Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kietscht

Kietscht, Këtscht oder Keetscht a seng 166 Awunner zielen zum Porverband an der Gemeng Rammerech. Am Schoul-Alldag bewege sech a senger rue de la Paix allerdéngs iwwer 400 Schüler an hir Enseignanten erliewen do muunchmol dat wat e réimesche Philosoph emol sot ‘Beim Lehren lernt man’ (Seneca). ’t läit knapps 2 km vum Gemengenhaaptuert a 40 km vun der Stad un enger Kräizung vu wichtege Stroossen. D'19,1 km laang Nationalroute N23 kënnt vu Räichel iwwer Osper, Hueschtert a Rammerech an heescht zu Kietscht rue des Alliés. Se trëfft do op 503m Héicht de 27 km laangen CR 308, d’Verbindung zu der Nordstrooss an de Chemin Repris 309 op Wolz. Hanner dem Rond-Point, hirem eenzegen, geet d‘N23 weider an huet zu Rombech-Maartel en Uschloss un d‘Belsch N4. A vum Kreesverkéier bréngt e Bus au besoin d’Leit a 35 Minutten op d‘Ettelbrécker Gare.

D’toponymesch Lëscht aus dem ‘Woordenboek van België, Nederland, Luxemburg, Noord-Frankrijk en West-Duitsland (vóór 1226)’ erfaasst Koetscheid bei Folscheid als Cůrzheit (1144-68). Vum 10. Jh. u fanne sech Uertsnimm op "-scheid" mat heefeg urkeltesche Racinen. An der Äifel fënnt een iwwregens "-scheid" heefeg gekoppelt mat Nimm vun Holzaarten, (d’éischt Silb vu "Manderscheid" erënnert un d‘keltescht “mantara“, d.h. Kiefer.) Am 15. a 16. Jh. gouf d‘‘Lutzelburger Duch’ op ville Mäert verkaaft. ‘t bestoung wahrscheinlech hei an am westlechen Herzogtum bis bei d’Meuse eng net onbedeitend Schoofszuucht. (Buch ‘Schueberfouer’, Cludem.) Am 17.Jh. goufen d‘Stadter Festung ausgebaut an iwwer Land Buergen zerstéiert. Net wäit vu Kietscht, bei Éischent, verstoppt sech d‘mëttelalterlech Ruin vum Schuerelserschlass (dat Luxalbum.com veréiwegt.) Bei d‘Mauere vun den Useldenger Hären hirer vergiessener Fliehbuerg féiert een Autopedester. Beim noen 547m héijen Napoléonsgaard sollt de franséische Keeser mat senge Leit e Bléck iwwer bal d’ganzt Land geheien. (Et housch’t hätt een do eng Vue vu 5 Stonnen an der Ronn - wat dem N. Gredt no 5 Marcheur-Stonne bedeit!) Den Tuerm erënnert un eng Land-Vermiessung vu 1928. - En Dokument vun der Post ernimmt 1867 am Norden d‘Post-Perceptioune Wolz, Ettelbréck a Réiden, a vun där Drëtter goufe ’Kaetschette’ a 27 aner Dierfer bedéngt.

D‘Gemeng Rammerech un der Grenz vum Éislek a Guttland ass deels a Richtung Norden orientéiert an deels duerch de Süde geprägt. D‘nërdlech Dierfer hu méi e landwirtschaftleche Charakter, an deene südlechen ware méi Aarbechter doheem. Béid hunn den “Humus“ vun eiser Identitéit geniert. Keetscht huet d‘Kiermes dee selwéchten Dag wéi Rammerech a selwer keng Kierch. Op bestëmmten Deeg kéinnt een theoretesch hei d‘Rammerecher oder Foulschter Klacken héiere lauden. Vum 1870 hei gebuerenen Architekt Jean-Pierre Koenig (+1919) sinn d'Pläng vun der Ueschdrefer Kierch (v. 1906-07) an ë. a. vun der Stater Spuerkeess hire Gebaier op der Metzer Plaz. Hie war ee Grënnungsmember vum Cercle artistique, dem CAL, an eng Strooss um Lamperbierg dréit säin Numm. - No der landeswäit zweeter Gemenge-Fusioun vun den ‘anciennes communes d’Arsdorf, Bigonville, Folschette et Perlé’ hunn déi Responsabel 1979 iwwer eng regional Schoul nogeduet. D‘Straussfeier vum Kietschter centre scolaire et sportiv war dann 1985. (Devis 118 Mio Fr.) De mëttlerweil 6 mol ausgebaute Schoulkomplex hat ufangs 200 Schüler - fir säin 20. Gebuertsdag, 2007, hat hir Zuel sech verduebelt! 2009 waren do 17 Primärschoulklassen a 35 Léierpersounen. (Hir Ambitioun housch d‘Kanner sollte sou gutt franséisch wéi lëtzebuergesch schwätzen, an dofir entstoung de Projet Pappalapapp.) (Magazine ‘Echo’)

De süd-westlechen Héichplateau vu Bungeref a Kietscht zielt mat iwwer 1000mm Reen pro Joer zu eise reenräichste Gebidder; am ëstlechen Uewersauer-Dall falen duerchschnëttlech 850mm an ëm d’Sauer Quell jäerlech bis 1200mm. No bei der haut ëmgedeefter Kietschterstuff erënnert säit 1946 e vu Frënn gebaute Monument un den Etienne Schmit. Deen zu Rammerech gebuerenen Affekot a liberale Regierungsmember (+1937) war sécherlech e ‘kiddelfexe’ verléissleche Mënsch. Kietscht louch um zweethéchste Punkt an um km 17,84 vun enger Schmuelspuerbunn, déi 56 Joer laang Näerden mat Maartel verbanne sollt. (Gidderverkéier bestoung bis den 1. August 1953.) (Hire Profil op wikipedia.org/wiki/Schmalspurbahn_Noerdingen beandrockt!) Op d’duerno ofgebaute Streck koum e Rad-Wee. ‘War d‘Lokomotiv emol fir d‘Mënschen en Ongeheier aus Eisen, gläicht se haut engem bescheidene Frënd, deen all owens um sechs laanscht kënnt’ duecht den Antoine de Saint-Exupéry (+1944.) Tselwecht Joer wéi dëse koum de Kietschter Resistenzler Nic Urth ëm - brutal zu Bungeref erschoss an hanner engem Haus begruewen. (Fritz Rasqué.)

P.S. D‘1848 gezielten 42 Kietschter Leit (2004 geklommen op 142) géife sech wonneren iwwer den 2,6km laangen Trimm-dech Pad am Kietschter Bësch, dee muunch géih Steigung mat abënnt. Ir et modern Fitness gouf, hunn Notizen no de 7.5. 1928 Natur- a Vulleschützer ëm d‘ländlecht‘Kötschette’ d‘‘Brutgeschäft der Waldschnepfe’ observéiert. (M. Hulten). De Biergréck, dee sech laanscht de groussen Habicher Bësch hinzitt iwwer d‘Corne du Bois des Pendus, Perlé, Flatzbour, Kietscht, Gréiwels an Eschduerf, hätt och den Auteur vum "Vulleparlament am Gréngewald" inspiréiere kënnen. Typesch al Ausdréck déi ähnlech klénge wéi Këtscht, sinn Këttel fir Quidd, këttelgiel fir quiddegiel, d‘Réidener Bezeechnung Kietsch fir ‘Balg’, Blosballech (vum Engelmann) an ‘kierwelen’ fir zielen ( am dico.lu. J. Lulling) – E grousst Zil bis 2020 ass e ‘Wäermt-Verbrauch’ vu kommunale Gebäier aus 60% erneierbaren Energien z’erreechen mat enger neier Holzhackschnëtzelanlag an der Zentral-Schoul. Vergiess ass d’Zäit, an där d‘Schüler gesot kruten Schoulholz matzebrénge fir d‘Hëtze vum Schoulraum...