Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Heeschpelt

Heeschpelt läit mat senge 75 Awunner am südlechen Éislek, ronn 47 km vun der Stad. (Et hat 1848 gutt 50 Leit méi.) Taxometere kalkuliéieren d’Distanz Lëtzebuerg-Heispelt-lès-Wahl enger Pub no op 48.3 km, eng Fuerzäit vun 42 Minutten an e minimale Präis vun 140 Euro.

Dem Uertsnumm seng zweet Silb erënnert souwuel un d‘franséischt Verb peltrer ‘battre le blé’ wéi un eis gepellte Gromper. D‘attraktiv Horizonter vum 3’40 Minutte laange Filmporträit vun der 19,7 km2 grousser Gemeng Wal gi vu waarme Faarwe belieft. Et kommen wäiss-schwaarz Kéi an och Gromperen dra vir - bei deenen 100 g ‘Gepellter’ et just op 85 kcal bréngen. Landschaftlech konkurréieren den zeng Gemenge vum Kanton Réiden hir Dierfer, hire point commun: d’Natur ass hiert Kapital. An dat ass net wierklech a Gefor, well hiren demographesche Wuesstem relativ lues ass.

Heeschpelt huet fréier zur prévoté Arel gehéiert; dëst louch 3½ Meilen ewech, an d’Stad 5. Seng Geschicht gläicht zënter der Kultur vu Kelten a Réimer iwwer de Mëttelalter (an d’Erfanne vum Gutenberg sengem moderne Buchdrock) eraus däer vu Westeuropa. Ale Bicher an neie Medien no louchen nom drëssegjärege Krich di meescht landwirtschaftlech Notzfläche brooch; Hongersnéit goufen deels iwwerlieft dank Aarmeleitskascht aus gebakenen Äppel, Brout a Lënsen. - De Gemengewope vu Wal baséiert op historesch Dependencen, an him sinn den Areler Hären hir azur a sëlwer Faarwen an di rout a sëlwer vun den Useldenger verschafft. D’Heeschpelter Legend (d´So vu Rimmel) dréit ëm eng vun dräi räiche Schwësteren. Si hat d’Pescht iwwerlieft a koum jorelaang heihinn an d’Mass. (1965 hat en Timber s‘als ‘Giedel vun Heeschpelt’ veréiwegt, (ee vum Foni Tissen senge 24 Caritas-Timbren!) Leit an Nout haten hirem gudden Häerz heiandsdo e Goldstéck ze verdanken. Hir Schätz an hire mysteriéise Refuge waren am Fong vun engem Pëtz, aus deem si all 100 Joer als Schlaang opdauche soll mat engem Schlëssel am Mond. (‘t hat nach keen gewot hir deen ze huelen, mä ‘t traut och kee sech heirëmmer engem Blannschlécher eppes ze doen oder an e Pëtz ze späitzen.)

D’Leit vun Heeschpelt, Kéiber a Gréivels zielen zur Por Ranschelt. Deenen éischten hir gréisser Kapell vun 1778 huet Ronnbou-Fënstren, e barocken Altor vum Meeschter Scholtus mat schéine Statuen ëm d‘zentralt Altorbild vun de 14 Nouthelfer. Bei hirem Studium drénken d’Aen ‘was die Wimper hält’. (E Begrëff vum Emil Angel.) Di 14 si säit ëm 1400 en Ensembel. (Dee leschte vun hinnen, den Ziriakes, gëtt ugeruff géingt Giicht a ‘Flëss am Leif“ (d.h. Rëmatissen.) Hiren Dag ass de 27.4. Zu Iechternach heescht et, wann all Méih ëmsoss ass: “Hei sinn di Heeschpelter Nutthelefer oam Een!” (Wien d‘normalerweis zougespaarte Kierch besiche wëllt kritt de Schlëssel am Haus Nr. 1, rue de l'église. Bei d‘Heeschpelter Helleg gouf fréier aus den Nopeschdierfer gepilgert an ëm Bäistand gefrot fir een deen um Stierwe louch. En aalt Weekräiz koum 1983 vu Brattert heihinn op d‘kleng Plaz nieft der Kierchenentrée. (J. Ferber/ L. Diseviscourt) Dem Ph. M. G. van der Maelen säin Dictionnaire géographique du Luxembourg verréit offiziell Zuelen zur Gemeng Wahl am Canton d’Osperen vun 1838: si hat ‘2 églises, 3 chapelles, 4 écoles an 114 habitations rurales, 41 cabanes, 3 fermes’ mat 1085 Awunner – inklusiv 100 Päerd, 30 Fillen, 435 Randbéischten, 75 Kaalwer an 115 Schwäin.

An der Haaptstrooss am Haus Nr. 3 mam imposante Käschtebam an der Joreszuel 1782 gouf 1910 den Abbé Albert Gricius gebuer. Säi Papp war Woner. Seng Bicher iwwer beispillsweis d’Schiefferbuerg vu d’Schuerels oder ‘Heckendorfer Geschichten’ verknëppen handfest Tatsaachen a Mythen mat schrëftstellerescher Fantasie. An dëse Mauere sollt e bekannte Konschterzéier a Moler (dee bis 1972 Honnerte vu Schüler geléiert hat ze "kucken") muuncht Wierk realiséieren. (Laut eegner Ausso hat seng ‘Vue vu Heeschpelt’ de Foni Tissen net méi lass gelooss an derzou bruet seng Pensioun groussendeels do ze verbrengen. (http://www.wahl.lu/histoire/personli/tissen.htm) - Op dem Wanderwee, dee beim Kierfech ufänkt, gesäit een ufangs d’fréier Duerfschoul, an déi bis 2008 de Précoce a kierzlech de Proufsall vun der Gemeng Wal hirer Chorale koum – an dernieft d‘Kierch mam iwwereck gestallten Daachreider. Ënnerwee erbléckst ee Kéiber an Eschduerf, an engem Dällchen e verloossend Wäschhaus an där Wisen, déi emol d‘Uerdensschwester Maria Magdalena Postel zur Remarque inspiréiert haten: ‘Heu machen kann jeder, wenn der Himmel nur Gras wachsen läßt.

P.S. E lëtzebuergesche Kommentär zum Uertsnumm sengen Ufangsbuschtawen Hee oder Hää bezitt sech op gutt organiséiert Bauerebetriber! Bei den aacht lokale Baueren war sécherlech an der zweeter Hallschent vun den 1980ger ‘kee Grumm an d'Hee gewuess’ (dat kann engem passéieren deen iwwerfuerdert ass.) Aneres nach: De Bus fir an den noen Atert-Lycée huet tëscht Heeschpelt a Réiden ronn néng Statiounen a brauch eng hallef Stonn. An där Zäit däerften ënnerwee Naschtquakerten a gréisser Kollegen iwwer Klassenaktivitéiten, d’Kampagne ”mam Vëlo an den ALR“ (un där 86 Schüler matgemat haten), de Succès vun de ‘Jonke Fuerscher’ oder d’Vergréisserung vun hirem Lycée diskutéieren.