Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lausduer

Lausduer oder lokal gesot Lausduarre gehéiert zu 2 Gemengen. ‘t huet 19 Awunner verdeelt op e Grapp Haiser - dee gréissten Deel zielt mat 16 Leit zu Klierf, déi aner gehéiren zu Wäiswampech. Si hunn e Busarrêt an d’Google-kaart weist do eng héich Antenn, där hire Schied bei schéinem Wieder op Passante fällt. Déi Lescht, d’Frënn vum Éislek kënnen do ronderëm beim Trëppelen d’Rou an d’Schéinheet vun der intakter Natur genéissen. D’Dierfche war bis Enn 2011 an der Gemeng Hengescht - déi dunn mat den Nopeschgemenge Munzen a Clierf fusionéiert ass. ‘t läit op ëm 498 Meter Héicht e wéineg hannerwands un der Nordstrooss vun Hengescht op Wäisswampech. ’t huet a fréieren Zäite wéi säin Entourage zu Clierf, Ouren oder Wolz gehéiert. Seng ’Landschaftbiller autoriséiere keng Monotonie’ (si Wierder vum M. Nopeney.) Säin admirablen Horizont verschmëlzt mat bloem Niwwel, an de Klima ass manner haard wéi deen an der Eifel.

Am Joer 1051 gouf e Mansus zu Lausdorn erwähnt; (Mansus bedeit mol eng Mooss, mol e klengt fréimëttelalterlecht Gutt, (ein ‘Gütchen’) vun Hörigen oder klenge Fräien, dat just eng Famill ernähre konnt. Tëscht Kiisfurt/Hengescht an Lausduer kräizt en ale Feldwee, e Kiem, de Wee Hëpperdang-Hengescht. Do wou d’Hansen-Kaart d’Héicht genannt Alkirch weist steet e Kräiz, dat un eng fréier Kierch erënnert. ‘t gouf alen Zeilen no mat der Plaz ‘Luttrestharra’ am Erzbistum Tréier an enger pépstlecher Bulle vun 1140 ernimmt. - Lausdorn gëllt als ’ancienne dépendence’ vun der seigneurie d'Ouren. (An ale Schrëften housch de lieu-dit emol Lausdorf, wat relativ miserabel Zoustänn ahne léisst. De Flouernumm ‘Dirwis’ verréit nach 1858 e ‘sol improductif’) Ënner dem Philippe II. an dem Mansfeld fanne mer den hei kënnege Jean d’Ouren, (Seigneur de Tavigny et Limpach), deen tëscht 1598 a 1619 Probst vu Lëtzebuerg war. (Nom Jean-Claude d’Ouren (Probst v. 1637-1669) hat den Jean-François Ignace d’Ouren d’selwecht Amt bis 1684.) (Lascombes) - Hannerum aktuellen Dräilännereck fléisst iwwregens d’Reebech, déi no bei Lausduer entspréngt, an d’Our. Am Dall vun der Baach war den emol ‘Ursofonta’ genannte ‘Bärbrunnen’! (‘Ons Heemecht’ 1914) - Nobäi südëstlech leien den 531m héije Foosserknapp, d’538m héich Heedknupp an nordëstlech eng Bergerie.

Lausduer daucht net heefeg a Geschichtsbicher op – mä am 18. Jh ass do e Maximinergutt ernimmt. D’Dierfche war dann 1803 an der Por Hengescht dokumentéiert, d’Kanner gounge spéider och duer zufouss an d’Schoul. Dem Joseph Kalbersch seng Sträitschrëft ‘Gebrauch und Missbrauch geistiger Getränke’ (ëm Branntewäinsteier a -Scholden) erënnert ë.a. un d’‘Duerchlauchtigsten Herren Lehnmanne von Lausdorn und Flöhborn’. Si sollten 1848 um Helperknopp d’Häre Radetzky an Bonapart beschëllegen, de Wirtschaftsfrënn hir Scholde net bezuelt ze hunn (a proposéieren ‘Stüber’ aus ale Fatzen an ‘Tränen hungriger Frauen’ ze prägen.) De Projet Eisebunnsligne Reiland-Lausduer-Maulusmillen war 1885 en Thema. (J. Schrœll). Den Horaire vu Postvoiture vun 1904 kléngt haut zäitopwenneg: Hengescht-Lausduer, 9.40 – 10.15, Arrivée Wäiswampech 10.45. - Lokal Krich’s Detailler sinn deels ondatéiert. ’De Pilot Donald Toye war onverletzt op en Aacker östlech von Lausdorn gefall’; den Uerder un de Colonel Nelson (v. 19.12.1944) ‘to hold the line on Lausdorn Weiswampach Beiler’ sollt gestoppt ginn. An eng Quell mat ville Photoen meld: ‘Patton’s US 3rd Army continues attacking in southern sector of the Ardennes, capturing Clerf, Hupperdange, Grindhausen, Heinerscheid, Lausdorn, Reuler, Wilwerwiltz and Urspelt.’ (World War II Daily: DDay to VEDay – TideFans.com). January 25th)

D’Lausduarrer ënnersti wéi schonn ugedeit net nëmmen zwee Buergermeeschtren an ginn dofir och an zwou Gemenge wielen, (virun der Gemengefusioun op Hengescht a Wäiswampech - duerno op d’leschtgenannten Plaz an op Klierf.) ’t sinn och zwee Police-Commissariater fir si zoustänneg. Den Ëlwener couvréiert d’eegen an d’Nopesch-Gemenge Wëntger a Wäiswampech, mä och den Territoire vun der Lausduerer-Maison F. an dee vun der Sectioun Léiler. - Dem ëmgedeefte Klierfer Büro an ‘Commissariat Ourdall’ ënnerstinn nieft der eegener Gemeng déi Housener, de Kiischpelt an 16 Lausduerer Leit. (Juni 2018) - Geologesch gesinn fanne sech do ëm 400 Millioune Joer al ‘Quartzophyllades de Schuttbourg’ a Schiefer mat gudder Schichtung, selte Bänke vun Quarzsandsteng a Quarzophyllade vu Stolzembuerg. Ob dëst Promeneuren intresséiert huet, déi do alt emol um 17 km laange Ronnwanderwee participéiert hunn? An ob Rallye-Fuhrer Hëpperdang 2011 Uertsnimm analyséiert hunn? (Iergendemol housch d’Ueweréisleker Nascht Lutarsdarre an 1026 Luteresdarra. De lokale Restaurant mat der rouder Fassade nennt sech nom kartographesch erfaassten Toponyme an annoncéiert «ouvert». (Géif d’Plaz Lausdar oder Lausdat heeschen, d’Kontraktioun vu Laussedat, wär domat laut Jean Tosti eng ‘terre en friche’ gemengt.)

P.S.) Op engem vun den 11 Wandrieder vum Wandpark Hengescht ass net wäit vun der N7 an nërdlech vum ‘hameau de Lausdorn’ eng WebKamera installéiert. Se weist d’Landschaft an d’Wieder op https://www.clervaux.lu/fr/webcam.html. Hätt s’ewell an den1920ger bestane, wären hir Housener Touristen a gelounten Autoen opgefall, déi d’pittoresk Géigend besicht hunn. Se hätt hei wahrscheinlech och kënnen 1998 d’Wanda observéieren, d’Päerd, dat deemols bei der 28. Nationaler Ausstellung fir Reitpäerd zu Märel e Präiss krut. (G. Van Maris. ) Grad wéi d’Guttlänner ginn och d’éisleker Leit hiren eegene klenge Pad op der Landkaart a punkto speziell Ausdréck. (A. Atten) Do heeschen z.b. kleng getëppelt Kiewerlecken, déi net picken an net bäissen mä just bei Blatläis räiberen, Härgottsdéiercher. E Sproch nach zum Déierchen aus dem Uertsnumm: Heescht et vun engem ‘E kann enger Laus e puer Stelze maachen’ da geléngt him dat Onméiglecht...