Lëllgen
Lëllgen läit an der Gemeng Wëntger un der klenger Aalbaach a seng Awunnerzuel ass an de leschten aacht Joer vun 124 (d.h. säit Hierscht 2007) op 140 gewuess. D‘Buch «Le Luxembourg, vu par les Peintres» (éd. Citedis) weist säin 1946 gemoolten Duerfzentrum an e spezielle Gaard aus der Siicht vum Joseph Probst. Seng Tableauë si mat hire räiche Faarwen a geometresche Formen eng «sublimation de la nature». Ob zu Lëllgen säithir vill geännert huet? Et krut eng kleng sechseckeg dem hl. Jouseph geweite Kapell, well d’aacht Godfroid-Geschwëster de Krich gutt iwwerstanen haten. (hir Mamm hat dëst versprach.) De leschten Duerfgeeschtlechen, den Herr Ewert, hat zu Lëllgen gewunnt bis 1948. An ’t gouf do fir d’lescht 1961 Schoul gehalen. Am ale Schoulgebai ass haut e Versammlungsraum. Sollt fréier do alt emol en ‘Hädstupp’ ernimmt gi, war domat ee klenge ‘gesaten’ Häd-Bewunner gemengt,“Hädewull” housch Onuerdnung oder grouss Quantitéit an “Hädsprénger” goufen hei an zu Stackem Heesprenger genannt. An de Bridder Grimm hirer Wuertanalyse bedeit ‘Lullen’ eng Melodie summen ouni Text, e sougenannte “Wiegengesang.”
Lëllgen (oder dem Engelmann no Lullgen) ass net ze verwiessele mat ‘Lellgen‘ (Lellingen) am Kiischpelt.‘t war fréier an der Gemeng Béigen an eng vun de klengsten ale Poren aus der Regioun. Seng Origine ginn zréck an d‘Epoque vu Kelten a Réimer, säin Numm baséiert vermuttlech op e réimesche Familjenumm Lollius oder Lull. Am Joer 781, zur Zäit vum 1. Mainzer Äerzbeschof (mam Numm Lullus), gouf Wëntger urkundlech erwähnt. Et war allerdengs och ewell 774 dokumentéiert. Deemols sollt de Karel de Groussen d’Scheffegeriicht, d’Steier vum Zehnten an de ‘karolingesche Fouß’ aféiren als eenheetlecht Längemooss mat duerchschnëttlech 33,3 cm. Hien hat nieft senger Grënnung vun Doum- a Klouschterschoulen (ë. a. zu Utrecht, Metz a Köln) zur Verbreedung vu Geeschtesbildung vum Klerus a Vollek nach vill Iddiën. Seng Gidder kruten Direktive fir d’Exploitéire vun iwwer 70 Geméiss- an Uebstzorten. D’Viirleefer vum Geméissubau am Genre vun der "Coopérative Lëllger Gaart" kënnten also vu 788 sinn! À propos Ubau - de “gréngen Daum” war fréier wéi haut “Opmierksamkeet an Zouwendung” (A. Maggauer) - Eng Präisslëscht vun 1828 huet geschichtleche Wäert:‘In Böwingen, Lullingen, Asselborn, Allerborn galt das Ackerland 30. Fr pro ha, bei Lieler gar nur 18 bis 24 Fr. In der Köricher Gegend bezahlte man damals bereits 100.- Fr pro ha.‘
D’Geschichtschronik verzeechent 1496 en Paul von Lullingen als Biergerriichter an der Stad. Am Joer 1717 gouf d’éischt Kierch zu ‘Lullange‘ gebaut. Hir Maure stinn nach op der aler Plaz, mä fréier war se ‘geostet’, d.h. d’Entrée war am Tuerm, elo ass s’op der Plaz vum Altor. Dës Äennerung koum nom grousse Brand am März 1918. Duerno gouf s’opgebaut an am Juli 1923 nei geweiht. Gerett gi waren d’Marien- an d’Rumold Statuen. (Dëse Beschof vun Dublin sollt op d’Kinneckskroun verzichten, Missionar ginn wi de Willibrord, Eremit, Märtyrer a spéider ‘Apostel vu Malines’.(†775)) Et waren zwee Säitenaltär vum ‘Sculptoris’ Greef-Roesdorf kaaft gi vu Munneref mat typeschen Engelskäpp (de grousse Munnerefer Haaptaltor koum op de Kaaschtel.) Am Chouer flankéiere si de stilistesch ugepassten Zelebratiounsaltor aus dem Bruechtebaacher Schräineratelier, se datéiere vun 1716 a si polychroméiert wi fréier. Pendant vun der Immaculata ass de grad ernimmten Rumold alias Rombaud, deem seng Veréirung heirëmmer wéineg verbreed ass. Op d’Plaz vum fréiere Chouer koum nom Krich en Duxall, mat engem ‘Uergel Positiv’ aus der Lëntgener ’Manufacture“ vun 1978 an eng Rosace mat der Tréischterin. D’Kiercherenovéirung war 1982; op dem mat Goût a Stand gesate Kierfech fällt eng Rei al Grafstäng op. Déi zwou faarwefreedeg Ronnboufënstre vum Rob. Emeringer am Altorraum datéiere vun 2000 an ‘piègent avec légèreté de petits clins d’oeil du temps’ (Men Maas).
Nodeems 1979 de Lambertshaff e neie Besetzer krut, entstoung hei d’"Eisliker Heem‘. 1986 sinn éischt Behënnerter am Foyer agezunn - wou dem Präsident Schaack no "der Hoffnung en Nascht gebaut gouf”! Hei liewen 14-15 Leit mat engem Handicap; a schaffen säit 1991 am 3 ha grousse Gaard. Hei ginn 100.000 Beie versuergt an ënner aanrem an Zären Testversucher fir d’Säzgromperegenossenschaft gemat. Dem Kleesjen hellefen d’Heembewunner all Joer Tuten apacken; hire Rekord läit bei 8000! Nach ze soen: De Lëllger ‘Potager-Voyageur’ ass ee vu 14 ‘Jardins-à-suivre’ zu Lëtzebuerg an a jidder Hisiicht léierräich… (T.G. Deels v.2008 a. d. Kierchtuermscauserien - an aus mëndlechen Temoignagen.)
P.S. D‘Wëntger Gemengeblad N° 21 erzielt eng exceptionell Geschicht ëm Lëllgen. Am Juni 2012 koum e Student vun der Harvard University aus den USA heihinn fir am ale Waasserbehälter Fuerschungen zu senger Dokteraarbicht iwwer “Organismic and Evolutionary Biology” nozegoen. Dem Christopher Laumer seng Recherche huet op eng al Lëtzeburger Broschür aus senger Uni-Bibliothéik baséiert; si beschreift hei ee klenge blanne Wiermchen, deen ‘t just eemol op der Welt gëtt! Mä wéinst dem ‘schon iwer 30 Joër neck méih benotzte Wasserbehälter senger agerasten Dir hott hien am Duarref no Hëllef gesicht… a schon no poor Minute sain “Wiermche“ fondt‘ - fir en an engem Behälter mat an Amerika ze huelen. (Ee grousse Merci goung un de Romain, de Paul, de Carlo an de Luss fir hir spontan Hëllef. Am Fall wou de Christopher den Nobelpräiss gewanne géif ‘hott hie versprach, si zur Feier anzeloden!‘) E Gemengeblad kann also grad wéi eng Zeitung ‘de Sekundenzeiger vun der Lokalgeschicht‘ sinn. (Schopenhauer)