Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lenzweiler

Säit 1977 ass Lenzweiler Deel vun där landeswäit gréisster Gemeng Wëntger. Et zielt zum Kanton an der Gendarmerie Clierf an huet 96 Awunner. Di fréier Usiedelung Lenzweiler oder Lenzwëller schreift de Lëtzebuerger Dictionnär ouni t. En erënnert och drun, dass se fréier 32 Awunner hat, hiren nërdlechen Deel zur Gemeng Aasselbuer an de südlechen zur Gemeng Béigen gezielt hunn... an dass Lenzstréih Summerstréih bedeit. ‘t befanne sech haut gréisser Industrien do an zwee Drénkwaasserreservoiren. An eent vun den 18 Wandrieder aus der Gemeng dréit zwëschen Deiffelt a Lenzweiler. Neierdéngs daucht den Uertsnumm heefeg am Zesummenhang mat Stroossen- a Bréckenaarbechten op. Mam Ziel Clierf z’ëmgoen ass d’Landschaft amgaang sech deels ze veränneren.

Am groussendeels vu Bësch bedeckten „Arduenna“ Gebitt ernimme Geschichtsbicher d’Eburonen, e wahrscheinlech keltesche Volleksstamm. Duerch de Kelten hir ‘Kultur der mündlichen Tradition’ besti kaum Opzeechnungen aus hirer Zäit. Mä fréimëttelalterleche Quellen no sollt hiren Dialekt heirëmmer deels nach am fënnefte Joerhonnert geschwat ginn. D’Entstoe vu Lenzweiler ëmginn ongeléiste Rätselen. Gewosst ass, dass ‘t op haardem roudelzeche Clierfer Schieffer ouni Quarz a Kallek op enger Héicht tëscht 509 an 520 Meter lait. Lentz, Lenz, Lensch si Kuerzformen oder Variante vu Lorenz… E Weiler ass équivalent mat villare, ferme an hameau! (J. Tosti) Vläicht hat fréier een dapere Luerenz d’Wiel vum Uertsnumm inspiréiert! (De sizilianesche Familljenumm Lenzo bedeit der Lorbeergeschmückte!) - Historesch Date weisen d‘Evolutioun vu Herzogtum Lëtzebuerg. 1574 wollt de Grof Mansfeld e Verzeechnes vu Porkierchen a Geeschtlechen an 1766 hat d’Keeserin Maria-Theresia eng Vollekszielung ordonnéiert. (Dës sollt jidder Stad, ‘Duerf, Haisergrupp, Haff a Millen, Haiser-zuelen, Nimm vu ‘Männer und Knaben ab 16, Namen und Zunamen aller Weiber und Mädchen ab 14 und Zahl der Ehen’ notéieren! (Natierlech duerften och ‘Knaben unter 16 und Mägdelein unter 14 Jahren’ net feelen!) - Laut Memorial vum 9.11.1878 hat Lenzweiler mat 156 Leit deemols ee Gemenge-Conseiller zegutt!

D‘Lenzweiler Kanner gounge fréier op Dienjen an d‘Schoul an an d‘Kierch. An der Loftligne leien Ieselbur an d’Clierfer Abtei net wäit. 1932 hat Pius XI. hirer Benediktiner op Roum geruf fir als ‘wahre Talentschmiede’ d’wëssenschaftlech Aarbecht un der laténgescher Bibelausgab weider ze féieren. (Marc Jeck) D‘Dierfche koum kierzlech aus der Par Dienjen an d‘Por Wëntger Sainte-Famille. Hire Parbüro ass zu Helzen an der Duärrefstrooss. D‘Weekapell bei Lenzweiler gehéiert zu Remëljen; D’Plaz an d‘Kräizung nieft dem leider ongepflegte Ronnbau nennt d‘Hansen Kaart vun 1907 Mons Uschler. (Donieft ass haut e Busarrêt.) Uschler hat fréier mat Remëljen an e puer aanren Dierfer zur 1795 gegrënnter Gemeng Aasselbuer gezielt. - Am allgemenge ‘stelle Kapellen bei aller Bescheidenheet eng spezifesch Grupp vu reliéise Bauten duer. Hiert Entstoen ass heefeg geschichtlech verschleiert’ (sot de Michel Schmitt). Haut presentéiert Lenzweiler e veräennert Uertsbild. Et bidd vill Aarbechtsplazen un, an d‘Zeil vum Schiller, dass Baueren “im Lenz die keimende Saat erwarten“ passt net méi. ‘t gouf an gëtt nobäi vill gebaut; e puer honnert Meter vun der Nationalstrooss 18 sinn Industrie-Riesen aus dem Buedem gewuess! Fréier, tëscht 1883 an 1969, hate munch Familljepappen aus der Regioun hiert Akommes an de Schiefergrouwe vun Éimeschbaach verdéngt.

Ëm deen alen denkmalgeschützte Café „Um klenge Bösch“ stoungen emol kleng onscheinbar Heipen. En zielt zu den eelste vum Land, war schonn als Postkutschenhalt bekannt a gouf 1830 dokumentéiert.“ Net z‘iwwersinn un der Haaptrooss ass de moderne Café-Restaurant “Kentucky“. Haut passéiert do nieft der Busligne op Wëntger d’Industrie-Busverbindung Baaschtnech – Lentzweiler! (1. Départ 5.05 zu Baaschtnech - Arrivée 5.42 Lenzweiler um Arrêt Nr. 24!) - D’ronn 59 ha groußt Aktivitéits-Gebitt „ZAE Eselborn-Lentzweiler“ (eng ëmklassiert Zone verte) grenzt am Südosten un den Uert. De Bau vun der «Transversale de Clervaux » verbessert den Uschloss vun der Industriezone un d’nationalt Stroossennetz. D’ 3,7 km laang nei Verbindungstrooss Maarnech-Lenzweiler verbënnd d’N7 an d’N18 a soll Verkehrsproblemer reduzéieren. Sechs elegant Betongstäiler droen di „net-klassesch” 265m laang, 14,60m breet a 35m héich Stroossebréck iwwer den Dall vun der Irbich. Niewebäi iwwerwannen e puer méi kleng Bréckebauten topografesch Schwieregkeeten. Se féieren ë.a. iwwer e Biotop oder déngen souguer als Wëldbrécken. (De Megaprojet zeechent sech duerch seng Nohaltegkeet aus!) Dass d’Gemeng Wëntger 2015 den ‘European Energy Award‘ krut huet si sécherlech och hiren klengen an der Landschaft verspreeten Uertschaften ze verdanken.

P.S. D’Membre vun der Jeunesse Dienjen-Deewelt-Lentzweiler sinn net dofir bekannt fir ze lenzen. (Dëst Wuert gëllt als däitsch Ofkierzung vu faulenzen - lenzen interpretéiert eisen Dictionnär als vereelzt fir ‘zögern, verschleppen‘.) D’Franzousen nennen dat ‘l’art exquis de ne rien faire..’ (A.-M. Peysson) Zum Thema Sproochvarianten... am Éislek heescht e Champignon Kochel, erzielen ass ‚verzalen‘ an ‘op der Bréimicht‘ e Lenzweiler Stroossennumm. (Bram ass den hollänneschen Numm fir Päerdsbier. Mir soen dofir och "Bréimen"... an e Bréimespill? Dëse phantasievolle Begrëff erkläert dem Engelmann säi Wuertschatz als eng «Vielheit von Brombeerranken».