Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Rhum

E Bléck op de Plateau du Rham léisst eis nieft joerhonnertenale Festungsmaueren Zeenen aus hirer Geschicht erroden. Registréiert war 1367 dem Stadscheffe Butschard säi Kaf vun Terrain ‘auf der dinsel’. D’Tréirer Strooss housch fréier ‘Dinselgasse‘, wat al schmuel Gaass bedeite soll. Se gesouch Zaldoten aus ënnerschiddleche Länner passéieren an Handwierker do schaffen: lokal Steemetzer an där aus Tiroul, Zammerleit Woll- a Lengewiewer. (Vun hire Kadere soll der Plaz hiren Numm ofstamen. (Lascombes) Den Numm Rham geet wierklech op d‘Wuert Rahmen zréck, schreift de Michel Pauly an, dass d‘grouss Wäsch aus dem Dall um noe, Plateau gedréchent gouf. Ënnen drun am Gronn haten iwwregens Archeologen nach holzen Hütten an ‘bas-fourneaux’ fonnt, och do ware Schmätt, Wiewer a Fierwer aktiv, a Spezialisten hunn do Filz gemat aus Schofswoll. (Am Dezember 1590 sollt d‘Aarbechtszäit vun den Handwierker an Handlaanger reglementéiert ginn op héchsten 14 Stonnen - vu mueres 5 bis owes 7.)

A viirgeschichtlecher Zäit sollte Siedlungen op der Héicht laanscht d’haiteg Tréierer Strooss bestoen. Zur Festungszäit hat dës de Bäinumm Ge’hberg. (Ons Stad: ‘Vom Triertor an geht es eine halbe Stunde lang einen bedeutenden Berg hinan!’) D’ganz Rees Lëtzebuerg-Tréier hat deemols 10 Stonne gebraucht. D‘Lascombes Chronik weist 1449 op Schwaachpunkten hinn „oben ain der Ramen“ an erwähnt do eng nei Mauer um Fiels an geschwënn drop en Zwinger. En Touriste-Guide ernimmt d‘deuxième porte de Trèves construite en 1590 an d’rezent metalle Bréck op de Plateau du Rham. Vun Abrëll bis Oktober gëtt an där imposanter Poart de Film «La naissance et l’importance des enceintes urbaines au Moyen-Âge» gewisen. - Un der neier Dinselpuert hat de Mansfeld eng Mater Dolorosa ubrénge gelooss, déi spéider an eng Nisch vun der Prisongsmauer koum. Hien hat dunn och fir d’staarkt Gefäll am ‘Rhamberg’ z‘ëmgoen (an d‘Verbindung vum Fetschenhaff mam Stadgronn a mat senger Residenz ze verbesseren) d’al Dinselgaass verlängere gelooss.) Der Festung hire e gréisste Verdéngscht war hir Upassung un d’wëll Natur an de villbewonnerte ‘Geist der Verbindung’ vun hire Pläng. ‘Vermuttlech existéiert an Däitschland keng Plaz un där een dem Vauban seng Wëssenschaft esou gutt stodéiere kann wéi hei – an Frankräich huet keen Uert mat enger gréisserer Zuel Verdeedegungswierker. Fir d‘Ofreiden vun alle Posten hat den Dages-Offizéier dräi Stonne gebraucht, an de Gang duerch d‘eenzel Festungswierker 5 Deeg erfuerdert.’ (Pol Tousch ‘Episoden aus der Festung Luxemburg.)

Eng Kaart vu Lëtzebuerg weist 1598 op der Héicht vum Fort Rubamprez eng mëttelalterlech Kapellchen mat engem Altor. Duerch d’regelméissegt Fanne vun Affersouen vu Pilger entstoungen ëm 1691 Streidereien tëscht der Neimënsterabtei ,der Méchels- an Niklos Por (‘t wousst jo keen wiem Mënz zousténg.) 50 Joer duerno gouf de Bau op franséischen Uerder ofgerappt “pour des Raison d'Estat“, se louch scheinbar ze no un de Festungsbauten. - 1747 huet de grënnesche Jean Strock s’ersat. Nieft si koum en Octroi’shaischen. Dës Kapell op der Héicht vum Kosakestee am Rempart vun engem Fort existéiert nach haut. Déi 1627 op Wonsch vum Abt Roberti aus der Mënsterabtei gebaute Lukas Kapell koum nieft Klouschtergäerd an Happ-planzungen vum Rhumplateau a gouf mat dësen no ronn 50 Joer zerstéiert! De bis haut erhalene Pëtz vun der Rhum huet e fennëfeckegt Gebäi geschützt. Den Thema Festung ass riseg an behält muunch Lacune, mä och déi kënnen inspiréieren. D’Lidd vum Dicks ‘et wor eemol e Kanonéier, dee louch do uewen op der Rhumm‘ aus der ‘Mumm Séiss‘ sollt a Clausen handelen an eng Etude vun der Gesellschaft ëm 1750 sinn.

Ëm d‘Rhum begéingt een 3 Phase Festungsgeschicht, vum Wenzel iwwer de Vauban bis bei d’preussesch Besatzung. D’ëm 1395 gebauten fréier 875 m laang Wenzelsmauer haten d’Spuenier verstäerkt. Se huet d’Ënnerstad an de Plateau du Rham mat an de Verdeedegungsrank vun der Stadt ageschloss. Se hat 37 Tierm a 15 Poarten an se gouf vun engem Ravelin vu 1685geschützt. Um neie Wenzelwee gesäit een dëse virun de véier mëttelalterleche Wiertierm vun ëm 1420-’24. Hannendrun läit d’Vaubans Kasär (gebaut ënner Louis XIV - an där bis 1760 stationnéiert Zaldoten ofwiesselnd an 800 Better schlofe sollten an déi zäitweileg e Lazarett war. Haut ass do e Seniorenheem (Fréier kruten do manner gutt situéiert eeler Persounen en Ënnerdaach.) Een Tuerm ass haut op fir Féierungen an e bidd no villen Trapen e Panoramabléck op d’Corniche, d’Cité judiciaire‘ an d’rout Bréck. - Säit 2014 féiert eng Foussgängerbréck iwwer de fréiere Kanounewee an iwwer d‘Eisebunn op den Cents. An de stabile 15m héije restauréierte ronnen Tuerm am Hank, ‘Batterie‘ genannt, war vun de Preussen ‘mit Geschützen bestückt‘ a geduet fir Iwwerfäll ofzewieren. E gëllt haut als ‘kulturtouristeschen Highlight’. Net ze vergiessen: ab 1862 waren Zuch -Sécherungen néideg. Gefaart goufe gepanzert franséisch Zich!

P.S. Monuments classés vun der Rhum sinn ë.a. zënter 2011 d’Vaubans Trap vum II. Gebai, de Ravelin, d’Vestige vum Fort Rubamprez, dann d’Polverlager am Fiels, d’Wenzelsmauer an hir Tierm an d’al Tréierer Poart (d‘tour Jacob). Si all sinn een Deel vum ‘Fräiloftmusée1000 Joer an dräi Stonnen’ an op der Lëscht vum Weltkulturierwen. (D’Räim hannert der herrlecher Fassade am Fiels, déi friddlech op de Gronn erofkuckt, ware primär équipéiert fir d’Défense.) Vum franséischen Deputéierten an Zäitzeien Lazare Carnot staamt de Saz vun 1795 "Wie Lëtzebuerg hält, huet net nëmmen d‘niewt Gibraltar stäerkst a geféierlechst Befestegungsanlag, mä schützt gläichzäiteg seng eege Grenz." Perséinlech Grenzen iwwerschratt hunn am Espace seniors ‘Op der Rhum’ d’Membre vum Gospel-Chouer; et heescht vun hirem frësche Stil ‘il les a réunies et leur donne des ailes.’