Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Péitrus

An alen Dokumenter daucht d‘Péitrus op ënner dem Numm ‘Rivus petrosus‘, d.h. steiniger Bach. Hiren ieweschten an ënneschten Dall treffe sech nieft der Neier Bréck. Am Südhang vum ieweschten hate sech joerhonnertelaang Gäertnereien etabléiert. Deen ëm 2,5 km laangen Dall gouf vum Nikolaus Welter als ‘wundersame Wildnis‘ a ‘verwunschne Einsamkeit‘ beschriwwen, ëmgi vu romanteschem Zauber. (Eng onpoetesch mä dach erstaunlech Info: Déi duerchschnëttlech Waasserquantitéit bei hirer Mündung läit am Gronn bei der "Deitsch Kaul" bei 444 Liter pro Sekonn. Op d’Fro no senge ‚Parcs préférés‘ zu Lëtzebuerg hat de mexikanesche Management Spezialist Martin Cross 2009 d‘Pétrusse an Iechternach als éischt genannt. Dës friddlech Oase kontrastéiert mam ‚brouhaha‘ vun eiser multikultureller Haaptstad an deelt de Garer Quartier vun der Uewerstad. Béid gi vun der 'aler' Passerelle mat 25 Béi an der Neier Bréck verbonnen. Hir historesch Ierfschaft gëtt geschützt mä suivéiert d‘Oplo an Geschäftsstroossen de Rez-de-Chaussée fir kommerziell Zwecker ze notzen. Bei der Administratioun de la gestion de l'eau huet d'Péitrus de Code N° 555.

Wéi 1050 d‘nei zweet Rengmauer stoung ass d’Orvalerpuert ernimmt mat engem ‘scheinbar regen Verkehr vom Petrustal her‘! 33 Joer drop krut d‘Abtei Almënster vum Grof Konrad d‘Fëschereirecht an der ‘Petruß’ an Uelzecht. Ënner der Ermesinde entstoung d‘Helleg Geescht Klouschter um Fielsplateau Scadeburch, deen an den Dall eraussteet a laang net zur Stad gehéiert hat. Fir de Fëschweier um Klouschterterrain nieft der (1250 dokumentéierter) gräflecher Millen an der Péitruß, der ‘Freuwelsmühle‘ gouf de Grof Henri V. de Klouschterfraen eng jäerlech Rent vun zwee Malter Roggen. (Koltz-Wampach) Dat war d’Zäit, an där eise Wope mam "Roude Le'w" creéiert an d‘Lidder an Texter vu Carmina Burana opgeschriwwe goufen zu Benediktbeuern. Bei eis sollten d’Chronike kaum lyresch Themen traitéieren. 1246 haten d’Ermesinde an hire Fils dem Hollerecher curé a gräfleche Kaploun de Waasserlaf vun der ‘Pettres‘ (nécessaire au moulin) geschenkt. Dësem Geeschtleche seng aus eegne Mëttele gebauten Hollerecher Millen hat 1252 d'Abtei Mariendall mat alle Rechter geierft. (An där hir Ufäng veréiwegt de kuerz vrum Millenium erëmentdeckte 'Yolanda Epos'.) Eng aner Abtei, di Bouneweger, sollt 20 Joer duerno de "Calefels" mat Zubehör (zwëschen "Petrisa" an hirem Bereng) vun engem Stadter Bierger kafen. D’Koltz-Baugeschicht erwähnt dem 'molins de Pettris' hiren Erdrag, (a gläichzäiteg de ‘Vreuwels-Pad’ an d’Freuwels-Port.) Ënner dem Jang de Blannen, ëm 1335, féiert d'drëtt Réngmauer vum Helleggeeschtplateau laanscht de Péitrusdall a Richtung fréiere Pole-Nord an dann no Norden. Hir Steng goufe ‘sur place’ fonnt an am Hank kruten ‘ausgedehnte Dornenhecken’ eng Ofwier-Roll...  D'Mauer ass visibel um Deventer-Plang vu 1581.

D‘erzielte Promenade duerch d’Péitrus begleeden historesch Detailler aus villen Epoche mat groussen Iwwerschwemmungen, enger 1356 ernimmte Jakobuskapell (gestëfft vu räichem Bierger no Rettung aus Räiberhand) an indirekt dem Burgunderiwwerfall vu 1443, deen de Jean Chalop ofwiere wollt. Deen Dag goung eis 400 Joer politesch Eegestännegkeet verluer, un déi ë.a. d'al gräflech Péitruß-Millen nach ëm 1542 erënnert hat. An deem Joer gouf éischtmols iwwer den Dall ewech geschoss! Am Joer 1673 hunn d‘Spuenier d’ "Pastéitchen" gebaut (den nach intakten dräieckege Ravelin du Pâté) lénks vun der 1685 erhéichte Bastioun Beck (...op déi d‘Constitutiouns-Plaz koum.) Wéi de Vauban d’Wierker un der Petruβ op-, ëm- oder neigebaut huet, hat d’Stad ënner 8000 Awunner 18 ‘Tuchmacher’, 57 Bäcker an 53 Schouster (Lascombes.) 1728-29 hunn d’Éisträicher d’ënnerierdesch "grouß Trap” mat 132 Träppleker duerch d’Bastioun Beck gebaut mat Verbindungsgang via "Bourbon-Schleis" an de Fort Bourbon! (‘Kasematten’-Buch, J. Konen) D’Schleis sollt den Dall au besoin bis op Hollerech iwwerschwemmen. Bei hirem éischten Test vu 1735 konnten d’Mëller aus dem Uelzechtdall onerwaarte Problemer meeschteren! (Hire Bau gouf ni sérieux genotzt, mä stoung laut Biermann Kaart bis 1907. Hirer Reschter sinn erhalen.) Déi 1746 erweidert Péitruβkasematte goungen iwwregens 1933 op fir Visiten, éischter wéi d’Bock Kasematten. Tselwécht Joer gouf d’Baach kanaliséiert an de Balzac-Saz ”Sur le talus du fossé, de belles fleurs baignent leurs pieds dans une eau dormante et verte“ kann een säithier vergiessen. (Mä op ‘eaux dormantes’ wär keen Innterennen méiglech!) Historesch Impressiounen erlaben neierdengs hir renaturéiert lescht foffzeg Meter.

Handgeschriwwen Zeile vum citoyen Boitard, dem ’Maquettemann’, luewen 1802 d’westlecht Dallstéck 'qui est orné de quelques habitations et commence à être cultivé avec beaucoup de soin et à être garni d’arbres fruitiers et de haies.' (Buch ‘Forteresse éclatée’, Jos Pauly.) 1848 hat den ‘hameau’ Haute-Petrusse 93 Awunner (an Hollerech 491); d’ondatéiert Stater Gewässerkaart (Ons Stad, Nr. 38) weist do lénks d‘Al Millen, riets d‘Poch- an d’Nei Millen. Dem aus lëtzebuerger Haasteng gebaute Pont Adolphe 'qui devait sentir le terroir' (sic Paul Eyschen) seng Roll krut fir kuerz Zäit d’provisoresch "blo Bréck". D’erhalenswäert Routbich steet op hallwer Héicht zur Uewerstad a Richtung Gëlle Fra net wäit vum an d’Festungsanlag installéierten Elektrizitéitswierk. D’méi enk Basse-Petrusse reecht ongeféier bis bei d’grënnesch Quirinuskapell. (D’Gaswierk sollt no 1905 ënnen um rechte Péitrusbord net zur Verschéinerung vum Dall bäidroen...)

P.S. Den Numm Péitrus krut an der aler Schreifweis en ß, ‘en s mat enger Hatt’ (Engelmann) wéi Fouß. Beim groussen Ëmbau zur oppener Haaptstad hate viru bal 150 Joer Observateuren aus dem Dall vläicht ähnlech gefillt wéi d’haiteg Historiker: ‘le souci du pittoresque évitait la disparition complète de la forteresse.’ (R. Philippart). ‘t goufen no 1867 hei plazeweis just d‘Schéißschaarten zougemauert. De Boulevard de la Petrusse entstoung an den urale géie 'Péitrußbierg' Gronn-Al Avenue, (d.h. d’Réimerstrooss op de Fëschmaart,) konnt dann och ënner der Passerelle erduerch déi nei 'rue de Prague' ab 1875 entlaaschten. Haut invitéiert en Touristen-Zichelchen op en Tour duerch dee schéine Péitrusdall an Distraktioun bréngt do ë.a. e Mini-Golf. Dass di Jonk fréier hei vill Fräizäit verbruet hunn, dorun erënnert de Sproch 'Um Lampertsbierg gebuer an an der Péitrus grouss ginn'... (a.d. Biographie vum Amerika-Lëtzebuerger Professer-Dokter Félicien Steichen.)