Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kaunerëf

De Kaunerëfer Aussiichtspunkt Runschelt krut am leschte Joerhonnert, eng nei Vue: tëscht de Koppen luussen Deeler vum Stauséi eraus an vis-à-vis d‘Hallefinsel Zillenhëtt. De Wee erof iwwer d‘Pontonbréck op Lëltz ass Deel vun enger Promenade vun ëm 4’40“ Stonnen, a féiert iwwer den 170m laange Staudamm. (De Start ass zu Esch/Sauer.) Dësen Damm läit op 393m Héicht a Kaunerëf op 454. Ëm d‘Duerf aus der Uewerstauséi Gemeng, mat den grad emol 222Awunner ass munches z’erzielen. ‘t war ‘mol kuerz e Gemengenhaaptuert, mä koum dann 1823 mat Bitsch an Noutem an d’Meecher Gemeng. ‘t erënnert e Mahnmal mat enger hei fonnter Bomm un d’schlëmm Chrëschtdeeg 1944! Nieft dem Duerf fällt um géië Bierg Runtschelt ee Fiels mat Gäng op, an deem enger So no emol Wichtelcher hause sollten. Zum lokale Patrimoine zielen och zwee gutt erhale Bauerenhaiser vun ëm 1740 an e kuckeswäerte Bongert mat Weier.

Historeschen Notizen no haten d’Hunnen op der Flucht ëm 451 hei eng Réimervilla zerstéiert an d‘Wolzer Grofe goufen am 8. Jh. Besëtzer vum Landgutt op der Përmesknupp. ‘t sollte spéider nobäi réimesch Mënze fonnt ginn. En ëm 720 hei ernimmte spuenesche Wandermissionar, de Benediktinermönch Pirmäin hat en Aeleiden. E sollt d’heelsam Quell bei Kauneref besichen a seenen. De Wolzer Grof Johann hat no der Heelung vu sengem Jong eng Kapell an eng Klaus bei d’réimesch Ruin baue gelooss - a rondrëm hu 4 Eremiten de Buedem urbar gemat. (Et war eis zweeteelst Klaus, di eelst stoung bei der Gräinskapell.) 1159 huet de Walter vu Wolz der Mënsterabtei senger Kaunerëfer Bëscher, Wisen a Broochland geschenkt. D’selwecht Abtei krut duerno vum Heinrich III. vu Limburg d’Einsiedelei. (A. Atten). D‘1652 nei entstane Përmeskapell gouf nom Brand 1714 nees opgeriicht mat Hëllef vu Spenden, déi den hei gebuerne Klausner Antoine Schaus gesammelt hat. D‘oktogonal Form krut Kapellche mam typesche Renaissance Portal 1793. An hir kuckt de Pirmäin am Beschofsornat vum helle Barockaltor erof. D’am Përmesbur gefaasten äiskaalt Quellewaasser huet daafstomm Kanner beim ‚andauchen’ zum Schwätze bruet. (De landbekannte Professer Fritz Rasqué (+1977) war e ‘Përmeskand’, schreift den N. Thill). D‘traditionnell Päischtméindes Pressessioun geet a Richtung Përmesknupp bei d’Bësch-Kapell, ’wou hallef der Priedegt an hallef dem Villerchesgesank nogelauschtert gëtt’ (F. Mersch). No der Mass ginn do d‘Kanner mat Quellewaasser geseent. Am Allgemenge gëtt beim Përmes Trouscht an Hoffnung gesicht.

Kaunerëf war am 15. Jh. eng selbstänneg Por, am 16. ernimmt hirt Archiv d‘Bannpressessioune vun Cochen- oder Cauchendorf (al Variante vum Uertsnumm.) Säi Land-Gutt hat zäitweileg e Piechter. An engem memorable Wieder hat 1719 de Blëtz 120 Schof a 17 Schwäin erschloen, den Hiirt hat s‘ënnert ee grousse Bam gedriwen! Enn de 1750ger war d’dime vun der Por en Thema d‘tëscht den Häre vu Wolz a vu Colpech. Dem 1799 verkaaften an 1936 verbrannte ‘Meierhof’ seng Ruin gëtt nees fräigemat an d'Plaz ëm d‘Kapell opgewäert. Den 38ar grousse Gaart a Bongert gehéiert nämlech de Përmesfrënn. Net ze vergiessen, am Summer 2015 gouf d’Përmesknupp (e Besëtz vun der Kierchefabrik) als Nationalmonument agestuft. A kierzlech konnten hei Archeologen aus 20 Länner begréisst ginn. – D‘Duerfkierch vu 1750 gouf no engem Brand rekonstruéiert. Hire barocke Miwwel ass vum Scholtus. Seng spezifësch Konscht hat de Michel Schmitt 2002 am Baaschtnecher Musée iwwer ‘art religieux et croyances populaires’ analyséiert a seng Skulpturen duerno an der Kaunerëfer Kierch kommentéiert. Um Kierfech ronderëm hunn eeler Grafkräizer Trauergesäng an al Hausnimm gespäichert. De Schräinermeeschter Frederic Biwer vu Carkendorff (Kaundorf) krut ewell 1746 d‘Monnerecher Commande elegant Altär hirzestellen. An de Barthélémy Michel vu Kauneref (*1763) gouf vum Dr. A. Neyen als ‘éclésiastique respectable’ gelueft.

‘Kaundorff’ hat 1848 mat 362 Leit eng rekordverdächteg Awunnerzuel, an déi vu St. Pirmin louch bei 17.

D‘legendär Figure vum Përmes- an Jaasmännche beschreift d’Buch ‘De Legendewee’. (Biller Marc Angel.) Deen Éischten, e Klausner mam Numm ‘Thinnes’ verkierpert d’Guttheet. E besuergt finalement dem Liichtgewiicht Jaas, (engem Frënd vum Béisen) de gewënschte Bläimantel. Eng haut erstaunlech Wort-Notiz vun 1940 annonçéiert d’Extrafaart vum Postauto fir d’Kiermes: Depart Sonndes, 12. Mee, um 9.39 zu Wolz - Retour Dënschtes, de 14. um 15.15 vu Kaunerëf op Wolz. - Den Uertskär sollt am Laf vu Joerzengten wéineg ännere bis d’dramatesch Krichsjoeren Refraktären d’Bunkerliewen opgedrängt hunn. Resistenzler hu fënnef ënnerierdesch Bësch-Bunkere bei Kaunerëf opgeriicht. Deen "an der Runschelt" konnt ëm d’Päischten 1944 d‘véier am Haus Nickels verstoppte Jongen ophuelen. E gouf 1987 restauréiert a steet haut ënner Denkmalschutz.

P.S. De Bunker am Fiels ass eng Statioun vum thematesche ‘Rondwee Zweete Weltkrich’ am Naturpark Uewersauer. D’Schëlder "B" weisen drop hin. D‘Buch 250 Joer Kierch Cauchendorff - Kaunerëf vun 2000 ass “eng mikrohistoresch Analys fir d'Awunner vum Duerf an eng räich Informationsquell iwwert d‘Haiser an hir Geschicht.” Et erzielt z.B., dass d'Leit 1717 d‘Initiative haten hiert Schoulhaus nei ze bauen. ‘Duerfir sollt jidder Haus "4 dilen" ginn an d‘al Taack aus deem ale Paschtoueschhaus sollt dran agemauert ginn.’ (1850 ernimmt de Memorial d’‘Möbelirung des Schulsaäles von Kaundorf.’) Béierbrauen geschouch hei viru 1736 an engem ale "Kessel aus Stein, der neue ist aus Holz veilen viele sagen dass Holz were besser..." (aus ‘d’Land’) - Nom Detail vum Engelmann (“rachitische, schwächliche Kinder, auch solche, die das Sprechen nicht lernen, werden in den Permesbur getaucht”) nach d’niewebäi fonnten Erklärung, dass d’aalnordescht Wuert ‘kaun’ ‘Beule’ bedeit. Landschaftlech gesinn fënnt een heefeg Bëlsen a Knuppen an den typeschen Ardennerdierfer...