Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Marscherwald

D‘Haiser vum ‘Marscherwald’ leien net wäit vun der Heringermillen, dem Häerz vum Mëllerdall. Se ziele mat deene vu Wolper, sechs grousse Bauerenhieff, engem Deel vun der Kalkesbaach, Präiteler, Kolwent a Scheedchen zur gaaschtfrëndlecher Gemeng Konsdref. (‘t fënnt een eng rue de Marscherwald zu Gro- an zu Allënschter.) 2006 waren an där nom Bësch genannten Haisergrupp 14 Awunner an haut 11. Ënner hire 5 Haiser fällt d‘Fieschterhaus op. Vun do aus geréieren zwee Fieschtere Staatsbëscher an déi vun de Gemenge Bech an Hiefenech, Konsdref a Waldbëlleg. Anescht wéi d‘Haiser zielen de lokale Flouer an de Bësch groussendeels zur Becher Gemeng. D‘eenzeg Strooss vum klengen Uert nennt d‘Hansen Kaart vun 1907 ‘Häregaass’! Si huet als Vue Wisen- a Flouerteppecher, déi de Bësch encadréiert. 1848 waren do 66 Leit agedroen. (D‘ural Siedlung ernimmt e Sprechwuert, dat mengt ‘sou al wéi de Marscherwal.’ (Dee munnchmol verschléckten ‘d‘ setzt den Engelmann tëscht Klameren!)

D‘Réimer hunn do Bauholz geholl an d‘Franke goungen duer op d’Juegd. Duerno koum d‘fränkescht Kroungutt vum Marscherwald un d‘Abteie vun Iechternach an Euren. Dokumenter no goufen d’Kléischter 1617 d’Eegentumsrecht an d’komplett Verwaltung vum Bësch u 7 Dierfer a 4 Häff. (‘t stoung an haut deels onlieserlechen Zeilen ‘... überweisen wir den "Marscherleuten“ frei und frank den besagten Wald’.) 1725 verroden Notizen de Verkaf vun 2.100 Eechestämm aus Konsdrefer ‘Gemengewaldungen‘ zum Präis vun 1600 Räichsdaler (fir al Scholde lasszeginn.) D‘Stämm koume via Musel a Rhäin an hollännesch Schëffswerften. (consdorf-history.blogspot.com.) De Konsdrefer Kierche-Bezierk ernimmt 1787 d‘Filialen ‘Hersberg, Altrier, Rippig, Zittig mit der Mühle und 15 Leute, die im Wald von Reuland (Marscherwald) lebten’; “für die Marscherleute“ ginn nach haut Stëftungsmasse gehalen. D‘Communautéit vu Proprietären - genannt ‘Marscherhaf’ - hat en eegent Geriicht. Onkloer bleift d‘Lag vun der ‘Marscherplaz’ wou Frevel bestrooft gouf... D‘franséisch Revolutioun sollt de Bësch a gläichgrouss Parzellen un d‘Vogten opdeelen. 1808 goung en dann u 67 Privatleit. Duerno goufen Deeler un de Staat an u Gemengen ofgetratt! (Fr. Schaaf).D‘kleng Uertschaft an de grousse Bësch mam selwechten Numm ware fréier e Ganzt an der Gemeng Konsdref. (Am Juli 1846 koumen d‘Bëschdeeler mat Besëtzer vun Hemstel, Zëtteg, Rippeg an Heeschbrech bei d'Gemeng Bech. De Rescht an d‘Haiser am Marscherwald bloufe bei där Konsdrefer.

Am 19. Jh. huet d‘modern Forstwirtschaft ‘Waldweide für Hausvieh’ verbueden. Intensiv Bëschaarbechten hunn awer d‘enk Schluchten am Mëllerdall verhënnert an urwald-ähnlech Plazen erhalen. (C. Hemmer) D‘Buch “Sagenumwobene Holzriesen“ verréit der ‘Schapp-Bich’ bei Grolënschter hiert Enn. Dee bekannte Bam aus dem 500 Ha grousse Marscherwald hat 1924 en huele Stamm voller Beien! (N. Weins) ‘t bestinn net just friddlech Erënnerungen ëm de Mëllerdall - zäitweileg ware Bëscher net méi d‘beléiften ‘nie ermüdende Quelle von erheiterndem Naturgenuss‘! (Wieder vum Ernest Faber, 1907.) Am Marscherwald sollt d‘Groußfamill aus dem “Walltenhaus“ de Krich nëmmen deels iwwerliewen: däitsch Waffen haten d‘Mamm an e behënnerte Jong am Bësch erschoss an e puer vun hire Kanner konnte sech mam Papp an d‘Fielse retten. En aalt Weekräiz erënnert un e verschwonnenen Haff. Ufangs 1944 gouf de Fahrenhaff vum Okkupant ëmgerass. Grolënster Schicksalsgefährten haten nobäi en Erdbunker aus senger Brieder an Zille gebaut. (Vic. Schuster) Eng Senk am Buedem erënnert tëscht dem Groeknapp an der Schanz un den erofgeschossenen Halifax RAF Bomber vum 27/28. August 1943. Fir de 70. Joerestag goufe Mammutbeem fir d‘Affer geplanzt an ‘t entstoung op Privatinitiativ e Memorial ënnerum Klousterbësch.

Säitlech vum Dall laanscht d’Schwaarz Iernz sinn wuchteg Sandsteenfielsen, en hiwwelegen Terrain an ’t geet erop an de Paaschenterbësch. D’no dësem benannte fréier ‘cense de Pachette’ gouf 1902 Staatsbesëtz an donieft koume Staatsplantagen. Bei där fräigelueter Haff-Ruin gouf kierzlech hiren ëm 80m déiwen uralen Pëtz erëmentdeckt. (Ënnendrun fängt de Marscherwald un.) Zwee Fierschtere geréieren dësen nohalteg an hunn Buro‘en am naturnoe Fieschterhaus. Bei der Aweiung no senger ‘renovation douce‘ gouf erzielt, dass d‘ëm 1900 gebaute Gebai emol «Beim Jampir am Wald» housch. (‘t gouf 1950 Besëtz vum Domaine de Marscherwald an tëscht 1960 an 2009 exploitéiert vum haitege Forstrevéier ‘Triage de Marscherwald‘. (An den Annexe vum ‘logement de service‘ vun der Naturverwaltung waren an sinn e staatleche Bësch-Tracteur an en Atelier ënnerbruet.) - Absolut kuckeswäert ass d’glaskloer Kallektuffquell am Paaschenterbësch. (Bei der Präitelerbréck, vis-à-vis vum Schéissendëmpel féiert e Pad derbäi!) Dës rar duerch kallekhaltegt Grondwaasser gespeiste sensibel Biotopen entstinn ënner ganz bestëmmte Virbedingungen. Hir bal magesch Plaz lued an ‘zum Verweilen’ (a gëtt mat source de tuffeau an Travertine source iwwersat!) D’Quell entsprengt am Hang op Konsdreffer Terrain a fléisst vum Kallektuff-Fiels an zwee gemauert Bassengen. - En aneren Unzéiungspunkt vum Marscherwald ass d’1926 vun zwee Kuebebuerer an e Fiels gemeesselt Sonnenauer.

P.S. Landeswäit besti 6 Lokalitéiten an ee lieu-dit mat Wald am Numm: Waldbëlleg, Waldbriedemes, Houwald, Marscherwald, Bëschdref, Bëschrued an de Waldhaff. Marschland bedeit mol Schwemmland, mol Mouer. Dee grousse Mëllerdaller Bësch ‘ass eng ‘forêt de hêtres marécageuse’ a gëllt als no-äiszäitlech geomorphologesch Landform oder ‘Einmuldung der Erdkruste’. De Mëllerdall Traïl 7 passéiert ë. a. och beim Ripsmoor, engem sougenannten ‘haut marais’ dee Libellen a Päiperlecken unzitt. All dëst kënne Wanderfrënn an Touriste bewonneren; mä ‘déi lescht spéitkeltesch Guckucksauer aus dem Marscherwald’ besteet just an der Famill Zimmer-Kummer hirer Phantasie op der satirescher Säit vun ‘Ons Stad’ Nr. 38! De vum Professer Engling beschriwwene Geescht beim “Breitweiler Stee“ soll och net méi erschéngen... a Promenaden am Ëmfeld vun der pittoresker Schwaarzer Iernz an ë.a. majestéiteschen Douglasien sinn en ‘Highlight’ a jiddfer Saison.