Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Huewel

Tëscht de Bëscher Kaasselbierg an Haardt entspréngt no bei Huewel d'Huewelerbaach. Si ännert hanner Schweech hiren Numm a fléisst als Schweebech dann net wäit vum Useldenger Schlass an d’Atert. De mëttelhéije Biergréck, deen dës an d’Baach aus dem Schweecherdall eng Streck wäit scheed, fängt un an der “grande combe de Hovelange”. Stroossennimm wéi ë. a. Kneppchen, Bockwee, Am Kiem, Schmitz- an Jeannegaessel konservéieren do grad wéi al Hausnimm Lokalgeschicht. D’al Awunnerzuele koumen 1843 op 319 an 36 Haiser – an 1875 op 370 Leit an 49 Haiser. Haut späichert de Gemengen-ordinateur do 338 Persounennimm. D’Hueweler Gare enstoung 1880; d’Atert-Ligne Stengefort – Useldeng - Ettelbréck hat bis 1967 fonktionnéiert. (Den Tunnel Hovelange, dee längsten am Land mat 690m, ass beliicht, restauréiert an Deel vun der Velospiste. Um och Garer-Quartier genannten Huewelerhalt war ee vun de véier Wiert aus dem Uert. 

Grondherrschaftleche Besëtz vu weltlechem a kierchlechem Adel, d.h. groussendeels Agrarland a Bëscher, sollte Verwalter geréieren. Den Inventaire vun hire Gidder dokumentéiert mëttelalterlecht Zäitgeschéien aus eiser Géigend. Tëscht 1247 an 1794 hat d’Abtei Clairefontaine de ‘patronnat partiel’ vun ë. a. Guirsch (B), Schweech, Ielwen an Huewel. Am aktuelle Biekrecher Wopen representéiert e schwaarze Wollef d’Armoirië vun de Chevaliers d’Elvange, de sëlwere Léif d’Guirscher Seigneuren an Äbte-Stäf d’Abtei vu Baardenburg (Clairefontaine) an dem Priorat Mariendall. D’Kapell vu Giisch (sou d’lëtzebuergesch Schreifweis) war 1289 integréiert ginn an d’Por Bieckerech. An der Mëtt vum 18. Jh. kruten d’Awunner vun Ielwen, Huewel an Rumerick (wahrscheinlech Remmereg) ordonnéiert en 3 - 4 Fouss breede Gruef unzeleeën, fir d’Weede-Véih ewächzehale vun Plaze wou Holzschléi waren. Helbach Zeile vun 2004 widerhuelen Daten aus Domäneverwaltungs-Regesteren: am September 1797 goung z.B. de 35a groussen Hueweler Bësch Haardt vun der Abtei Clairefontaine fir 25.500 frs. un de J.J. Joris. D‘Awunnerzuel war 1802 mat Ielwen zesummen 363 - verdeelt op 62 Feierplazen. Ee Joer drop sinn d’zwee Nopeschdierfer eng Por ginn.

Huewel, Ielwen a Schweech maache mam Haff ‘Läitreng’ de Schweecherdall. Di zwee éischt hunn zesummen eng remarquabel vum Ch. Arendt gebaute Kierch. Zu hire konschtvollen Häerzstécker zielen e Barock-Haaptaltor mat Dréi-Nisch, eng grouss Mariä-Himmelfahrt Figur; wahrscheinlech aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert… an e polychroméierte Priedegtstull. Den Ielwener Kierchtuerm dréit d'Joreszuel 1761, d’Fënstre sinn deels vun 1919. - Nodeems ënner dem franséische Régime Beckerich an Noerdange 1795 eng Gemeng goufe koum kuerz drop Hëtten bäi an 1823 als Annexe d’Gemeng Schweech mam Haaptuert, Elvange, Hovelange an dem ewell ernimmten Haff vum Flouer Groesteen. Wéi d’Dierfer fréier autonom Unitéite waren huet do d’Agrikultur dominéiert an d’néideg Handwierker hu s’encadréiert. D’Biographies d’émigrants zitéieren d’"Luxemburger Gazette" an ernimmen d’Etappe vum Hueweler AHREND J. (1817-1896): d’Awanderung ëm 1856 mat der Famill am Jackson County - 1867 d’Grënnung vun engem ‘Store’ an der éischter kathoulescher Kierch am Jackson Township – an den Job als éischte ‘Postmeister’ vu Rosbach (1871) am Johnson Township. (www.institutgrandducal.lu) - D’1880 gebauten Eisebunn hat en economeschen Essor no sech gezunn. D’Lidd vum ‘Feierwon’ war populär, ‘t hat de 4. Oktober 1859 um Knuedler “Première” wéi den éischten Zuch vun der Stater Gare, (deemools Hollerech!) fort gefuer war. Ëm d’Joerhonnertwenn koum eng materiell Besserstellung an nom 1 Weltkrich en Opschwong vun eisem Nationalgefill.

1898 gouf et d’éischt Telefonsverbindunge mat eise belschen Noper. Visibel Verbesserunge waren ë.a.: D’Haiser kruten e Balkon, Doléinerwunnenge si verschwonnen, Wald- a Wisefester koumen op. Huewel-Ielwen hat 1903 genee 279 Awunner, eng Millen, e Manufakturwueren- an e Mielhandel, ë.a. e Suedler, dräi Schneider, zwee Schouster, zwee Spezereiwuerenhändler. (Fr. Mersch) (Photoband: Luxemburg so wie es war.) 1906 gouf et 67 Autoen am Land (Huewel huet haut eng speziell "Stroum-Tankstell" fir Elektroautoen...) an 1908 den elektrischen Tramm an der Stad. Fënnef Joer drop koum e modernd ARBED Stolwierk an d’Escher Metze Schmelz. D‘Exploitatioun vum Kinematographentheater sollt den 12.12.1919 mat 64 Artikele gesetzlech reglementéiert ginn. (legilux.public.lu/leg/a/archives/1920) D’Secherheet gouf deemols ewell grouss geschriwwen. (Di Jonk vun Ielwen, Huevel, Hitten a ronderëm bréngt haut no enger Sortie e ‘Late night bus’ heem.) Net ze vergiessen. Am leschte Véierelsjoerhonnert hunn nei Haiser d‘eidel Gewan laanscht Strooss tëscht der Halt an Huewel opgefëllt. D’Duerf ass wéi d’Regioun ‘abondante en sources’. Giisch, gläich vis-à-vis a just 5 km vun Arel huet aner Pluspunkten, et gouf 2003 klasséiert als Site historique...

P.S. De Biekerecher Circuit pédestre féiert vun der Kierch laanscht d‘Kapell vum Kuelebierg bei d’belsch Grenz, dann op Huewel an Hitten. Um Réckwee kann een d’Natur bewonneren an “iwwer dem Goen sech selwer vergiessen” (Petrarca). Ob där Heckerousen nach do sinn, déi d’al Postkaart “Souvenir de Hovelange” mam Medaillon vun der Épicerie Heiderscheidt-Weber um Kneppchen beliewen? (D‘Kaart gouf just do verkaaft!) Ob do Rezepter bekannt si vun der Howelspänsupp aus Éisterräich a vun Huewelspéin–Gebäck? - D’lescht Joeren ënner der Keeserin Maria Theresia ëmginn e Flair vum Fortschrëtt. Se war ni hei… just präsent op de Mënzen. Nodeems en éisträicheschen Zaldot en Zauberbuch zu Huewel vergiess hat krut d‘Haus «a Werwollefs» säin Numm… (verréid d’Legendekapitel op www.guirsch.be) D‘mëttelhéichdäitscht Wuert hoveln entstoung am 14. Joerh. (Hove wéi Howe sinn Nimm-Variante vun Hue, (Hugues, Hugo, oder dem engleschen Hugh - s‘erënneren awer och un ‚hof’ –de bekannte flämeschen Toponyme vun ferme.