Lëtzebuerg - Kierchbierg
Um Kierchbierg dehnt d’Stad sech no Osten aus. Bis an d’1960ger waren hei Wisen, Felder a Spazéierweeër an 1973 koum d’Foire iwwer e Stéck vum Kiem. D‘Uertschaft ‘wor wuel déi eenzeg am Land an där bal all Hausfassaden no Sonnenopgang gekuckt hunn.‘ (F. Théato) Se hat tëscht 1906 an ‘41 tëscht 600 a 700 Awunner. Wie fréier vun do an d’Stad wollt, huet missen duerch de Pafendall op de Fëschmaart trëppelen oder vun Eech aus mam Tram dohifueren. Iergendeemol an den 1930ger goung eng privat Busverbindung via Eech an den Zentrum...(d‘spéider Ligne 17.) Ëm d’Joerhonnertwenn gouf ‘t hei 34 % Landwirtschaft, 34 % Handwierk, Handel 19%, Beamten a Rentner je 6 %. (Ëm 1940 war d’Landwirtschaft hallef zreckgaang an d‘Rentner haten zougeholl.) Wéi 1906 d’Auto-Kennzeechen ageféiert goufen, hat dem Kierchbierger Joseph Gruber säin Auto d‘Nummer 1810 an dem Jean Grethen säin d‘1826.)
Kadasterméisseg huet de Kierchbierg fréier zur Sektioun Weimeschkierch an der aler Gemeng Eech gezielt. E war 1222 schrëftlech dokumentéiert a virdrun faktesch duerch de Kiem du Grunewald. Dem Batty Weber seng „Abreisskalenner“-Zeilen (12.4.1932) halen ‘t fir „schier unglaublich, dass die paar Menschen, die in den verstreuten Gehöften lebten, die ganzen Ackerbreiten bestellten.“ Hien hat do emol owes nom Spazéieren notéiert ‘Wir legen diesen Sonntag zu andern in die Schatzkammer der Erinnerungen!‘ Gromperen- a Kabesstécker hunn hei dominéiert, Véihzuucht gouf just am klenge bedriwwen. 1904 goufen 12 Gromperendéif erwëscht, mä gelegentlech Hénger- a Kanéngerchesdéif net! De Buedem war a 5 Klassen agedeelt an d‘Geméisgäerd an 3 - a vun de 7 Kategorien Haiser hate muunch kee Waasser. Dëst alles huet changéiert wéi de Kierchbierg (grad wéi eng Zäitche virdrun de Plateau Bourbon) en eegestännege Quartier gi sollt. 1976 koum de Wunnvéierel Domaine du Kiem (mat enger Schoul) an den Nordosten. An e laange (prophetesche) Saz vum Professer Marcel Engel foung un „die Natur wird Opfer des Mordbeils“ an huet opgehalen „der Teerteufel lacht, der Gott Pan muss in tiefere Wälder zurückweichen“ (oder op den noe Kuebebierg, haut e ‘classéiert’ Promenade-Gebitt.)
D‘355m laang Bréck iwwer den Uelzechtdall vun 1963-64 war e symbolesche Wee an d‘nei Zäit a gouf duerch eng Autobunn verlängert. D’éischt Héichhaus (v. d. Architekten Gaston Witry a Michel Mousel) mam Restaurant 'Le Panoramique' um 22. Stack war eng Attraktioun. De Staat war zwee Joer virdrun Proprietär gi vun 350 ha duerch Expropriatioun ‘pour cause d’utilité publique’ (wouriwwer d’Baueren guer net frou, mä d‘Spekulanten eliminéiert waren.) (Et sollte 70 ha verplangt ginn.) 1965 hat Lëtzebuerg ëm 1.600 europäesch Beamten. Nächst Schréck zum Stadbild waren ë.a. de Projet ‚Schëttermarjal‘. De klenge Kueb entstoung 1978, déi 125m laang a 54 Milliounen deier J. Bech-Bréck war 1980 fäerdeg; kuerz drop koume vereenzelt Gebaier, d’Piscine, an de Schoulcampus no. Mä no 20 Joer hat den neie Quartier nach kee Café, kaum Geschäfter a Restauranten. E Boulevard mat aacht Reie Beem hat allerdengs d’Autobunnsteck ersat. Lues a lues goufen e moderne Banquevéierel, e Kino an e Shoppingzenter Realitéit. D’Grengflächen wéi de Park Réimerwee mat 18 Zorten Eechen an ë.a. de Park Klosegrënnchen a säin Arboretum sinn Oasen am städtesche Raum - well Stied bedeite jo eng „Beschlagnahmung der Natur durch den Menschen!“ (Le Corbusier)
Am Hierscht 2014 wunnen 3000 Leit am Quartier Kierchbierg, an ‘t schaffen där 33.000 an der sougenannter Wéi vum vereenten Europa. D‘Responsabel vum „Fonds Kirchberg“ envisagéieren do en integralen urbane Raum fir iwwer 5mol souvill Awunner, ëm duebel souvill Aarbechtsplazen an en Tram. D’Coque, d’Haus vum RTL Group, de Mudam an d‘Dräi Eechelen, d‘Philharmonie mat ronn 1300 Plazen a vill aner imposant Gebaier ëmginn de modernisteschen Europa-Véirel. (Zu eisen EU Institutiounen zielen ë.a. d‘Europäesch Investitiounsbank an den Europäesche Gerichts- a Rechnungshaff, deen Recetten an Depense vum EU Haushalt préift!) - D’Erklärung vum Uertsnumm: D’Neiduerfer koume fréier op Weimeschkierch an d’Mass an hire Wee goung iwwer de ‘Kierchbierg‘. (Joseph Sinner) D’al Kierchbierger gounge mat hinnen; hiert Duerf um Plateau krut awer 1849 en Oratorium oder ‘Biedlokal‘ mat Altor a Mariebild am deemolege Schoulsall (a.d. rue des Cigales.) No der Cholera-Zäit, d.h. 1875 gouf di versprache Kierch gebaut. D’Awunner hu se bezuelt. Se hat laang nëmmen eng Klack - hir zweet houng tëscht 1894 an 1935 an der Kathedral. Ervirzehiewe sinn haut nieft hirem niddregen Altor d‘Mondsichelmadonna am ‘Medailjongs‘-Krees, d’Tabernakelsäil an d‘Adler-Liespult vun ëm 1730. D‘reng Fënsterbiller mat ë.a. dem Heinrich II. an der Kunigunde si vun 1908 an de Mosaik-Kräizwee vum Ben Heyart vun 1965.
P.S. Am neie Konzept vum Kierchbierg vun 1990 stinn 5 Deeler: De Quartier Européen Sud, (ëm d’Philharmonie an den haitege Festungsmusée) - de Quartier Nord ëm den EU Rechnungshaff, d‘Chambre de Commerce, d’Monet- an d’Adenauergebai an d’Hotellen - de Quartier Du Parc mat der olympescher Schwemm an dem Park Réimerwee. Am Quartier Kiem mat Expohal, Banquen an der Handwierkerkummer goufe Réimermënzen, e Kapp aus Bronze a virgeschichtlech Siedlungsspure fonnt, (wéi d‘SEBES Waasserleitung heiduerch koum.) An de Quartier Grünewald huet d‘Klinik, d‘Altersheem an de Park Klosegrënnchen. All dëst kontrastéiert mat dem Jean Thoma senger räichhalteger Chronik “Kirchberg–Siechengrund in früheren Zeiten“, déi ë.a. d’nei franséisch Stroossennimm wéi rue de la Lavande, des Lilas, des Maraîchers, des Asperges, (spéider Val des Bons Malades) an d‘rue St. Fiacre vun 1925 opzielt. An s‘erënnert och un d‘Aweiung vun der Schoul vu 1924 an zitéiert de Buergermeeschter Diderich, dee si ‘Pflanzstätte‘ vu Solidaritéit a ‘Geistes-Bildung‘ genannt hat!