Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Stadgronn

Spezialisten no ass de Stadgronn historesch wéi esthetesch eise remarkabelste Staddeel. D’Unesco huet en an d‘ 'zone de protection‘ klasséiert. Säi monumentale Charakter sollt jo och an zéng Joerhonnerte wuessen. De Gronn hat 2006 ënner 769 Awunner 47,98% Lëtzebuerger (an de Pafendall 50,12%) (F. Théato). No 7 Joer koumen aner Chiffren op d‘Tapéit: do haten 2/3 vun 830 Leit kee lëtzebuerger Pass. Natierlech hu schonn an der Steen- an Eisenzäit vereenzelt Siedeler sech am ënneren Uelzechtsdall niddergelooss. Bei den handwierklech begaabte Kelten gouf et keen Tauschhandel méi, si hu mat Geld bezuelt. Spéider hunn Handwierker, déi d’Buerg um Bock gebaut haten, sech am Gronn ugesiedelt... si sollte fir hir Beruffer Waasser aus der Uelzecht benotzen. 1083 ernimmt en Akt d’Ulrichsbréck. An um Fouss vun de stadgrënnesche Fielsen, “wo das lebendige Nass reichlich sprudelte“ nennt de J.P. Koltz tëscht dem Gräins- an Krudelsbuer zur Clausener Säit een an der Biessergaass an de ‘Plättisbrunnen‘. Hiert Waasser wéi dat aus der Uelzecht gesouch dem fantasievolle Betruechter J. A. Fernandez no „seng Geheimnesser, säi Glanz a Gloria, seng Kricher a virun allem seng Märercher.“

Historiker, d‘Stëmme vun begruewener Zäit (H. Heine) presentéiren wichteg Personnagen aus fréieren Deeg. Ëm Siegfridsschlass hat zanter 1059 de Konrad I., Fils vum Giselbert, als Grof regéiert. Ënner him entstoung 1083 um noe Fielsplateau de monastère St. Pierre. D’Iddi vun där Klouschter-Grënnung, déi als Aalmënsterabtei bekannt gouf, hat wahrscheinlech säi Fils Wëllem II. D‘kleng Benediktiner-Communautéit koum deels vu Saint-Airy a Saint-Vanne bei Verdun. (M. Pauly) Se krut vum Grof ë.a. fennëf Meierhäff geschenkt, d‘Fëschereirecht a Péitrus an Uelzecht vum ‘pont St. Ulric jusqu’au rocher du ‘Mor‘’ a Recht op Holz aus dem Gréngewald. En Tableau veréiwegt ë.a. d’gotesch Aalmënster-Basilika mat véier Tierm, Konrad I. an den Abt Folmar vu St Vanne. A Schrëfte verroden, dass d‘Benediktiner de Schoulmonopol kruten a Sproochen, Geschicht, Philosophie a Konscht-Studien offréiert hunn, well si tëscht 2 grousse Kulture louchen. (N. Klecker). ‘t gouf do Geriicht gehalen an d‘Mënche ware frënnschaftlech Beroder fir d‘Grofen. 1123 koum d’pépstlech Erlaabnes d’traditionnel Bannpressessiounen an d‘Aalmënsterabtei ze leeden aplaz op Tréier. Um Enn vum 12. Jh gouf de spéider séileggesprachene Schetzel do begruewe, wou haut nach een Tuerm un d‘kléischterlech Réngmauer erënnert. Net ze vergiessen d‘ëm 1050 gebaute grënnesch Ulrichskierch hat zur Urpor Hollerech gezielt a bei der Réimerstrooss Arel-Tréier un d’Urpor Weimeschkierch gegrenzt. - Mam ale Stadkär sinn och d’Alentoure gewuess an de Gronn gouf 1321 eegestänneg Por mat Kierch an Hospiz; e krut en zimlech grousse Kierfech (vun deem eemol 850 Griewer fonnt goufen.)

De klenge Faubourg am Uelzechtdall louch ‘ante portas‘ - di drëtt Réngmauer huet en an d’Stad integréiert. D‘ënner dem Jang de Blannen ugefaange Stadmauer gouf 1398 fäerdeg ënner sengem Enkel Wenzel II., dem Jong vum berühmte Karel IV. Dësen hat den 13.3.1354 sengem Hallefbrudder Wenzel I., dee keng Ierwen hat, den Herzogtitel ginn aus Prestigegrënn! ‘t housch kuerz drop d‘nei Mauer géif den Handel a frësch Fräiraim am westeche Staddeel verlageren. Wéi eisen Duché seng gréisst Fläch hat kruten d‘Äbt vun Aalmënster 1365, vum Poopst Urban de Privileg bei Pontifikalmassen Mitra, Staf a Beschofsrank ze droen. – D’Chronik mellt 1427 “d‘Schuebermess uff Schadberg bringt fremdes Volk in die Stadt‘, also ware méi Wiechter néideg. Zeng Joer drop hat eis Land mam Sproochegenie Sigismund (Hallefbrudder vu Wenzel II, a 4 Joer réimesche Keeser) dee leschte männleche Spross vum Haus Lëtzebuerg.

Dëst war bis 1443 ni eruewert ginn, mä um memorablen 22. November huet den Duché seng wäit iwwer 400 järeg Eegestännegkeet verluer!) Beim Burgunderiwwerfall goufen d‘Schlassbuerg belagert, Haiser rondrëm an Dependenze vun Aalmënster a Brand gestach an d‘Abtei groussendeels zerstéiert. D‘Mëttelalter war abrupt eriwwer, der Regentin (an Nièce vum Sigismund) Elisabeth vu Görlitz hiren Neveu Philipp le Bon (nom Lascombes en “dreiste Kraftmensch“) huet Schrecken verbreet. An engem Saz gesot: de burgundesche Schock soutz déif. D‘Habsburger sollte spéider besser Zäite bréngen. Dëst alles a méi verrode Recherchen vu passionnéierten Archivaren, Historiker a Professeren wéi d‘Häre Wampach, Margue, Wilhelm, a Koltz.)

Wéi Lëtzebuerg 1443 ‘ofgekapselt‘ war krut säi Volleks-Charakter eng ausseruerdentlech Tenacitéit a konnt seng typesch Eegenaart erhalen! 100 Joer drop hat de François I. de Gronn beschiedegt an Aalmënster zerstéiert. Senger Steng sollte fir d‘Schlassbastioun benotzt ginn. D’Mënche goungen an den 1309 vum Henry VII. senger Fra Margareta vu Brabant gegrënnten Hospiz St. Jean nieft der dozougehéireger Kierch ‘uff den Steynen’. 1606 gouf dann de Grondsteen fir d‘Neimënster ‘Klouschtergebaier vum Abt Roberti geluet. Verschwanne vun der Stadkaart sollt 1555 d‘Lützelbuerg. Duerch d’Zäitlupp gekuckte Pläng aus der 2. Hallschent vum 16. Jh. (vum Deventer, Mameranus, Abt Bertels an vum Georg Braun a Franz Hogenberg mat Vue vu Clausen op de gréngen Dall an d‘reduzéiert Aalmënster Abtei) illustréieren d’Geschicht mat ‘schléifreg unenee-gedréckten Haiser‘. (Fernandez)

P.S. Fréier waren am Uelzechtdall heefeg Iwwerschwemmungen, do goufe liicht Brécke fortgeschwemmt. Bei där schlëmmster Reenperiode vum 1. Oktober bis den 1. Faaschtesonndeg 1373 sollten Haiser laanscht d‘Waasser zesummefalen. An dofir kruten am Gronn wahrscheinlech eenzel Stroossen den Niveau gehéicht! Zolidd gebaut waren d’Millen. Där tëscht 800– 900 jäereger Biessermillen hir “éischt“ Mentioune stinn 1083 an 1297 an Inventäre vun der Mënsterabtei. (van Werveke.) Ob do och Miel vun ënnerschiddlecher Qualitéit gemuel gouf fir d‘einfach an di besser Konnschaft? Si goung 1825 un Famill Hastert, déi se erweidert hat an innovativ Iddiën entwéckele sollt. (De Site industrie.lu/moulinhastertgrund veréiwegt hiren elegante Belle-Epoque Porträit.) Hir Gebaier goufen 1975, am Joer vum Denkmalschutz, trotz seriéisem Protest ofgerappt. Aus dem ale grënnesche Quartier nach e realistesche Bléck op den Alldag am 16. Jh. Do waren d‘Klouschterhäre vun Neimënster net frou iwwer den désagreable Geroch vu Gierwereien an de Kaméidi vun Arbechterinnen an den noen Hanf- a Fluessgäerd.