Lëtzebuerg - Stadgronn (II)
Fuere mer duerch d‘pittoresk verwénkelt Stroosse vum Gronn denken di wéinegst un d’Zäit wou do bescheidenen Handwierker- an Doléinerhaiser stoungen. Blécker vun ënnen erop op d‘mächteg Festungswäll um Bord vun der Uewerstad impressionnéieren, se hunn joerhonnertelaang Ugrëffer ofgewiert. D‘modern Festungsbaute sinn aus dem Buedem gewuess nodeems Aalmënster e Steebroch an den Nuebel vun der Stad, d’Grofebuerg, ofgedroe waren. Duerch hir uegebueren Buedemstännegkeet sollten d‘Leit sech just au besoin upassen; mat friemer Tënt geschriwwen Ordonnance konnten hir Gefillswelt net einfach äenneren. Blécker vun uewen erof op Schluchten déi d’Stad trenne maachen nodenklech. “D’mënschlech Energie war esou grouss, dass héich Brécke gebaut gi sinn fir se zesummenzebréngen“ (Fernandez). An dem Sosthène Weis seng faarwefreedeg veréiwegt ‘Kermesse au Grund‘ vun 1929 a seng aner Aquarelle spiggele Rouh a Stäerkt erëm, d’no him benannte Strooss verbënnt de Stadgronn mam Pafendall.
D‘Gebaier vum Klouschter Neimënster entstoungen no 1606 mat Kräizgank no klasseschem Virbild. 1618 gouf d‘Porkierch an den Hospiz St Jean inkorporéiert (t‘ heescht aus Finanzgrënn.). Se krut dat dem blanne Grof Jang dédiéiert Grafmonument gestëft vum Erzherzog Albert, (dat haut d‘Krypta vun der Kathedral huet.) De Quartier ëm d‘Klouschter gesouch en Opschwong, ‘t gouf do ë.a. eng Schmëtt, d‘Duchmaacherzunft, métiers du textile, “Buedhaiser“ fir d’Handwierker an der rue Plaettis an… d‘Vue op d’Schlassruin. Hir Zeechnung vu kuerz viru 1620 weist de Band I vun de Koltz-Bicher) - Ouni d‘Aalmënster Studieplaz blouf e schoulesche Vakuum, deen de Jesuitekolléisch opléise konnt! Lëtzebuerg hat also en neien Zougank zur Bildung a blouf weiderhi strategesch wichteg. Dofir goufen fir Ëmbauten am Gronn 1671 ë.a. an der Tilleschgaass 52 Haiser ewechgerappt; d‘Leit kruten dofir en Terrain am Franziskanergaard, (haut Chimay- a Louvignysgaass.) Kuerz drop hunn Elisabetherinnen den Hospital St Jean iwwerholl an ëmbenannt. Mä ewell 1683/ 84 sollte barbaresch Bombardementer vum Louis XIV sengen Truppe sämtlech Bauten zerstéieren. Just Deeler vum grënnesche Kierchtuerm bloufe stoen. (Mat iwwer 60m ass en den héchste vum Land.) 1688 gouf Neimënster an der fréierer Form rekonstruéiert. An d‘Tilleschgaass koum eng Garnisounsbäckerei mat 14 Baackiewen, déi bis 1807 a Betrib waren.)
Déi frësch vum Architekt Hubert Laloir opgebaute Kierch hat e schéine Portal mä e sobert Schëff. D‘räich Barockaltär hat de Louis XIV hir geschenkt (Krantz-Quintus) an Neimënster 1200 Pond gestëft!) Se koumen aus der Franziskanerkierch vum Knuedler grad ewéi d’wäertvoll schwaarz Madonna (a. d. Kölner ‘Parler Schoul‘ - aus Nossbamholz a. d. Enn 14. Jh.) Den Altoropsaz, deen si dréit, kënnt aus dem Mariendall. Déi 2001 klasséiert Uergel vu 1720 staamt aus der Kapuzinerkierch. (Schmitt M.) Johannes-Bild vum Pierre Maisonnet ass méi nei. D‘Biller vu Basilus a Benedikt si restauréiert. Aarbechte wéi dës ginn d’Gefill ‘de revivre les émotions et de retrouver l‘âme de son créateur’ schreift d’Tilly Hoffelt. De Raum mat Fënstre vun 1894 gläicht engem Musée vu sakraler Konscht an illustréiert d‘kathoulesch Kiercheléier. (Langini)
Nodeems virun 300 Joer Lëtzebuerg (1715) un d‘Haus Éistreich goung hat d‘Maria Theresia fir politesch Stabilitéit gesuergt an fir Reformen a schrëttweis gesellschaftleche Wandel de Jousef II.. D‘landwirtschaftlech Niewegebaier vum Südostfliggel vun Neimënster goufen 1720 ersat. An där Zäit entstoungen de Postkutschendéngscht Bréissel-Lëtzebuerg, e Weesenhaus an der Biissergaass an duerno d‘Grondschleiss mat gedecktem Passage tëschd Helleg-Geescht-Citadelle a Rhummfiels. Nei gebaut goufen och di 4., d.h. d’Diddenuewener Stadpaart, d’Stadwoo an tëscht Oktober 1744 an Dezember 1745 sinn d‘grouss deels dräistäckeg Kasematten am Bock erausgesprengt ginn. Dëst ‘fortifikatorescht Konschtstéck‘ sollt d‘Zougäng zu Gronn a Pafendall mat Artillerie verdeedegen. D‘Fernandez-Zeil observéiert „Wéi Lëtz. un d’éisträichesch Habsburger goung, koum et dass Eruewerer an Eruewerter, Maueren a Festungen sech vermësche sollten.“ Wéi dem Mozart säi Requiem 5 Joer hat ernimmen nei turbulent Zäiten 1796 d‘Abtei Säkulariséierung an d’Rettung vum Jang dem Blanne sengen Iwwerreschter vun engem lokale Bäcker. Eis Land gouf ‘département des forêts‘ betitelt an „Klëppelkrich“ housch eng Protestaktioun.
Zréck an d’Tilleschgaass: Duer koum 1806-‘07 an d'Plaz vun der Garnisounsbäckerei en neie Prisong mat ufangs 100 onfräiwëllege Gäscht. (Säin 1. Inhaftierten housch am Volleksmond de „Goldmetzeler“ (Engelmann.) – Dat Gebai steet nach; ‘t hat duerno als Schongfabrik, Erzéiungsanstalt fir Jongen (d.h. "Winnschoul") an Wunnenge fir d'Prisongspersonal gedéngt an no Renovatiounen zu Sozialwunnengen. Wéi eise souveräne Staat nom Londoner Vertrag, 1867, kee Mititärhospiz méi gebraucht hat, an de Bau ze kleng war als Prisong krut d‘eidel Neimënsterabtei eng ‘Raison d’être’ als Centre Pénitentiaire. Den Tutesall entstoung 1870. D’Kriminalitéit ass gewuess: an ëm 1918 krute 436 Infaftéierter sonndes Gromperen a Speck, heiandsdo Träip a soss Liewerwurscht, Kéis- a Gebeesseschmieren oder Bouneschlupp. (René Clesse) - D’Raim vun eisem Naturmusée waren d’längsten Zäit vun hirem Bestoen en Hospice, d.h. e Centre d’accueil fir Obdachlouser an aarm Leit, déi fir d’Heeschen ze schwaach oder krank waren. (H. Beck) D’Patere kruten 1550 no der Zerstéierung vun Aalmënster e Refuge am ale grënneschen Hospice à Condition en neien do ze bauen. - Säit Mee 2004 ass Neimënster revitalisiéiert a villbesicht.. ‘t kënnt een vum fréiere Kasärenhaff aus der Uewerstad erof mam op Impuls vum Pierre Werner gebaute Lift op eng intressant Plaz, mat weltoffenem ‘espace multiculturel et pluridisciplinaire où l’harmonie règne malgré l’étonnante diversité‘. (P. Gramegna) D‘architektonesch Liichtegkeet vum Glasdaach iwwerëm Bannenhaff harmonéiert optesch mat den ale Mauere vum Kulturzentrum.
P.S. De Wenzeltour erlaabt eng Zäitrees ‘honnert Minutten - dausendjäereg Stad-Geschicht‘ mat Fokus op d‘Schlassbréck (vu 1735), d‘Corniche, déi no Pläng vum Vauban befestegt gouf, ë.a. de Stierchen, ‘hängend Gäerd‘ a villes méi) Derwäert z’ernimmen „den Dag no der Gräinskiermes goufen traditionell Mënzen aus dem Gräinsbur gefëscht. Vir waren do d’Péitrusser, wollten awer Pafendaller a Grënnescher dësen de Fang streideg man ‘wurde hie und da zum Faustrecht gegriffen‘.) (Ry Boisseaux). Ob de jonken Eugène Ruppert (*1864 am Gronn, Fils vum Schmatt) do derbäi war? Dësen Aventurier de coeur haten ‘ein sehr hohes Gehalt, und der Reiz des Unbekannten’ ugezunn; e gouf als 30jäeregen Directeur technique des usines de Han Yang, en huet do niewebäi ‘géologie, traditions et croyances‘ stodéiert a krut a senger Heemecht de Bäinumm «Chinees». (R. Philippart)