Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kéiber

Kéiber fënnt een an der Loftlinn tëscht Lëltz a Wal, no bei Néngsen an 43 km vun der Stad. Laut dem Gemengeblat goung seng Awunnerzuel an 10 Joer vu 70 erop op 111. Et läit an enger Senk ofsäits vum Trafik, huet eng Maison Relais, e Veräinshaus a léif vu Flouernimm inspiréiert Stroossennimm wéi rue Woespelchen an a Woellenter. De lokalen Interesseveräin këmmert sech ë.a. ëm de regelméissege Gemengentrëppeltour mat verschiddne Längten an enger kulinarescher Stäerkung. ‘Kuborn‘ erënnert déi eng vläicht u Kouh an déi aner un Rouh, eng relax Kur oder Kultur. Dës hellëft Mënschen hir geeschteg a kierperlech Talenter z’entfaalen. D’Endung ‘born‘ bedeit Buer oder Quell. An der rue Driecht presentéiert eng iwwer 18m héich Bich sech Konscht-Elèven als Studienobjet. De Stater Kéibierg war emol e kaum besiedelten Ausflugsuert säitlech vun der Tréierer Strooss, vun deem aus 1683 d’Stad bombardéiert gouf; haut heescht do e·Bus Arrêt Kéibierg-I.N.S..

De gréissten Deel vun der Gemeng Wal huet fréier den Herrschaften Esch/Sauer an Useldeng gehéiert; mä Heeschpelt a Kéiber hunn zur Vogtei Arel gezielt. (D’Felder mam Léif um Gemengewopen erënneren drun.) Fréier ass vague, Arel a säin Ëmland war am 10. Jh. eng Grofschaft a koum als Markgrofschaft 1214 ënner der Ermesinde hirem 2. Mann Walram IV. u Lëtzebuerg. 1839, bei eiser drëtter Deelung, goung et zréck un d‘Belsch als Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg. Lokalhistoresch Zeile concernéieren e .a. di dënn besidelt Por Ranschelt mat Brattert, Kéiber an Heeschpelt; si hat 1690 a 4 Dierfer 15 Familljen. ‘Kuhboren aus der paroisse de Rindshleiden’ ass 1766 beim dénombrement ernimmt an d’Dezauche Kaart vu 1790 nennt et ”Kuhhorn”. 1848 hat et 120 Leit a Gréiwels 123. De Familljennumm Kuborn gouf 1880 hei am Land 79 mol gezielt - seng franséisch Variante ass Kuborne. De lëtzebuerger Aloyse Kuborn-Lassner ass net vun hei; dëse bekannte Stader Apdikter hat en Häerz fir Déieren, a fir si net z’iwwerfuederen entstoung 1908 op seng Initiative di éischt Lëtzebuergesch Déiereschutzvereenegung...

Op der ‘Carte de Ferraris’ ass d’kleng Lukas-Kierch vu ‘Kuhborn’ vu 1786 ee vun 20 rouden Diech. D‘Awunner hate si op eege Käschten am Duerfzentrum gebaut. Se huet eng einfach mä schéin encadréiert Entrée a klassesch Statuen déi Bildhauerhänn mat Gedold, Kënnen an Imaginatioun geformt hunn. Hir Fënschtre vun 1880 mat Rauten- oder Flechtwierk Ornamenter aus Kathedralglas goufen ëm 1950 restauréiert. Nieft d’Kierch koum de Kierfech. Un der noer Stroossegafel erënnert e vum Petrus Welbes opgeriichte Steekräiz säit 1879 un een do Ermuerten. Iwwer Wallfahrte vun de ‘Küborner‘ no St. Hubert beriicht dem P. Tousch säi Lexikon iwwer Bräich, Sitten an Awerglawen: Hei bestoung de Brauch déi Päischtméindes am Duerf gestrache Mëllech zesummenzedroen, an doraus gemate Botter a Kéis beim Ukoummen um Zil ze afferen. (aus L.L. III, ‘Lëtzebuerger Land’1884.) Am 1907 gebaute Kéiber Schoulgebai fillen d’Klasse vum Ënner- a Mëttelgrad sech wuel, et ass eent vun dräi dat d’Kanner aus der Gemeng op d‘Eventualitéite vum Liewen virbereet - an mat deels onnëtzem Wësse beräichert. Se krut 2015 eng Solarstroumanlag op den Daach. D’Brochure „D'Schoul vu Kéiber gëschter an haut” (1907-2004) zitéiert d’laangjäereg Léierin, d’Mme Peller. Si sot “datt hei “e besonnesche Schlag vu Leit ze fanne wär, datt d'Kanner hei op ganz einfach Manéier fir alles ze begeeschtere wieren an datt si alles wat s’an der Schoul geléiert hu mat Liichtegkeet begraff hunn an ëmzesetze woussten”!

Uralen Temoignagen no sollten emol Wiichtelcher heirëmmer hausen. (Am Dällche ’Kalvergronn’, an Direktioun Eschduerf, géif et an engem solitaire Fiels nach hirer an Steen gehaë Kabeisercher. Si sollten de Kéiber Leit am Summer bei Feldaarbechten hëllefen an am Wanter fir si bitzten a strécken. En Highlight war 2012 fir Kéiber Schüler d’Participatioun um internationale ‘song contest’ (schoolovision). Am dofir geschriwwenen dräisproochege Song iwwer "D'Kéiber Wiichtelcher" heescht et si wieren nëmmen eng So... mä och ‘wa mir fest dru gleewen komme si erëm’! Keng Soo sinn hei véierbeeneg Landschaftsfleger. De Schéifer Waltmans a seng Heedschnucken integréieren sech an d’Gewan. D’Online Photogalerie vun der Gemeng veréiwegt si grad ewéi den net onattraktiven Hirsch, deen hei ufanks den 1950ger alt emol fräi duerch d’Duerf getrëppelt ass. Zum Thema intakt Natur a lieweg Baachen an der Ëmgéigend vun Stausee gouf 2009 e flotte lokale Projet annoncéiert ëm e verwëlderte Weier. Nobäi sollt e klengt Naturschutzgebitt zwëschen Kéiber an Heeschpelt raren Déieren- an Planzenaarten laangfristeg e Liewensraum bidden. D’Kéiber Famill Majerus-Cannels huet d’Iddi ënnerstëtzt!

P.S. Uertsnimm animéiere gelegentlech zu Spëtteleien! “Bemaangelt wéi déi Kéiberer Kéi bedeit een deen ‘nët grad liwwereg’ ass” oder eng Schrau lass huet. Ob där hei opgefall sinn, Kéi’ mat Mucken? Mam Begrëff “innere Schweinekuh” mengt den Dr. Camilo Cruz iwwregens d’schlecht Gewunnecht... De komesche Saz: E kann ’d’franséischt wi eis Kou spuenesch’ ass net vun hei, mä aus dem Elsass. – 1918 waren hei nieft de Béischten och d’Leit erféiert, wéi de 27. Oktober en däitsche Flieger ‘unplanmässig’ geland war. (E.T. Melchers) Méi rezent Notizen ouni däischteren Hannergrond dréien ëm den nobäi organiséierten internationale Méidreschercross. Do kucken déi eng wat dës säit 1952 fabrizéierte Monstere fäerdeg bréngen, anerer zitt et an d’grousst Zelt op d’Kéiber Koop op den Drescherbal. Eng drëtt Méiglechkeet ass einfach de Wäitbléck ze genéissen, well et jo heescht, dass d’mënschlecht Aa sech am beschten entspaant virun engem groussen Horizont.