Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg-Verluerekascht

De Verluerekascht ass en Deel vum Stadquartier Bouneweg-Nord an huet um Stroosseplang d’Form vun enger Cornichong. Säi ieweschte Bord war laang befestegt an huet zenter dem Vauban en groussendeels rekonstruéierte ronne ‘spueneschen Tiermchen.‘ En erhieft sech do wou haut d‘rue du Laboratoire mam Boulevard d’Avranches zesummestoussen. D’Géigend war kaum bewunnt, hat vill Fielsen, e Polvertuerm bis 1807 an e Steebroch. Eng Photozeil am Fr. Mersch-Buch “Luxemburg - so wie es war“ erënnert drun, dass d’Neibréck ganz aus lëtzebuergesche Stäng vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht gebaut gouf. 1848 hat Bouneweg als Deel vun der Hollerecher Gemeng 539 Awunner an de Verluerekascht just 38 (d.h. ee méi wéi Folkendeng!) Bouneweg-Nord/Verluerekascht koum 2001 op 3.319 Leit a Bouneweg-Süd op 9812. Wéi dës staark peupléiert Rand-Gemeng vun der Stad 1896 ewell 15.000 Leit hat sollt de Stater Buergermeeschter fäerten ‘Lëtzebuerg kéinnt emol e Faubourg vun Hollerech ginn.‘ (Gilbert Trausch) Ëmmerhinn war d’Gare ewell dohi komm an ‘t war déi drëttgréisst Gemeng am Land.

Tëscht 1684 - ’88 hat de Vauban mat 3000 Mann deels en Neiopbau an d’Expansioun vun der Festung duerchgeféiert. Dobäi waren ë.a. de Fort Bourbon an d‘"Cornichon de Verlorenkost"! Um leschte stinn nach zwee ‘Spuenesch‘ Tiermercher. Deen ewell ernimmten ronne ‘Saillant‘ um Fort Verluerekascht senger rechtser Hallefbastioun entstoung also kuerz no 1684. (A. Bruns) Den 1829 ëmgebaute Beräich ëm dee Fort ass haut e Bléckfank.) Méi wäit zréck, an d’Joer 1655 geet dem Wiltheim säin Hiwäis op eng Eremite-Kummer nieft der noer Quirinuskapell, déi vun 1355 datéiert a vum Ch. Arendt (a. d. 1880ger) restauréiert gouf. (Ry Boissaux) No méi wéi engem Wiessel haten d’Éisträicher vu 1715 – ‘80 hei d’Soen. Ënner hinne gouf altnees ausgebaut. D’Fiederzeechnung mat ‘rehauts d’aquarelle’ vum Noël Alexandre Jean weist d’Ville de Luxembourg vers 1790 depuis les hauteurs de Verlorenkost et reflète la puissance de la forteresse! (Buch «Le Luxembourg vu par les peintres.») Duerch d'Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht koumen 1807 dann 32 Persounen ëm d'Liewen an 120 goufe schwéier blesséiert. (Koltz J.P.) Den duerch e Blëtz verursaachte Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat. Den zweete sechseckege Wuecht-Tiermche kuckt vun enger Fiels-Nues um Knéi vum Fort Verluerekascht op d‘Rumm, de Biisserwee, Kanounenhiwwel a Gronn. Säi Baujoer fällt an d’Zäit no der Explosioun vum Polvertuerm. Seng Sortie geet op den haitege Boulevard d’Avranches, benannt nom Uert vum Generol Patton sengem Duerchbroch duerch d’däitsch Ligne an der Normandie (am August 1944.)

Aner relevant Detailer: am Summer 1862 ware mam éischten Deel vun der Nordligne Lëtzebuerg-Ettelbréck de Verluerekaschter Tunnel an de Viaduc Polvermille fäerdeg; (haut ass den no ënne verlängerten Tunnel iwwerbaut.) Wéi Lëtzebuerg neutral gouf, 1867 , hat d’Festung ausgedéngt! D‘Constructioun vum Staatslaboratoire, deen ni offiziell sou housch, war tëscht 1903-’07. (Säin zweet Gebai aus den 1950ger gouf no der Réorganisation vun 1965 ‘Institut d’Hygiène et de Santé Publique‘ genannt.) (Historique LNS) 1908 ware Gasleitungen en Thema an 1917, am Krich, niewebäi en däitsche Loftballon, dee Mëtt August um Verluerekascht niddergoung. - 1923 koumen ‘habitations à bon marché’ an d’Périphérie, ë.a. an de Pafendall, op Hamm, Bouneweg a Gasperech. Al Postkaarten um Web hannerloossen Erënnerungen un d’Gebäi a Kichen vun der École Ménagère Ste Marie. Dës bestoung tëscht 1934 an ’41 um Verluerekascht (war virdrun anerwäerts a krut am Krich provisoresch Raim am Klouschter Houwald. Wéi d’Bouneweger Kierch zerbommt war goung der Haushaltungsschoul hir Kapell op fir jiddereen.(Haut si samschdesowes Massen an der Willibrorduskapell an der Bongeschgewan.) Am schwéier getraffene Staddeel Bouneweg haten d’Awunner dramatesch Deeg. (Trotz Warnung waren d’al net ofgeséchert Neipperg-Kasematten um Plateau Verluerekascht 1944 als Schutzraum zougänglech. ‘t koumen den 9.8. do da bei enger Bommenexplosioun an hire Gäng 15 vun 300 Menschen ëm (6 Kanner, 5 Fraen an 4 Eisebunner.) (E.T. Melchers)

D’Pläng vun 1952 vum neie Gendarmeriesgebai um fréiere Fort Neipperg-Gebitt sollten deelweis realiséiert ginn, an d'rue Marie et Pierre Curie gouf dunn ugeluet. Nobäi entstounge Wunnbléck an am ale Steebroch säitlech vum Boulevard Patton Garagen an Depoten. Hätten do Passanten dem Architekt d’Fro gestallt “Virwat?” hätt dëse méiglecherweis den G.B. Shaw zitéiert “Virwat net!“ Nach erausgepicktes: Am November 1991 koum d’Gendarmerie- a Police Schoul vum Dikrecher Centre d'Instruction Militaire an d’Stad. Den 1. Januar 2000 hunn d‘groußherzoglech Gendarmerie an d‘staatlech Polizei fusionnéiert. D’administrativt Gebai aus den 1990ger gouf no 22 Joer komplett transforméiert a krut eng modern Extensioun. D’regroupéiert Police a Gendarmerie Servicer genéisse säithir (a rouege Momenter) vun hirem fënnef Ha groussen Terrain d’Vue panoramique op d’Stad an de Kierchbierg.

P.S. D‘Deitung vum Numm “Verluerekascht“ kléngt ënnerschiddlech. Enger So no war do iwwerëm Droe vum Iessen enger Fra e Mëssgeschéck passéiert, de Kascht war an de Bulli gefall a ‘verluer‘! Eng méi plausibel Interpretatioun: Huet e virgelagert Festungswierk net Stand gehalen an d’Vedeedeger hu sech zréckgezunn hanner d’Haaptligne, housch dat „Verloren Cost“ (A. Schmit, TC) Ënner aanren hate Bréissel, Antwerpen an Amsterdam och Bastioune mat deem selwechten Numm als Avant-garde! D’Legend vum Nik. Gredt erzielt, dass beim Bau vum Befestegungswierk iwwer der Péitrus-Mündung e Steemetzer erofgefall war, a seng Fra beim Brenge vu Proviant op d’schounend viirbrueten tragesch Matdeelong just gesot hätt ‘verluerene Kascht!’ An der Fiels krute fréier Steemetzer iwwerëm Bau vun engem Wuechttuerm Iesse bruet an ‘la cuisinière aurait trébuchée, tous les pots furent cassés et le goûter perdu’ d.h. d’“Kosten waren verloren”! –

Zu Gand besteet iwwregens e populäre Baguette-Buttek, eng Sandwicherie ‘Verloren Kost‘.