Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Reckendall

De Reckendall féiert vum Rollengergronn op Stroossen. Dat Spezifescht vum schmuelen Dall: en zielt zu zwou Gemengen, zur Stroossener an zur Stater. Zur Éischtgenannter zielen 552 Reckendaller Awunner (v. 20.10.16), d.h. 6,28 %. D’Haus-Nummeren 1 – 183, 301 - 305 an 156 – 226 si keng Stater Leit. Den Ur-Kadasterplang weist ëm 1820 e Pad mat ‘maisons isolées appelées Reckenthal‘ mä kee Flouer mat deem Numm. Op der Landkaart verleeft dem Dall säin ëstleche Bord laanscht de Rollergergronn, den ieweschten Adreasgrënnchen an no laanscht d’rue Mertens. (D‘Logopédie zielt zu Stroossen.) Un d‘nërdlech d‘Reckendallerkopp grenzen d’Écurie an d’‘Schéiss’. Gläich hannert der Lénkskéier leien d’Stad-Gäertnerei, driwwer de Lotissement "Rackebierg", greng Wissen, vis-à-vis d’Schofstrachen an op enger gewëssen Distanz deelt d’Autobunn d’Landschaft ëm d’Stroossener Cité’en an de Rousendall. De Rackebierg kéinnt den Numm vum Dall inspiréiert hunn, Racken a Recken bedeit Äcker am Hang, an Rackeboune sinn Feldbounen. (N. Folmer.) Däitsch Synonymer vu Recken sinn Ritter, Riisen a legendär Helden.

De Reckendall koum 1849 an zwou nei gegrënnte Gemengen. Déi Stroossener hat dunn mat de Reckendaller vum "ban de Strassen” 1300 Leit. Den Deel ënner dem Bambësch koum 1920 mam Rollengergronn zur Stad. (F. Emmel) Dem Quartier seng direkt Geschicht enthält kaum Extravaganzen. Déi no grouss Landstrooss aus Pavée entstoung tëscht 1722 a 1730, (d’Postkutsch op Bréissel war véier Deeg ënnerwee. De Goethe hat d’Streck Arel–Lëtzebuerg 1790 als “beste Kunststrasse“ gelueft.) - D‘topografesch Kaart vum Stater ‘Banbusch’ vum Pierre Gallibert huet en apaarten Entstéiungsdatum, (le 8. le 9. et le 10 7bre 55) (1755) D‘Brochure 50 Joer Chorale Stroossen weist hir opgefrëschte Versioun an ë. a. d‘borne des trois Seigneurs, d’Grenzmaark vum bois de Cobstal, dem bois de Monsieur Gerden, (président au conseil provincial) an dem Stroosserbësch. D’imposant Hektometersteng aus der Zäit vun der Keeserin Maria Theresia hunn d‘Joreszuel 1772. D’Keeserin hat 5 Joer virdrun de Bridder Boch hirer Faïencerie den Titel ginn „Manufacture Impériale et Royale“, hirt Schlass an der Noperschaft hu schéi Gäerd an Zären ëmginn, an d’Entrée vum Parc krut zwou Tourellen an d’remarkabel Eisepoart aus der chapelle funéraire vum Mansfeld. (Ons Stad) Am gréisseren Haus riets am Agank vum Reckendall sollt emol en Aarbechtercasino sinn, mol d’Wunneng vum Direkter vun der Faiencerie.

Fréier war de Reckendall kierchlech u Stroossen attachéiert, dat 1685 als biparoissial Uertschaft vun de ‘Pfahren Bartingen u Wyemerskierch dependierte‘. 1732 haten 11 vun 38 Stroossener zur Por Weimeschkierch gehéiert an vun de 417 Stroossener waren ëm 1766 Dräi-Véierel Bartrenger Porkanner. 1773 goufen am Rollengergronn zesumme mam ‘Recker thal’ ouni d’Dependencen schonn 100 Wunnenge gezielt. 1804 gouf Stroossen eng eege Por mat enger ‘Anzahl Häuser‘ am Reckenthal‘. Well d‘Siwebuerener Kapell hat misse viru gréissere Fabrikhale wäichen huet d'Famill Boch 1843 nobäi eng nei Kierch baue gelooss. (Em dës ‘scharten sich außer Siebenbrunnen die alten Siedlungen Rollingergrund mit Windmühle, Reckenthal, Rothenberg, und Papierberg.’) Dës gouf 1890 ëmgebaut an dem Hl. Antonius vu Padua geweiht. D‘Kapell vum Stater Centre hospitalier war säit 1976 och op fir Reckendaller Kierchegänger. - De "Service des parcs" am Kär vum Reckendall gehéiert zur Stad. Seng Leit hu gréng Daumen a këmmere sech ëm den Entretien vun hirem Blummendekor, hir grouss Parken an de Bamkadaster. Si kruten 2014 nei Zären an zillen op 2.600 Quadratmeter zengdausende Planze mat enger eegener Buedemmëschung. Domat ass de fréiere Propriétairen hire Wonsch erfëllt. Si wollten, dass do jonk Leit de Gäertnerberuf léieren. An di Jonk wëssen, dass ‘d‘Pracht an de Gäerd d’Léift zur Natur viraussetzt’. (Mme de Staël.)

Um Wee Stroossen-Reckendall fënnd een d’Citéen Oricherhiel, Pescher an de Val des Roses. Dëse vum Moler Léon Nosbusch proposéierte Stroossennumm erënnert un d‘lokal Rousenziichter an hir herrlech Felder. Al Photoe weisen ë. a. Plantatioune vu Brommens Mett op Banzelt, vun de Rosiériste Lacour, Balthasar a Komes (déi 1950 un de Stater ‘journées de la rose’ participéiert haten) an frëndlech Doléineschen. - Op der Ferraris Kaart falen 1778 den Eyenberg op, de Roumelsberg an e schmuelen Niewewee erof vun der route Luxembourg-Namur. Aacht vun der ‘légende des symboles’ net erkläerten Objeten erënneren do u Léngend dat um Wues läit fir ze bleechen. (An dësem Virstad-Eck ware laang professionel Wäschfraen aktiv.) 1896 hat do d‘Brennerei vum Benno David sech installéiert fir Lëtzebuerger Cognac ze man, 1907 huet hir Reklamm och Südwein proposéiert. - Der Police hiren nationale Centre de Tir läit säit 1945 ofsäits am Dall tëscht dem Bambësch an dem lieu-dit Eiebierg. En ass do ‘pour maintenir la qualité de la formation de tir’ an d’ënnerirdesch Räim minimiséiere säin Impakt op d’Ëmwelt. E besteet säit 1945 an zielt zur Stad.

P.S. Dem Bambësch seng längst Promenade (vu7,5 km) geet iwwer d’Reckendallerkopp. Se zielt zum Stadgebitt an huet als Logo eng Eil. Päerdsfrënn kënnen nobäi ausreiden; d’Cäcilianer vu Stroossen haten 1971 d’nei ageweite Reithal vum Centre d'Equitation St. Georges besicht. Méi ënnen am Reckendall hunn d’Leit fréier de ‘Chareli’ héieren, si konnten tëscht 1904 an 1954 mam Zuch op Iechternach fueren, deen hat en Arrêt bei der Rollengergrënnescher Schoul a bei der Fayencerie. –Päifen net wäit vum häitege Bus-Arrêt alt emol keck Péckvillercher, hat e Fachmann se do a senger Fräizäit gebak. Gouf et do viru Joerhonnerten emol vergiessen Aktivitéiten? Dem 1607 verstuerwenen Abt Bertels seng reng geschriwwen Zeilen ernimmen nämlech nieft ‘Straessen’ engersäits Merl a Bartringen an aanrersäits e ‘Fetzenthal’. Sollten do méiglecherweis wéi an anere Viirstied geschéckerlech Lompenhändler e mëttelalterleche ‘Recyling’ bedreiwen? Kee weess et…