Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kuebebuer

Ob Leit en Ënnerdaach an enger Stad oder an engem Dierfche wéi Kuebebur hunn, hinne bedeit d’Wuert Doheem ‘eng Plaz déi Gebuergenheet schenkt a gutt Leitbiller mat op de Wee duerch d’Liewe gëtt‘. (Henri Losch) D‘Haiser vum Kuebebuer verdeele sech op de Walerwee an d‘rue Ditzebierg op ronn 10m Héichtendifferenz; den nërdleche Steebierg läit op 394m, d‘Fauluecht op 383. Se leien zwëschen der Härd- a Gluedbaach - zwee vu ville klengen Zouflëss vun der ‚Schwaarzer Iernz‘. Se si kaum méi al wéi d‘no tëscht 1841 an 1844 gebauten Iechternacher Strooss. Südlech dovun leie Rippeg an d‘Schanz. Ënner de 24% Netlëtzebuerger huet d’Gemeng Awunner aus 20 verschiddnen Nationalitéiten. Wien sech vun dëse fir nordamerikanesch Indianerstämm intresséiert, weess dass Kueben als Beschützer vun hirer Kultur gëllen, kreativ Kräften hu sollen, awer och muunchmol de ‘Schellem’ spillen... (Nordamerikanische Mythologie)

Uertsnimm sollten ufangs dem Mënsch zur Orientéierung déngen an Haisergruppe benennen. Motiver zum Choix ware heefeg wichteg Personnagen, typesch Planzen oder Déieren. Ob emol um Bord vum Marscherwald excellent Quellewaasser d’Kueben unzéien an den Duerfnumm inspiréiere sollt? Déi schwaarz Allesfriesser sinn intelligent, imitéiere Vuggelstëmmen oder Sirenen a ‘käifen’ a gudden Zäiten ëm en Aas - a schlechten gesouche Rimbaud-Versen s’als ‘Totenvogelchor’! Vum spéiden 13. Jh. un dauchen d’mëtteldäitsch born a brunne a Flouer- an Uertsnimm op. ‘t gouf nobäi keng Buerg mä um Flouer Kaasselt bei Heeschbrech eng gallo-réimesch Befestegungsanlag. U Ritter erënnert d’Hierenger Buerggemaier, an e réimesche Vicus mat luxuriéiser Bausubstanz beleeën op der Schanz Mënzen, Fragmenter vu Wandmolereien a Mosaiksteng. - D‘Géigend hat fréier deels zu Iechternach, deels zu Befort gehéiert an huet eenzel bedeitend Hieff. D‘Kuebebuerer Lännereie ware groussendeels Dependence vun Rippeger Vogteigidder. Zwëschen 1828 an 1830 koumen d‘éischt Siedler dohin, d‘Haus `Harschens´. D‘Koppel Harsch-Greyn hat do eng Aart Scheier a Stall, e ¨Feldënnerdaach¨ (emol Besëtz vun der früheren Rippeger Vogtei ´Mäsch´) kaaft an ëmgebaut. Si ware Recherchen no d‘éischt Kuebebuerer! (F. Schaaf) 1848 goufen do 17 Awunner vun der Gemeng Bech gezielt, 1966 dann 26 an haut 51.

Am Joer 1931 hat d‘Luxemburger Illustrierte‘ d’Endunge Bour a Born ë. a. bei Kobenbour, Rodenbour, Herborn a Savelborn analyséiert. De Jules de la Syr gesteet ë. a. dobäi säi Faibel fir de franséische Suffix (z.B. Dillange fir Dillingen) an hofft dee ‘Raccourcissement étonnant’ kriit no an no Sympathien. – Zeile vum 1946 verstuerwene Mathias Ruden verroden, dass heirëmmer "d'Kanner an deire Jore gekachte Gromperen an de Schouss gezielt kruten." Dëse Consdrefer sollt iwwregens dozou bäidroen d'Lëtzebuergescht beim Schoulgesetz vun 1912 als Flichtfach an der Primärschoul anzeféieren! - Kuebebierg heescht eng Héicht bei Weimeschkierch. Um Kuebebuer steet keng Kierch, déi noosten ass op der Schanz. An net wäit ewech sinn d’berühmt Heeschbrecher Marieneech an d‘1570 beschriwwe Marguerite-Kapell. Intressant ass d’Notiz, dass 1858 e vun hei ausgewanderte Steemetzer gehollef huet eng amerikanesch Kierch ze bauen. (De ‘stonemason Nicholas Harsch helped to place the stones for the catholic church at St. Donatus.’) (www.newnorth.net) Zum Hemsteler Kierche-Bezierk haten 1787 Dokumenter no Hierschbrech an d’Schanz, Rippeg, Zitteg a 15 «Marscherleit“ gezielt. 1805 goufen d’zwee éischtgenannten (a spéider de jonke ‘Kobenbour’) Hemsteler Filial. (D’Kierfecher vun Altréier an Hemstel hu Griewer vu Kuebebuerer Leit.) Wien et um Fest vum hl. Antonius op Rippeg gezunn huet gesouch do e laang erhalene ländlech-reliéise Brauch: d’Kollekt gouf an e Kuerf mat Weeskäere gestach.

D’markantste Plaz vum Marscherwald, d’1926 gebaute Sonnenauer, läit net direkt um Sentier Henri Mamer (SHM). An deem grousse Bësch ëm d‘kleng Haisergrupp haten zwee Kuebuerer, de Kadaster Spezialist Mechel Dupont an de ‘Steenhauer’ Mechel Beck d‘Auer an e Fielsvirsprong agemeesselt. (Fr. Schaaf, Mywort) - Eng vun dem grousse Réseau vu Promenaden féiert vu Rippeg ‘hinab ins Tal des Gluedbaach, dessen Lauf wir folgen. Wir wandern an Kobebour vorbei bis zum Kasselt’. Spazéierweeër ginn et do relativ vill, an de Michel Rodange huet sech do auskannt, (Waldbëlleg war jo seng Heemecht.) An de Rénert-Zeile reimt Kuebebur mat Kur. ‘Ech schécken iech méng Doktren: De Flëpp vum Kuebebur, De Miller och vu Miirzeg An d' Mamer Zockerkur.’ Mä d’Duerf hat keen Dokter... Eng Zeen vum Karikaturist Alb Simon dréit ëm en imaginären ‘Hotel zu Kuebebur.’ Der Patronne hir Aentwert op d’Fro vum Dulli no engem propperen Teller deen net ganz naas wär, housch do... ‘t ass d’Zop déi drop ass!

P.S. ‘Wou de Vugel genasst as (d.h. säin Nascht hat), duer zit et en ëmmer hin. Dëse Saz vum Mathias Ruden ass symbolesch gemengt. Auswanderer hunn Intresse fir hir Wuerzelen an dës hunn dem Nic Weber no ‘e laangt Gediechtnes’. Deen ‘well ernimmte Steemetzer Harsch hat seng Mamm a Schwestere matgeholl an Amerika - a gouf spéider Farmer am Wisconsin mat ufangs 80 an duerno 160 ‘acres’. Op dem Kuebebuer, wéi hei gesot gëtt, stinn nieft engem Bauerenhaff e Centre Equestre an deem d’Léift zu de Päerd groussgeschriwwe gëtt. Un deen ale Buer kënne sech nach 90-jäereger erënneren an un d’Kueben? Vun dësen heescht et an de Stackhaiser: Wéi dee leschten duer drenke koum, krut d’Duerf säin Numm! Haut sinn do nëmme méi grouss Kréien... Landschafte wéi dës mat Baache, Koppen, romanteschen Dällten an dem Faarwespill vum Himmel erfreeë Photographen. De ‘luxplorer’ gouf sengem ‘Sonnenopgang um Kuebebur’ den Titel ‘God’s finger touch the earth’!