Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Polvermillen

Am allgemenge Sproochgebrauch besteet den Numm Hammerdällchen fir d’Plaz tëscht der Polvermillen an dem “Iergäertchen”. Vum Boulevard d’Avranches erof féiert den aktuelle Boulevard Patton - d‘Ofkierzung vum alen - an de klengste vun eise 24 Stater Quartieren. (Dësen hat 2011 just 330 Leit.) Vun der Polvermillen geet den Ierzewee op Hamm an d‘rue du Fort Dumoulin erop op den Zens, mat dem Bisserwee als Ofzweigung. De J.A. Fernandez schreift, ‘dass een um Ufer vun der Uelzecht net méi wees wou d’Geschicht ophält an d’Wierklechkeet ufänkt.‘ Si schlängelt sech elegant zu Féiss vum Verluerekascht an dem Zens-Fetschenhaff laanscht den Helleggeeschtplateau weider an de Gronn a Pafendall. (Hirem Flossbett seng Memoire huet wahrscheinlech net vergiess, dass am Joer 1800 de Miller Eydt vum Sichenhaff Proprietär vun der Polvermillen gouf an 1809 do de Jean-François Eydt op d’Welt koum. Dëse spéidere Stadarchitekt hat z.B. d’Villa Vauban gebaut. (Nieft säin Elterenhaus koum spéider eng Tricotage Fabrik, déi bis 1951 aktiv war.)

D‘ural Bezeechnung vum Val de Hamm war emol dee vu Fetschenborn ofgeleete Fetschendall. An dësem seng Quelle sinn identesch mat deene vun der Polvermillen. (F. Théato) Eng aner, déi vum Wäschbur bei der Schläifmille, bewässert mat Hellef vun enger Pompel den Hammerkierfech. D’sougenannte Polvermillen ass 1562 dokumentéiert: do ass Holzkuel vermuel ginn, déi gebraucht gouf fir Polver ze man! (1668 housch hire Mëller zoufälleg Peter Polffer.) Seng Mille gouf spéider dem klengste Stater Viruert den Numm. 1728 sinn nei Millesteng (an eng nei Polvermillen) ernimmt. Hir Plaz koum am Dezember 1873 mat verschiddne Sektioune vun der Gemeng Sandweiler, ë.a. Zens, Hammerställchen, Hamm a Schläifmillen an d‘nei Gemeng Hamm. Gounge fréier 26 Dierfer op Hamm pilgeren, krut do d’Katherinestatu sécher och Afferkäerzen aus dem Polvermillendall. 1890 hat dëse bei der Vollekszielung 381 Awunner (an d‘Schläifmillen 192). D’kleng Uertschaft gouf grad wéi Hamm 1920 e Stater Quartier a fennëf Joer drop goufe béid elektrifizéiert. (Virdru sollt hei Waasserkraaft Motoren ersetzen an de Millewier Waassermangel verhënneren.) D‘Bëscher béidsäiteg vum Millendall goufe Gemengebesetz an d’grengbewuessen Uwänner lues a lues zu enger ‘zone de loisirs‘. Haut sti rechts a lenks vum Floss Haiser mat oppenen Diren: d’Schläifmillen ass disponibel fir Kënschtler an hire Vis-à-vis fir Jonker nei z’orientéieren.

A propos Schläifmillen: Beim Turbelsfiels hat 1786 de Waffeschmatt Andreas Müller en Terrain kaaft fir eng „platinerie“ opzeriichten an do ë.a. Messeren, Säbelen an Aaxten ze schläifen. 1821 huet de Pierre Gantenbein de Betrib kaaft an transforméiert an eng Mille mat dräi Waasserrieder. 1824 gouf de Nik. Gantenbein den Hammer-Mille-Besetzer an dem Éischte säi Fils Pierre dee vun där Fentenger! Dëse sollt 1872 säi Betrib um Itzeger Stee un d’Godchaux Bridder (vu Manom) cedéieren, déi eng kleng Wiewerei am Pafendall haten. (De fréiere Mille-Besëtzer louch d’Obligatioun um Mo, der Stad Octroi ze bezuelen. Se steet nämlech op Hesper Terrain, mä grenzt un d’Stad.) D‘spéider “Duch-Barongen“ hunn expandéiert. Hir “Draperies de Luxembourg“ hu maximal 800 Leit beschäftegt (mat privater Krankecaisse), ë.a. Wolldecken, Flanell a gefieftent Duch fabrizéiert an e Stroossennumm inspiréiert. Hir och fir Hamm zoustänneg Wierksfeierwier hat Uniforme mat Logo. D‘vun hinne gegrënnte Chorale “Orpheon“ an e lokale Musekveräin hate Succès. Dëses a vill lokalhistoresches verroden d‘preview“-Säite vum Buch “Schläifmillen, Geschichte und Gegenwart“. D’Vue vum Fetschenhaff erof op d’Rhumm, (vum Michel Engels) weist d’Eisebunnsbréck, bei där d’sougenannt ‘Pulvermühltal’ ufänkt. (Iwwer den als Biisserbréck bekannten 1862 gebaute Viaduc Polvermillen féiert d’Zuchligne Lëtzebuerg Tréier (mat neierdéngs der Gare Cents-Hamm.) De ‘Stadtplan-Luxemburg -1912’ war an ass eng gutt Orientéirungshellëf fir dësen deels wéineg bekannten Eck.

Den ufangs genannte Fort Dumoulin op der noer Héicht vum Fetschenhaff sollt no 1794 mam Fort Rumigny den Accès op d'Rumm an d'Kasäre kontrolléieren. Si erënneren un eis Festungszäit. Wéi de Jouseph II. bei sengem Festungsbesuch an der Kasär (1781) e Stéck Brout geschmaacht hat sot en ‘Es ist durchaus nicht übel‘. E krut deemols de Wonsch virgedroen, d‘rieseg Polverreserven auszelageren. (14 Joer duerno ass d’Bouneweger Klouschter verbrannt; 31 Bauere vun do, ë.a. 20 vum Sichenhaff an 32 vun der Polvermillen hunn dann „in Mieten eingelegte Gartenfrüchte“ an d’Stad bruecht.)(Lascombes) Woumat kee gerechent hat war d‘Explosioun vum Polvertuerm am noe Fort Verluerekascht. Schold drun hat de 26.7.1807 e Blëtz! Bei där Katastroph koumen 32 Mënschen am noe Stadgronn ëm. D’Buch „Episoden aus der Festung“ vum Pol Tousch beriicht vergiessen Detailler wéi dësen: ‘1822 unfern Polvermillen ist wieder ein Soldat ertrunken!‘ An de ‘Journal de la Ville‘ repetéiert 1831, dass ‘t an der Stad (a wahrscheinlech och hei) nuets verbuede wär ouni Lanter op d’Strooss ze goen.

P.S. D‘ofwieslungsräich Natur vum Uelzechtdall offréiert d‘Kuliss fir e beléiften No-Erhuelungsgebitt. De Veloswee Hesper-Schläifmille-Stadgronn via Polvermillen staamt aus den 1930ger. D’deemols populär nei Schwemm ass net méi do, d’Hostellerie Gantebeensmillen (vun 1945) och net. D’aalt Gebai vun der Gantebeensmillen ass e Steck Patrimoine, ëm dat muunch nei Iddi schwieft. A soss? Den éischte Kayak-Club Olympia Hamm vun 1936 huet de Kayak-Club Hesper no 61 Joer ofgeléist. D’Polvermillen hat e puermol ënner Iwwerschwemmungen ze leiden. Op hir Plaz koumen no der Manufacture de tricots ë.a. eng grouss Botzfirma a Bürosraim (déi Ëmweltproblemer engendréiere sollten). Laanscht d’Uelzecht existéiert net méi vill vun der fréierer Bausubstanz. - Zu de Sehenswürdegkeete vun der Ënnerstad zielen dem Cityalbum no nieft dem Gronn och den idylleschen Dall ëm d’Polvermillen. Si hu gehollef der Geschicht vun der Stad e Rhythmus ze ginn. De Begrëff ‘Pol(le)verkop‘ entstoung allerdengs net hei, sou soen di Gréiwemaacher fir ‘Mörser‘.