war schnell bei der Hand, wenn es galt eine Fehde zu führen.’) Tëscht 1724 a 1727 beschreift d'Chronica Hubertiana eng Hongersnout, “wo ess nit geregnet vom halben Mertz bis in den halben Brachmonat ist wenig grass und haber (Hafer) gewachsen. 1726, hat keiner fruchten genug bekommen für sein Hausstatt.” An 1727 am verreente Summer “mussten sie den ganzen Monat das Korn im Ofen trocknen”. An de 1730ger “hat ess hart gereifft und gefroren”, d'déck Boune si gefruer, a schlëmm Donnerwiederen hunn Eechele fir d'Schwéngstmaascht zerschloen. (d’Land, Joer 2000)
Op der Ferraris-Kaart grenzt Mecher un Dinckeroth! D‘1797 gegrënnte Gemeng Meecher, am Kanton Wolz, bestoung aus Béiwen, Baschelt, Léifreg an zäitweileg Kauneref. Hiren éischte registréierten acte de naissance: Frantz Wanderscheid, 25.10.1797, Papp Joannes, Mamm Anna Catarina (LUXROOTS G. Eicher.) D’kleng Gemeng ass den 1. Januar 1979 mat där Hareler fusionnéiert zur ‘Stauséigemeng‘. D’Gesetz war vum 23. Dezember 1978 datéiert. Di al Gemeng hat kee Wopen, d‘Elementer vun dem nei geschafene symboliséieren d‘Wolzer Hären, de ‘prévôt de Bastogne’, deen heirëmmer Besëtz hat, an de Stauséi mam Hiecht! - D'Kierch vun Dénkert-Meecher, war ewell 1712 gebaut ginn. Se steet am ëstlechen Deel vun der Uertschaft, deen Dénkert heescht, huet Ronnboufënstren, eng schéin Holzdir an traditionnel Bänken. Se zielt zum Porverband Öwersauer an ass frësch an d’Rei gesat. E Video vu gutt 10 Minutten presentéiert d’kierzlech Renovéirung vum Interieur mam degagéierten Daachgespär um Internet. (wikipedia.org/wiki/Kierch_Meecher.) Patréiner ass den ewell ernimmten hl. Lambert (…deem d‘Éisleker 3 Eeër geaffert hunn, dass d’Hénger gutt sollte leeën!).D’15 abstrakt Fënstre vun ugangs den 1960ger hunn deels Symboler, an hirer sechs verschéineren d’sougenannten Daachgauben. Dat aalt Paschtoueschhaus mam Gaart nieft der Kierch gouf am Dezember 2007 klasséiert als Nationalmonument.
‘t bestinn zwee Dierfer am Éislek mam Numm Mecher, dat zweet an der Gemeng Clierf huet just e puer Haiser an eng Kapell.) Fir béid gëllt d’Zeil aus dem J. Fr. Gangler-Dictionnär vun 1847 “t' jong Leit kucke viroin sech, an dé âl hanner oin sech.” (Zitat v. Montaigne). Op d’Origine vum Numm weist de Vergläich mam galloréimesche Guttshaff Giewel/Miecher hinn. (Dësem säin haitege klenge Bësch “am Miecher” bezitt sech op d’latengescht maceries, wat ‘Trümmerhaufen’ oder Mauere bedeit.) Notize mam Rapport op d’fréier Gemeng: 1917 gouf Meecher invitéiert 800 fr. an de Fonds de dépenses communales ze bezuelen, (Kautebaach am Vergläich 600.) D’Sektioun Mecher/Wolz gouf 1951 inkorporéiert ‘au district d'élevage du bétail pie-rouge’. Dës Kou-Rass exploitéiert ‘au mieux les pâturages médiocres’, hire Kieperbau ass stämmeg, hiert Fell charakteriséiert e wäisse Fong ‘tacheté de marron’ (verrode Wikipedia Zeilen.) Tëscht 1955 an ‘58 hate Meecher wéi d’Nopeschdierfer vu wäitem materlieft wéi ë. a. d‘Léifreger Millen an d’ural Lännereie ronderëm verschwonne sinn. A se hunn sécherlech d’Wuesse vun der 47m héijer Boustaumauer mat gemëschte Gefiller verfollegt (déi um Fouss 4,5m an op der Kroun 1,5m breed ass an de kënstleche Séi stäipt.)
P.S. Um hallwe Wee Denkert-Léifreg, op der Plaz genannt am Lechelchen, steet e verfalend hëlze Kräiz - do goufen d’Leit nuets enger Soo no anscheinend vu Mäiss gefriess! (Dës al vum Kaunerefer Schoulmeeschter Esch erzielte Soo sollt wahrscheinlech Leit ofhalen nuets spéit heem ze goen!) Wien hei d’gutt Loft a Rou genéisse wëllt, fënnt béides op der 6,99 km laanger Randonnée Bavigne-Mecher (mat Profil tëscht 326 an 404 m). Wien sech fir Krichsgeschéien intresséiert: hei goufe statistesch zwee vun sengen 18 Haiser iwwer d’Hallschent beschiedegt an 10 ënner 50 %. A wien eng Rascht maache wëllt, erlieft am Café Peiffer eng Surprise: Am Kader vum Bopebistro-Tour hat e Wort Artikel de ‘Mecheromat’ virgestallt. Dëse fiktive Geldautomat ass e modèle unique, deen d‘Konne vum Café an den 1990er als Abrëllsgeck gebaut haten. Mat enger bestëmmter Kaart konnt een dann fënnef Frang “ophiewen.”