Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Héischdref

Iwwer dem herrlechen Ourdall, am nord-östleche Guttland fënnt een Héischdref. Dat friddlecht charmant Duerf bitt den Touristen an Amateuren vun Trëppeltier e puer Meter vun der Grenz villfälteg Wanderweeër, an den ‘Einheimeschen’ néng Busverbindung op Dikrech. Et ergëtt mat deem méi südleche Bigelbaach, Wallenduerfer Bréck a Reisduerf eng Gemeng. Seng Awunnerzuel hat 1848 en Héichpunkt mat 157 Leit, mä dës goung mam Laf vun der Geschicht erof - vun der Vollekszielung 2011 hiren 141 op momentan 121.) (1.1.2017) De lëtzebuerger Diktionnär gëtt zwou Schreifvariante vum Duerf un: Héis(ch)dref an d’Statistik vu Familljennimm Hoesdorff mat 2 ff. An den Duerfstroosse falen e Veräinsbau, e Krichsmonument an e ganz apaarten ale Kierchtuerm op. “D‘Zukunft ass offen. Wat se de Leit bréngt? „Mir gestalten se mat deem, wat mir man a mat deem, wat mir nët man" ass eng dozou passend Äentwert (formuléiert vum Johannes Rau.)

Héischdref huet fréier zur Grofschaft Veianen gezielt. Dräi Uertsnimm aus der Gemeng endegen nieft aneren driwwer eraus mat ‘dorf’ – d.h. dës sollen zréckgoen an 2 Hallschend vum éischte 1. Millenaire. De Wopen huet gewellte blo Sträifen op Gold a rout Kräiz-Kontouren, präzis gesot eng ‘croix tréflée’ vun den Iechternacher. Am ale Regime hunn Deeler vun der Gemeng zur ‘Vouerie franche de Diekirch’ gehéiert an zur Abtei Iechternach. D’Welle weisen op d’Our an d’Sauer hinn, déi viru Wallenduerf-Bréck zesummefléissen. Texter iwwer ënnerierdesch Wasserquellen, ‘réserves en eau souterraines’, si fir Héichtendierfer besonnesch intressant. (‘t housch emol, hei missten nei Quelle fonnt ginn...) Ee vun de Communautés Europeennes hirer Kommissioun mandatéierten ‘Atlas des Ressources en eaux Souterraines’ iwwer Lëtzebuerg (J. Bintz /M. Frantz, 1982) nennt därer hei zwou, Liebur an Aspelsbur. De Kierchtuerm vun Hoesdorf kéinnt als ‘ancienne Tour de défense’ e mëttelalterleche Geschichts-Scenario schreiwen an deem d’Duerf nach (am Kadaster 1771 an op der Ferrariskaart) ‘Hesdorf’ housch - an zur Meierei a Por Wallendorf an dem Erzbistum Tréier gezielt hat.

E Guide culturel nennt d’klasséiert Héischdrefer Kapell St. Nicolas esthetesch vu baussen a bannen. Hir Wendelin-Statu mat de speziellen Attributer staamt vermuttlech vum J.B. Greef-Sadeler, (Th. Walin) (Neierdéngs gëllt dësen Hellegen heefeg och als Patréiner fir Natur- an Ëmweltschutz.) Hire barocke Jacques ass, laut G. Schmitt, vermuttlech Nofolger vun senger vu Visitateure 1686 kritiséierter Statu, (aus Zeile vum E. Donkel.) Enger Remarque no war d’al vum Erzbeschof Bruno (+1128) konsekréiert Kapell dem Jacobus geweit, «zumal Hösdorf am Römerweg lag.» (Hémecht 16, 1964) Dem ronnen Tuerm seng elegant encadréiert Lucken, d’Schéissschaarten, stinn ervir a sinn d‘Basis vum sechseckegen Tuermdaach. D’weltlech Verdeedegung vum Kierchtuerm an d’traditionell kierchlech Roll an de selwechte Maueren haten ë. a. och Réimech a Gréiwemaacher! — Fir mam ehrwierdege Bau an hirem uniquen Ëmfeld eng außergewéinlech Symbiose vu Natur, Konscht, Geschicht a Kult ze schafen ware Jorhonnerte néideg. De Réaménagement vun der Kiercheplaz (subventionnéiert mat 10.785 €) valoriséiert d’Uertsbild zënter 2002. D’Buch* vum Mathias Emil Hubsch iwwer d’Pfarrei St. Peter u. Paul am Grenzuert Wallendorf traitéiert d’Filiale riets a lénks vun Our a SAUER tëscht 1744 an 1899; dorënner waren Dillingen, d’Por Befort (1744-1807), Hösdorf an d’Por Reisdorf bis 1822. (*Wallendorf, OFB (Ortsfamilienbuch.)) Geschichtsausfligg loosse muunch Froen op, wat beweist, dass och kleng Dierfer en interessanten Historique hunn. (J. Gillen)

D’grenziwwerschreidend historesch ‘Promenade du Souvenir’ Hoesdorf-Bettendorf fängt hei un, a weist mat Tafelen op de Site vun heftege Käempf a mënschlechem Leed an der Regioun hinn. En Eifeler ‘Zeitreiseführer’ ernimmt do d’klengt Uertsschëld, dat filmräif Ereegnësser verstoppt: An der Ardennenoffensive koumen dem ronn 380m héige Plateau seng abrupt Penten den zueleméisseg ënnerleeënen Amerikaner zegutt fir étappeweis den däitsche Viirmarsch Mëtt Dezember 1944 ze bremsen. D‘Leit waren évaquéiert. Während 3-4 Käempf gouf ganz vill zerstéiert. Déi wuel méi wäit südlech groussendeels gestoppte Wehrmacht sollt bal 6 Woche laang d’Kontroll iwwer den Hoesdorf-Bettendorfer Plateau behalen. Ufangs Februar 1945 konnten dem Generol Patton seng Eenheete vun der 80. U.S. Infanteriedivisioun vun der Héischdrefer Héicht aus d"Siegfriedlinie" duerchbriechen. Fir d’Leit war et deemools wéi am litauesche Sproch ‘Wer wenig hat, bäckt mager.’ - Eng al Gredt Soo klengt donieft no Phantasialand. „Zauberhafte Schlof“ dréit ëm e Reisduerfer Mann deen nuets emol bei Hösdorf Mëscht gespreet huet; Dräi Fraen froten en passant wat hie méich. Op d‘Aentwert “d‘Feld düngen“ sote se „du solls schlofe wann di aner schlofen - mä och am Dag! An duerno sinn him am Stoen oder beim Iessen dacks d‘Aen zougefall.

P.S. Eng Velosroute mecht hei op eng géi Descente opmierksam, e Kalenner op d‘Scheierfest ufangs Juli. D’Vue vun Däitschland aus weist ënnen d'Our tëschent Weiden an Alënter (‘gemeng Erlen‘.) D‘Hœsdorfer Wuert Kruschel heescht Kréischel an e Spëssigel lokal e Kéisécker. Dem drëtte Band ‘Vögel der Heimat‘ no goufen (1942) zu Héischdref 9 Schmuebelsnäschter gezielt. Dee ‘fait divers‘ verréit niewebäi, dass Schmuebelen bis zu 100km d‘Stonn fléien, beim Streiden djüdjüdjü sangen a wann s‘Angscht hunn tzier tzi! An Zil vun hirem Déiff-flug virum Reen ass d‘Insektejuegd. - Wäit fort goung de Jean-Pierre Breier, den Duerfschoulmeeschter no 1867. E krut dann an Amerika no erweiderte Sproochekenntnësser eng besser Plaz! (Luxemburger in der Neuen Welt, books.google.lu) - Eng Weil virdru war den Hösdorfer Johann Scherer, (+1778) an Ungarn ausgewandert. Heihinn immigréiert portugiesesch Familljen stinn (am Jan 2017) an der Gemengen-Nationalitéitelëscht mat 318 Leit vun 1202, d’Lëtzebuerger mat 652, di Däitsch mat 35 an ë. a. d’Hollänner mat 30.