Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Gaasperecher Bann

Kritt e Stadvéierel am Opbau de Bäinumm ‘chantier titanesque’ kann domat nëmmen de Ban de Gasperich gemengt sinn. Där landeswäit gréisster Bauplaz südlech vun der Stad hir Fläch vu ronn 80 Hektar ass eng Mixtur vu Residencen, Bureauflächen, ëffentleche Gebaier an engem ganz grousse Park. De Spezialisten no baséiert hire Plang op de ‘principe de la mixité fonctionnelle’. Um Gasperecher Bann hu sech no archeologesche Sondagen un der Uewerfläch ënner dem Uewerbuedem Verfiewungen ofgezeechent. Dës hu bei Archeologen d’duebel Hoffnung animéiert, déi dem Henning Mankell no heescht ‘Mer wëssen ‘t ni: Fanne mer wat mer sichen oder siche mer wat mer fannen?!’ De Projet Ban de Gasperich krut vun der däitscher ‘Gesellschaft für nachhaltiges Bauen e.V.’ bei der l'Expo Real 2011 zu München eng Goldmedaille an der Katégorie ‘quartiers mixtes’.

D‘hënnescht Deckelsäit vum Buch ‘Episoden aus der Festung Luxemburg‘ (v. Pol Tousch) beräichert d‘Kaart vun 1739 vun der Festung mat ë. a. Hollerech an Gesbruk. (D‘selwécht Joer ernimmt d‘Lascombes Chronik en aus Spionage-Grënn op Paräis bruete Plang iwwer ouvrages ajoutés à Luxembourg en 1729‘.) D‘carte de Ferraris weist 1788 néng rout Diech vum Hau Gasperich (an net wäit dovun d‘Abtei Bonnevoye.) Eng Meldung aus dem Luxemburger Wochenblatt vun 1822 aus der Schobermesszeit (aus der Episode-Sammlung) erwähnt, dass zwee Ulanen vu Bonneweg einen Bauern aus Gasperingen duerch Säbelhiebe in Kopf und Arm verwundet haben!‘ Honnert Joer drop beschreift de René Engelmann den Numm ‘Cloche d‘or’ als ‘Gaststätte’ un der Strooss Lëtzebuerg-Beetebuerg. An d‘Joer 1932 geet d‘Grënnung vum Stater Süd-Quartier sengem Interesseveräin zréck an d‘Pose vum Grondsteen vu senger Kierch op engem geschenkten Terrain. Dëst alles dréit ëm ‘al‘ Gaasperech, deem seng Awunner net verwonnert sinn, dass nobäi eng Réimersiedlung louch. Relativ rezenten archeologesche Fouillen no war den Territoire vum neie Quartier am Bronzen-Zäitalter bewunnt; Vestige vun enger Ferme weisen drop hinn.) (Wort 12.10.2016) An d‘lokal Geschichtsfrënn wëssen, dass d‘vum Grof Konrad gegrënnten Aalmënsterabtei 1083 hei Terrain geschenkt krut, deen hirer Mönchen aménagéiert hunn, an, dass um Enn vum 13. Jh. ee Waltier de Goysperch Scheffe vun der Stad war.

D’Ausgruewungen um Chantier vum Gaasperecher Bann hu sech gelount. Héichintressant war en do entdeckte Militärlager aus dem 17. Jh .‘ (Eng Photo weist Markéirungen am Bulletin 3/2016 vun Archeologia Luxemburgensis.) D‘Trouvaille vu 1684 zum Siège vum Louis XIV ‘du plomb fondu, signe de fabrication de balles, des pipes en terre cuite pour fumer le tabac’ (mat „Fleur de Lys“-Stempel)’ an eng Koffermënz mam Bild vum Sonnekineck ginn Opschloss iwwer d’Zaldoteliewen an d’Belagerung. (Wort, Mäerz 2012) D‘néng fonnte Feierplaze vum „Bataillon d'Auvergne“ bei der haitiger Citroën-Garage um Gaasperecher Bann an d‘néng 5 Meter laang Kichebatterien vum „Bataillon des Lyonnais“ mat je néng Feierstellen nennt de Robert Wagner eenzegaartig op der Welt. (D’Kichebatterie louchen tëscht den Offizéiesch-Zelten an deene vun einfachen Zaldoten.) - Ausgegruewenes wéi och al Chronike si wichteg Zäitzeien. Eng Notiz vum 10. Juni 1684 erënnert drun, dass Klacken nom Krichsrecht dem Eruewerer zoustoungen. Mä dësen huet de städteschen Autoritéiten d’virun der Blockade (ë. a. vun Céisseng a Gaasperech) an d’Stad a Sécherheet bruete Klacken ofgetruede fir 3.000 ‘Patagonen’; Enn August hunn d’Porleit vu fënnef Dierfer e Prêt gemat vu 47 Räichsdaler fir s‘anzeléisen. (Fr. Lascombes.)

D’Aktualitéit gëllt Chronisten no als ‘Kräizungspunkt vu Vergaangenheet an Zukunft. E Schrack no vir kalkuléiert, dass de Boulevard Raiffeisen théoretesch 20 Minutte vun Arel trennen, 30 vun Thionville an 40 vun Tréier. Südlech vum breede Boulevard Raiffeisen entsteet zwëschen Escher Strooss an Houwald e pêle-mêle vun Bureau-Espacen an Appartementer. Hien an de breede Boulevard Kockelscheier sollen 2018 fäerdeg ginn. Ee sougenannten oppene ‘couloir écologique’ liberéiert d’laang kanaliséiert Weierbach, déi an Drosbech leeft. Den 20ha grousse Park soll Enn 2017 Formen unhuelen. De gläichzäiteg mam Park fäerdege Campus francophone vum Lycée Vauban erwaard 2.300 Elèven. Hien an d’École française de Luxembourg ëmginn sechs Sporthalen, en Danzsall an en Amphitheater. Berufspompieren kommen dohin, e Centre de secours et de formation an en Hotel. D’héchst Gebäier ginn Presse-Informatiounen no 22 a 36m héich, de Waassertuerm nom Plang vum Jim Clemes 60m. Säi Stock soll ronn 1000 Meter-Kibb Waasser faassen. De ‘béton vu architectonique’ an d’rationnel elegant Form vum Waassertuerm halen d’Konstructiouns- a Maintenancekäschten a Grenzen‘ (P. Bretz); seng abstrakt Fassade symboliséiert ‘eau qui coule’ a gëtt dem Quatier eng speziell Identitéit.

P.S. Genau wi Brout oder eng Plaz fir ze Schlofen brauch de Mënsch Raum, Liicht an Uerdnung. (Le Corbusier) Net ze vergiessen, d’Heizungshëtzt, an déi liwwert d’no Leidelenger Offallverbrennungs-Anlag. Minuspunkte brengen dem groussen 22m an d’Déift gebauten Centre commercial seng Excavatiounsaarbechten. Um Bord vun der fréierer Gemeng Hollerech entstinn och e moderne Stadion nom Lècker Beispill an eng mat Piscine gekoppelt Multisports-Hal. D’virtuell Visite vum Ban de Gasperich mat senge Komponente vun enger Stad mat Fräizäit-Areal ass méiglech. Spezialiste konnte beim Duerchfuersche vum Staatsarchiv an der Nationalbibliothéik am leschte Joerhonnert ëmmer nees nei Erkenntnësser un d‘Dagesliicht bréngen. D‘nei Generatioune wëssen, dass de Vauban mat 3000 Mann an 4 Joer eis Festung ausgebaut hat – se kréie mat dësem neie Quartier muunch Säiten ze fëllen. Säin Numm kéinnt sech vum Klang hir wéi d‘latengescht Gasparis op d‘hebräiescht ‘gizbar’ bezéie – wat ‘celui qui porte un tésor’ bedeit... (J. Tosti)