Hielem
Uertsnimm déi mat Helm ufänke kéinnten engem Loutrénger Wierderbuch no op e Casque-Fabrikant hiweisen oder op de germanesche Persounenumm Helmo. Am Geck gouf fir di Hielemer Leit Kierfmécher gesot. D’Flechte vun stabile Kierf ass en Handwierk, dat net komplizéiert ass mä Gedold a Geschéck verlaangt. - Hanner Walfer passéiert d’Mierscher Strooss Helsem, Heeschdref, Boufer an Hielem. Op där vun Offezéier-Schüler handgezeechenter Ferraris-Kaart sinn all d’Dierfer tëscht Beggen a Lëntgen däitlech getrennt. D’Haiser vun Hielem verdeelen sech bis op eent riets vun der Strooss; haut ass dat anescht. Seng 672 Awunner stinn allerdéngs bei Luerenzweiler am Telefons-Buch (sou wéi Helsem bei Walfer); si hunn an der Noperschaft en Echangeur vun der Nordstrooss.
Hielem an d’Nopeschdierfer haten ewell an der Zäit virum Grof Siegfried zur Urpor Steesel gezielt. Schonn am 7. Jh waren ë. a. Bärel, Walfer, Blaaschend, Eesebuer an de Bridel hirer Filialen. Och wann et fir Geschichtsfuerscher no an no méi Quelle gouf sollten dës wéineg iwwer Hielem verroden. En Zäitspronk féiert 1681 mam Optakt vun enger eejäreger Festungsblokade an de besate Mierscherdall; (d’Dummeldenger Schmelz hat missen “80 écus pour sauvegarde bezuelen“) an d’Leit goufen ë.a. zu Beggen, Bufferdingen, Helmdingen a Bereldingen verjot. D‘Uelzecht war Zeie vu franséischen Truppen-Iwwerfäll a vu 700 Bommenaschléi um Stadgebitt (op Chrëschtdag1683) d.h. just 10 km vun Hielem. No der Kapitulatioun vum 4. Juni 1684 sot en Historiograph iwwer d’Festung “ta prise va faire ton bonheur“ an vum Här Lascombes koum d’Remarque ‘dass villes sech a Spiralform widderhëllt.’ - 1766 war dem noe Bësch seng Gréisst mat 514 Muergen (0,5015 ha) uginn, 1808 mat 120 ha an 1918 laut Memorial mat 136 ha (wat vläicht net ganz genee war, mä fréier goufen d’Fierschtergehälter no der Fläch berechent!) 1803 sollt no allerlee Verschiebungen d’Por Al-Steesel verklengert ginn, an Hielem a Boufer koumen zur Por an Gemeng Luerenzweiler. Dës krut hir haiteg Form am Hierscht 1823, no der Fusioun mat der mairie vun Hënschdref.
D’Gemengepopulatioun louch am Joer 1821 bei 1133 Persounen, Hielem eläng hat 1848 dann 358 Awunner. Paralell zur Uelzecht goung am Summer 1862 der Eisenbunnstreck Lëtzebuerg-Miersch-Ettelbréck hiren éischten Zuch. D’Dierfer rondrem si gewuess. 1871 hat d’Gemeng 1453 Leit (…eng Zuel déi laang konstant blouf.) Légilux.lu informéiert 1903 iwwer d’Bestoen vun der Société mutualiste d'assurance contre la mortalité du bétail de Helmdange-Bofferdange. Bauere-Betriber sinn net opgezielt, mä eng Statistik sollt hei 1901 am ganzen 147 Päerd an 145 Schof notéieren, (1951 zum Vergläch: 91 Päerd an 33 Schof.) 2001 hat d‘Gemeng Luerenzweiler iwwregens 14 Baueren, 10 Päerd a 97 Schof. - Prezisiounen aus enger ‘description géognostique’ vun 1828 beschreiwen de lokale ‘calcaire secondaire coquiller’, a rezent Konschtphotoen veréiwegen e remarkable Fiels um Heedebierg bei Hielem. Ob dee Flouernumm sech op d’virchrëschtlech Zäit bezitt oder op däitsch ‘Heide-Landschaften’ ass onkloer. Am Bësch bei Hielem fënd een d‘geheimnissvoll "Fautelfiels"-Kapell; si huet an hirer 9m déiwer a 4m breeder Fielsgrott en Altor aus der 1840 ofgedroener aler Kierch vu Blaaschend. D‘Al Duerf-Schoul gouf 1988 als Kulturdenkmal klasséiert; se déngt haut deels als Concierge-Wunneng, huet Versammlungsräim an d’Musekschoul an neierdengs e flotten Eltere-Kand–Musekkurs (fir dräijäreg Ufänger.)
D‘Hielemer Betriber vum Jos Steffen an Nicolas Hemes haten zu de 16 Rousenziichter aus der Berufsgaardebauföderatioun gehéiert. Si haten 1950 un de Stater Journées de la Rose participéiert. (Wien wéini Rouse geziicht huet op eisen bis 100 Ha grousse Rousefelder dokumentéiert de Site industrie.lu/rosesluxembourg.html.) Dass hei emol eng Artistin Unikater vu Rousekränz gemat hat, weist dass e Bedarf bestoung nom ‘Atemholen der Seele.’ (J. H. Newman.) - Mam Uert verbonnen Nimm hunn ë.a. d’Ministeren Jos an Georges Wohlfart, den Auteur Jacques Kintzelé, deen 1953 an d‘Kommissioun vum Lëtzebuergeschen Dictionnär koum, den Stack Hielemer Téit Wanderscheidt, deem seng Versen iwwer d‘‘Gefëllte PaschTéitchen’ deels ironesch a soziokritesch klengen. En eenzegaartegt Zeeche vu Konstanz gëtt d’1928 gegrëndte Musek Hielem-Luerenzweiler; si hat a 75 Joer Existenz just 5 Dirigenten. (Hirer Hämmelsmarsch-Zeene koume kierzlech op youtube.) - Kleng Distanzen tëscht den Dierfer an hire verännerte Panorama huet d’Observatioun inspiréiert dass ‘Haiser mat Schiefer-Diech, Beem a Kierchtierm sech gutt an den Uelzecht-Dall integréieren’. ( J.A. Fernandez)
P.S. ‘t ass unzehuelen dass den alen Heeschdrefer Brauch ëm d’Ophänke vum Héil (mat Kaffee fir d‘Fraen a mat Wäin a Schnaps fir d’Männer) och rondrëm gefeiert gouf. Fir nei Awunner an der Noperschaft ‘anzeweien’ gouf dat Ganzt an der Kiche begleed mat Kaméidi vun Dëpper, Ketten an aanrem Geschir“ beriicht de Pol Tousch. Eng aner speziell Gewunnecht staamt aus Notize vum Dicks. Se fängt un ‘In dem Dorfe Helsem versammeln sich am Nikolausabend die erwachsenen Burschen. Derjenige, welcher den Hǒséker aufführen soll, schlägt ein Leintuch um und setzt einen Pferdeschädel auf’. Domat sollt en e wäisst Päerd duerstellen, dat en aneren an der Gidd hat. An nach en aneren huet d’Gäissel geschwongen. Nieft dem ‘Hǒséker’ goung de Kleeschen am bëschéflechen Ornat, mat enger Schell an der Hand.