Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Leetem

D’Leetemer 'Lékt' wunnen 79 km vun der Stad am extremen Nord-Oste vum Land. Hir Uertschaft ass eent vun den 'Diärfer' säitlech vu grousse Stroossen uewen riets op eiser Landkaart. Seng Gewan grenzt am Norden an Osten un d’belsch Gemeng Burg-Reuland, westlech u Beeler a südwestlech u Wäiswampech. Vun heirëmmer stamen al Nordéisleker Ausdréck wéi 'di lous Fiiss gin och emol gefangen'… an 'mat “foorwiärriken” Geld verdengen…' (d.h. säi Liewesënnerhalt mat Furwerken oder am Transportwiese sécheren.) D’eenzel Uertschafte verbënd och hei eng vu gutt 300 RGTR Buslinnen, déi zanter 1978 dem Verkéiersministère ënnerstallt sinn.) Leetem zielt iwweregens zu de Modelluertschaften, déi 1978 am Kader vun engem Fënnefjoresplang ausgezeechent goufen.

Fréier hat Leetem zum ewell 814 erwähnten Haff Thommen gezielt, a mat deem sengen Dozougehéiregen gewësse Fräiheiten (d.h. kee Millenzwang a kee 'Frondienst'). Beeler hat ënner der Seigneurie Reuland méi Corveeën! (K.D. KLAUSER) Den Haff Thommen ënnerstoung am 12. an 13. Jh. der Grofschaft Lëtzebuerg. Am Kadaster steet Leytumb 1777 als zougehéireg zur ‘haute cour’ vu St. Vith. Am Laf vu Joerhonnerte geschouch do heefeg wat de Lex Jacobi haut beschreift 'Wann den éischte Schnéi sech op d’Soote leet wuesse Kristallbrécken “über den eiligen Bächen der Zeit...”' Iergendeemol koumen da Grenzmaarken, d.h. Leetem gouf indirekt eng Grenzuertschaft. Spéider gëtt vum ‘Rétablissement des bornes-frontière n° 62 et 65 à la frontière prussienne’ bei Leithum a Lengeler beriicht. Reckbléckend krut 1812 de Feldhidder Theodor Schneider 120 fr Joresloun vun Huldang, Beeler, Leetem a véier aneren Dierfer. Nom Fall vum Napoleon ernimmen intressant Zeilen aus der Geschicht vun der Wämper Geméin de Passage vu ‘russeschen Truppen’ vum 1. Juni 1814 duerch eist Land. Den deemolege Buergermeeschter sollt hinne Ween zur Verfügung stelle fir den Transport vu Fudder a Militärgidder. Mä well ’t u Päerd gefeelt huet goufen Ochsen ugespaant. Di Leetemer hunn allerdengs refuséiert ‘einen Ochsenwagen samt Gespann zu liefern’! ’t gouf anerwäerts ee requéréiert, mä de Buergermeeschter duecht, dat haartnäckegt Duerf Leetem hätt eng Strof verdéngt. Méi ass net gewosst, just dass 't fir d’russesch Reiterei konfisquéiert Fudder herno Schuedenersaz gouf. (Henri Rinnen, “Cliärrwer Kanton”, 1995) D’Charakteren hunn hei den typeschen Éisleker entsprach. Hinnen hätt d‘Zeil vum Th. Storm ‘Man muss sein Leben aus dem Holz schnitzen, das einem Gott in die Hände gab’ wahrscheinlech gutt gefall!

Zwëschen 1880 an 1914 waren d'landwirtschaftlech Erdräg ëm 60% geklommen, virallem 'weil nunmehr die kargen Böden im Ösling eingesät werden konnten!' (Michel Pauly). Thomas-Miel, gemuele phosphorräich Schlaken, goufen als Konschtdünger verwäert (z.B. pro Hektar a Joer 10 Tonnen.) - D'Kierch vu Leetem staamt aus där Zäit, genee vun 1877. Se huet en ähnleche Stil wéi hir Beeler Mammekierch. An hir dominéiert e restauréierte Barockaltor. Iwwert sengem  Tabernakel trount d'Haaptpatréinesch, d‘Immaculata. Z'ernimme sinn nach e konschträich gemooltent Bild vun de 14 Nouthelfer an 7 modern Fënstren vum Gust Zanter (vun 1988). D'Kierch gehéiert zum Porverband vun de Gemengen Ëlwen a Wäiswampech. Hire Geeschtleche wunnt zu Ëlwen. Och kleng kaum bekannt Kierche weisen dat Onvergänglecht am Vergänglechen an ënnerscheede sech domat vu stilvolle weltleche Gebaier. Dem lokale Gesangveräin säi Subsid war 2013 traditionnell 300 an dee vum Kulturveräin Beeler-Leetem 250 €...

An de 1980er hat d’Leetemer Populatioun mat 55 Leit en Déifpunkt erreecht; vun 105 Leit (1913) goung s’erof op 76 (1947) fir Mëtt Mäerz 2015 dann op 99 ze wuessen! Luefgesäng no hunn d’Natur an d’Duerfbild dem moderne Stadmënsch en etleches z’offréieren. Grouss Bëscher zwësche Wäiswampech a Leetem, an dësem an Ouren bidden de Spadséiergänger zimmlech onberéiert Plazen. (Äehnlecher hate wahrscheinlech de Bernard de Clairvaux inspiréiert zum Saz “Du wirst mehr in den Wäldern finden als in den Büchern.”) Al Beem an al Bicher si Liaisounen zu fréieren Zäiten. Un d’schlëmm Krichsjoeren, wéi hei wahrscheinlech heefeg d’'Äerréier' (Äertriwwel) an Ässkochelen (Wise-Schampinjongen) um Menu waren, erënnere lokal "Bauchfläsche-Geschichten". Deemols gouf an deenen 10-Liter Fläschen op fantasievoll Manéier Schnaps vu Leetem an d‘Belsch geschmuggelt. An dem Kanton seng ewell zitéiert Zäitschrëft fir “d’kulturellt Liäwwen” publizéiert d’erschreckend lokal Krichsstatistik: 1945 hate vun den 22 Leetemer Haiser 3 iwwer 80 % Schued, eent war eng hallef Ruin an 18 bis zu 25 % zerstéiert.

P.S. ‘Lätem’ (wéi 't lokal heescht) ëmginn wéi gesot Bëscher a Felder, d’rout Feldhénger heeschen do 'Rucktféissert' an d'Vioule verstoppe sech, wéi am Lidd, heemlech am Schiet a liichte ‘vajullich’. Am Juni 1933 hat de Gemengerot vu Wäiswampech e Reglement fir d’Waasserleitung ausgeschafft fir Beeler–Lätem, a kierzlech housch e Bauprojet mat “Niddreg-Energie-Haiser” hei ‘Les Jardins de Leithum’.- Wouran läit eventuell e Rapport mam Duerfnumm? Am keltesche Wuertschaz bedeit ”ley“ Schiefer, am rhäineschen Fiels (wat d‘Loreley confirméiert) an am engleschen ‘meadow’. D’Migratiouns-Well no der Normannen-Invasioun an England (1066) sollt eng Famill Ley registréiere mam Wopesproch ‘Force avec vertu‘, Qualitéiten, déi och hei gefalen däerften. Den Numm 'Lee' passt zu Leit, déi de Wonsch hunn no Harmonie oder no Reesen, Aventuren a Rieder déi rullen wéi am Song “I was born under a wandering star.” Dat fréier selbstännegt Wuert Thum bedeit Dignitéit, Ruhm oder Besëtz (Herzogtum war éischtens Muecht an zweetens d’Gebidd.) Hei kéinnt deemno eng Heldefigur oder d’extra gréng Landschaft den Uertsnumm inspiréiert hunn.