Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Stäreplaz

Rar al Photoen dokumentéieren der Stäreplaz hir Vergaangenheet a maache virwëtzeg op hir Virgeschicht. Se weise Mënschen ënnerwee beim Zuch, mam Tram a mam Auto. Ir d‘Photographie erfond war hat d’Ferraris-Kaart d‘Réimerstrooss Arel-Lëtzebuerg als Route de Namur veréiwegt. Donieft louchen den dicht bebaute Rollengergronn, d’Manufacture de Fayence, d’al Kapelle vum Glacis a vum noe Kräizgrënnchen. De Keeser Jouseph II. hat 1781 bei sengem Openthalt zu Lëtzebuerg d‘Festung, hiren Arsenal an d‘Kasär besicht. Do wou spéider emol d‘Stäreplaz komme sollt huet en den Zaldoten hiert Brout geschmaacht an ‘duerchaus nicht übel‘ fonnt! (J.N. Moes / J. Groben) De Gustav Freytag hat 1853 bei enger Visite bemierkt, déi duebel verstäerkte flaach Westsäit vun der Festung géif Belagerer découragéieren!

D‘Virgeschicht vun der haiteger Stäreplaz erzielt, dass privat Felder a Gäert 1685 verluer gounge bei Bau vun der Enveloppe de l’Arsenal. Dëst geschouch ‘pour le service du Roy’. (Fr. Lascombes) De Verkéier vun der Arelerstrooss gouf duerno an Direktioun Neipuert ëmgeleet. (D‘Porta Judaica‘ bestoung dunn net méi.) D’aktuell rue de Rollingergrund datéiert vun 1849. Säit 1839, wéi Lëtzebuerg sech vum ‘État à la Nation’ entwéckelt huet ass säi Stroossennetz rapid gewuess. 1879 hat et landeswäit mat 691 km Längt «d’partiell ossature» vu eisem spéidere Stroosse-réseau. (G. Trausch) Net laang duerno krut de Grand-Duché mam Londoner Vertrag dann 1867 seng Neutralitéit. D’Suite war d’Opléisung vun der Preußescher-Garnisoun an d’Schleefe vun de Festungsbauten. Der Stad hir 13.574 Awunner hate laang am Vergläich mat den 180 ha grousse militäreschen Installatiounen e modeste Wunnraum. (G. Thewes) D’Aktioun vum ‘Démantèlement’ huet sech allerdéngs higezunn bis 1883. (Eelef Joer virdrun hat dës ëm 88 Baustellen a spéider iwwer dat duebelt; beim Ofrappe goufen ëmmerhinn 450.000 Kubikmeter Gestängs a Buedem déplaçéiert.) D’Stadbewunner haten deemols wahrscheinlech gemëschte Gefiller an de Moler Michel Engels duecht ’Die Welt ist um ein Wunderwerk ärmer geworden!’ (E Metzer Conseiller municipal sot: ‘Luxembourg marche dans la voie du progrès et de la prospérité.’) De Stadarchitekt Luja sollt geschwënn d‘éischt Plange vun där neier Bau-Uerdnung modifizéieren an 1876 gouf d’Bautepolizei geschaf. (F. Théato) D’Suite: d’Aussiicht ze wuessen huet d’Stater d’Conseilleren animéiert nei Stroossennimm ze sichen. (J. Hess) Di éischt westlech Haaptverbindung no baussen, d‘Arsenalstrooss, gouf no historesche Mauere benannt.

Eis Stad gesouch den éischte Päerds-Tram am Joer 1875. Deen alleréischten ‘tramway hippomobile’ war 1832 d‘New Yorker Päerdsbunn. (Aner al technesch Viirleefer vum Tram krute geschwënn och Linz a Prag, a Basel krut e Rösslitram.) Un d‘Passagéier vum ‘Tramway’, ‘Streetcar oder ‘Bim’ (an Éisträich) adresséiere sech positiv Gedanke vum Philosoph Alain. Hie sot ‘semez bonne humeur et vrai politesse, un trésor qui se multiplie par l'échange dans les tramways et le long des rues. - Eng aktuell Zeil informéiert, dass d‘Place de l’Étoile e wichtege ‘pôle d’échange fir d‘Bussen aus dem Weste kritt. Den Tram bréngt dem Stadkär e grousse Soulagement wann do Busse verschwannen. D’ideal Stad mole Kanner mat vill Gréngs a Spillplazen, enger rouder Luucht an ouni Héichhaus. Si kënnen elo e ‘Bim’ dobäi setzen... och ir d‘Stäreplaz ‘finaliséiert’ ass. (Miersch huet och eng Plaz mat deem Numm.) - 1993 hat iwwregens en historeschen Tram vun 1908 aus dem Hollerecher ‘Musée des transports en commun‘ en Timber dekoréiert.

Op den éischte Bléck gläicht d’Stäreplaz enger normaler Kräizung. Mä se huet eng fënneft Sortie, déi sech opspléckt an d’Rollingergrënnesch- an an d’Probst-Strooss. (Dës Stroossegafel um nordwestlechen Eck vum Boulevard de la Foire ergëtt de Stären-Aspekt. - D’Kräizung entstoung nom Verschwanne vun der Festung a baséiert deels op ale Weeër. (Den éischten Extensiounsplang vun der Stad vun 1868 hat d’Verbindunge mat der aler Lonkecher-, der Areler- an der Dikrecher Strooss envisagéiert. (Aus dësen entstoungen d’haiteg Avenuen Marie-Thérèse, Emile Reuter an d’Neipuert.) Duerch d’verlängert Groussgaass krut also den deels vergiesse Kiem op Arel iwwer d’Stäreplaz seng fréier Bestëmmung erëm. (F. Théato.) Op der Kräizung fänken d’haiteg Nationalstroossen 6 (op Arel) an 12 (op d’Wämperhaart) un - an hir zäitweileg ‘friche urbaine’ ass an der Erwaardung vu groussen Neibauten. Mä vum 27. Juli 2018 un ass den neien Tram do d’Vedette.

Am Réckbléck huet d’Schleefe vun de Festungsmaueren dem Stater Park Plaz gemat; säitlech dovu koume Réngstroossen, stilvoll Haiser, apaart Gäert an d’Stäreplaz entstoung! ‘t huet e gutt bewunnte Quartier sech do entwéckelt. Ee vun der Hansen-Kaart hire Punkten um Eck Arsenalstrooss (spéider rue Emile Reuter) an Boulevard Extérieur (haut Boulevard de la Foire) steet fir de Café Wintersdorf. (Dësen entstoung 1891 an en hat Plaz fir Päerd ofzestellen.) An den 1930ger gouf et de Café-Restaurant Ross-Wintersdorf do wou spéider d’Tankstell koum. E Photograph hat 1936 do Schoulkanner ënnerwee op d’Schoulfest um Belairer ‘Velodrom’ geknipst. Eeler Photoë weisen den ’Chareli’ deen tëscht 1904 an 1954 Lëtzebuerg mat Iechternach verbonnen hat. Der Stäreplaz hir Statioun housch ’Gare Luxembourg-Glacis’. De Jean Kandel erënnert un d’Geschäftswelt ëm d’Place de l‘Étoile aus den 1960ger. Colette a Fernand haten 1967 op der Reouverture vu senger Epicerie fir Ambiance gesuergt. Nach an den 1980ger war den haitegen Entreprisen-Treff eng ‘lieweg Géigend’ mat engem Bäcker, engem Schouschter, zwee Metzeler, ë.a. 5 Caféën, engem Kleeder- engem Blummen- an engem Zeitungsbuttek. ‘t gouf ënner aanren ronderëm och e Som- e Miwwel-an e Spirituosenhandel, zwee Coifferen an zwou Garagen. Net ze vergiessen: d’Telefonskabinn op der Plaz! (‘Ons Stad’ 115)

Gesouch d’Stäreplaz fréier méi Verkéier a Richtung Arel fueren oder a Richtung Süden via Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an al Escher Strooss? (‘t ass schwéier soen.) De mannsten Traffic goung jiddefalls duerch d’rue J. P. Probst, an där 1979 den éischte Steen vun der Russesch-Orthodoxer Kierch geluet gouf. Duerch si laafen elo Schinnen! Net ze vergiessen... den éischte Stater Tram hat ewell 1875 d’Gare mam Kolléisch verbonnen a kuerz drop (bis 1964) d’Stadgebitt mat den alen Nopeschgemengen. Bis 1908 goufen d’Voiture vu 2 oder 3 Päerd gezunn; si goufen dann am August versteet. (An d’Vehiklen ‘à traction chevaline’ si verkaaft oder verschrott ginn.) ‘t koum dann esou wéi Hollerecher ‘Revue’am Léiwekeller’ verkënnegt hat... ‘en Tramm mat Elèctricitêt rullt duerch ons Strôssen mat Wupticitêt’. (G. May) ‘t sinn nei ‘Automotricen’ a ‘Baladeusen’ (‘Bäiween’) iwwer d’Tramschinne gerullt. (E ‘Wattmann’ ass gefuer, e Schaffner war do fir d’Billjeeën a fir d’Schell.) Enn Mäerz 1926 goung d’éischt Trams-Faart via Stäreplaz an de Rollengergronn. Eng ondatéiert Postkaart veréiwegt d’Voiture Nr. 36 als "Pilotwon" virum ‘Chareli’ um Boulevard Royal. (D‘Bunn Lëtzebuerg-Iechternach an den Tram hu béid tselwecht Gleiser benotzt.) Bussen hunn d’schinnegebonnend Transportmëttel den 9. Mee 1955 op der Rollengergrënnescher Streck ersat. Nom Tram hält säithier de Bus an der rue E. Reuter, wou d‘modernt Senioren-Haus "Ste-Elisabeth am Park" d‘Plaz vun der fréirer Klinik anhëlt.

P.S. A foffzeg Joer haten 48 Tramsween zesumme 56.770.000 Kilometer zréckgeluet a waren 1964 (de 5.9.) fir d‘lescht ënnerwee! (1930, um Héichpunkt vu hirer Popularitéit hate s‘ëm 8 Millioune Leit transportéiert.) Fir d‘Kierfechsmauer, den INL, d.h. den ‘Institut national des langues‘ grad wéi fir d’Haiser vun der François Boch Strooss (paralell zum Rollergergronn) a fir d‘Entrée vum Kräizgrënnchen louch ewell virum Fréijor 2018 Bauféiwer an der Loft. Fiert deen neien zu Saragossa gebaute Luxtram vum Glacis erof op d‘grouss Kräizung, ass ee Stéck Chantier fäerdeg an d‘Büros-Fënstren vun der Stäreplaz hunn eppes ze kucken. D‘nei Statiounen hanner der rouder Bréck heeschen ‘Theater‘, ‘Faiencerie‘ an natierlech ‘Stäreplaz’ . Hir Nimm bezéie sech an enger geografescher Logik op Geschicht a Kultur. Intressanterweis funktionnéiert den Tram zwëschen dem Arrêt Rout Bréck-Pafendall, der Place de l‘Étoile an der Stater Gare ouni Uewerleitung. Versuergungsschinne luede seng Superkondensatoren duerch ‘Biberonnage’ an 20 Sekonnen op. A just soulaang wéi d‘Gefier d‘Schinnen ofdeckt stinn s‘ënner Spannung.