Laaschent
Laaschent ass eng Uertschaft an der Gemeng Tandel nërdlech vu Branebuerg. Et läit an der Loftligne tëscht der Our an der Sauer a genee tëscht dem Veianer an dem Buurschter Schlass. Et goufen do 2015 am Juli 74 Awunner a 26 Menagen gezielt. Déi “äußerst bewegte” éisleker Landschaft war 1981 beschriwwen als Liewensraum vun 53.905 Leit (d.h. vu 14,8 % vun eiser Populatioun.) Vun dëse waren an deem Moment genee 63 zu Laaschent doheem! Et gouf natierlech ëmmer Schwankungen; haut grouss Uertschafte ware méi kleng; a muunech kleng war méi grouss! 1848 hat ‘Landscheidt‘ z.B. 146 Awunner (Furen 150 am Vergläich) a Weiller bei Pëtscht 141 (Clierf koum vu senge fréieren 884 Leit erop op ronn 1310.) Hat d’Guttland Akerland, gouf ‘t am Éislek ‘Wädland’ an excellent Gromperen. An der fëschräicher Sauer an Our si Salemfrellen, Hiechten a Baarwe geschwommen. An do konnte Leit mat der Gewunnecht ‘den Himmel am Waasser ze betruechten, Fësch op de Beem gesinn! (‘Yörg’)
Geschichtsbicher verroden dass Laaschent net zur Grofschaft Veianen gezielt hat.
Säite mam Titel ‘Versuch einer statistisch-geographischen Beschreibung des Grossherzogthums Luxemburg‘ (v. 1840) preziséieren, dass et mat Grooljen, Mierschent, Nuechtmanescht a Weiler Deel vun der Herrschaft Branebuerg an zougehéireg zum ‘Dikkrecher Quartier’ war. Säit dem 3. Joerhonnert ass Dikrech bekannt als Maartvogtei mat Héichgeriicht. D’Laaschter Lett hu sech wahrscheinlech jee no Besoin zu béiden, zu Dikrech oder Veianen hinn orientéiert. Dat zweet hat bekanntlech Geschäfter an Industrien, (ë. a. Wäisserte, Brennereien, Brauereien, Fässer- an Duchfabrikanten, eng Huttfabrik, véier Joermäert, vill Nëss an Lougierwer, déi no den ‘lederverschleissenden napoleonischen Kriegen‘ räich goufen.) Egal wat fir Titelen hir Grondhären haten, d‘Bauere waren hinnen “zur Fron verpflichtet und die alltäglich zu verrichtende Arbeit war sozusagen zweigeteilt.” Een Deel huet hir eege Versuergung betraff, an deen aneren d’Corveeën oder d’Déngschter fir d’Herrschaft.
Virun 1350 war Laaschent Sëtz vun enger grousse Por, zu där Branebuerg, Grooljen, Houschent, Mierschent, Nuechtmanescht a Weiler gehéiert hunn. 1350 gouf de Sëtz vun der Por ënner dem Paschtouer Nikolaus vu Branebuerg op Branebuerg verluet. D'Ursaach dofirwar méiglecherweis d’no Distanz vun der Buerg bei d'Kierch. - Déi haiteg Laaschter Kierch staamt aus dem 17. Joerhonnert. Déi zwou Willibrorduslanne virdrun markéieren de fréiere Seigneurien Veianen, Branebuerg a Clierf hir Grenz an zielen zu de remarkable Beem vu Lëtzebuerg, D‘Summerlannen ëmschwiewen de Gedanken, dass de Willibrord si geplanzt hätt; si loossen drop schléissen, datt op där Plaz eemol e ganz aalt Hellegtum stoung. Well den Alter vun de Lannen op 'nëmmen' eppes méi wéi 250 Joer geschat gëtt, gehéiert dës Geschicht an de Beräich vun de Legenden. Intressanterweis war d‘Chouergestill aus deem ëm 1783 vu Jouseph II. privatiséierte Mariendaller Klouschter ze grouss fir ganz an d’Branebuerger Kierch ze stellen, dofir koume véier Sëtz dovun op Laaschent (een dekoréiert z.B. e skulptéierte Fësan.) D‘nei Kräizweestatioune sinn eng Kreatioun aus Holz vun der Soeur Joseph vun Heeschdref.
Zum Sujet Klima weist e rezente Medaillespiggel 4 vun am ganze 96 lëtzebuerger Klimapakt-Gemengen un, déi am Mesure-Katalog vum “European Energy Award (EEA) iwwer 75 % erreecht hunn. Dëst si Biekerech, Parc Housen, Schëffleng an Tandel! An hinne ginn d’Wierder Nohaltegkeet grad wéi och Ressourceschounung grouss geschriwwen. (D’Zil méi Energie ze produzéiere wéi ze verbrauche wëllt d’Gemeng Parc Housen 2018 erreechen.) Beim “Bausteen” Engagement fir Energieeffizienz a Klimaschutz krut d’Gemeng Tandel kierzlech en EEA Goldzertifikat! (Wort 12.12.15). Eise Klima gouf hei ewell fréier gelueft am Rapport mat e puer iwwer honnertjäreg Éisleker, 1777 krut z.B. d’Ludwina Ferber vu Veianen 104 Joer. Net ze vergiessen: Laaschent war virun der Fusioun vun de Gemenge Furen-Baastenduerf - aus deenen 2006 d'Gemeng Tandel entstoung - mat där Zweetgenannter am Kanton Dikrech. (Di Zäit virun 1828 war Baastenduerf a säin Entourage an enger eelerer Gemeng mat Haaptuert Stolzebuerg, deen dann an d‘nei Gemeng Pëtscht koum, e Wiesselspill vu Kompetenzen a Responsabilitéiten.) “Um Land ass ‘t wichteg bei de Mënschen Engagement a Kreativitéit z‘aktivéieren an esou hir Existenz ze sécheren. Well och an Zukunft wäerd een Deel vun der Bevëlkerung d‘Liewen um Duerf ‘erstriäwwenswäert‘ fannen.” (Klaus Töpfer). Laaschent zielt dräi Bauerenhäff – an d’Gemeng Tandel hat am Summer 2015 ënner 1969 Awunner 1381 Lëtzebuerger.
P.S. D’Adjektiv ‘laasch’ bedeit dem Engelmann no hueseschreckeg - mä dëst war an ass fir d’éisleker Lett zimmlech onpassend. Eng Laascht oder sougenannte ‘Läst’ ”gi liicht, wann ee se mat Geschéck dréit, (sot ewell den Ovid.) Eng Rei Laaschter Lett goung deemno och mat Äifer un d’Iddi erun hiren alen Harmonium duerch eng kleng Uergel z’ersetzen. ‘t gouf do zesumme mam Gesangveräin Branebuerg-Laaschent gesot ‘Allez höpp! Si kast net méi wéi e Mëttelklassauto. Den Auto ass no 10 Jar futti. Di kleng Uergel géif 200 Jar halen.’ D‘Infoblat ‘Tandeler Duerchbléck’ huet de Projet annoncéiert, an den 11. 2. 2007 war d’Aweiung vum neien zweestufegen Truhepositiv. - Zu Laaschent opgewues ass de Lucien Weiler, deen als Chamberpresident tëscht 2004 an 2009 ënner anerem d’Roll hat, d'Chamber no baussen ze representéieren. An do wunnt den Armand Meyers, bei deem naturbezunne moleresch Theme parallel gi mat harmonesche Faarwen.