Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Heesdref

Hamiville oder Heesdref koum den 1. Januar 1978 aus der grad opgeléister Gemeng Béigen an d‘nei entstane Gemeng Wëntger. Der Statistik no hat d‘verstoppend Duerf 1981 just 120 Leit, 60 Männer a 60 Fraën. An 20 Joer ass dann d'Awunnerzuel ëm 43 gewuess; se louch bei 78 Männer a 85 Fraën. Seng Kierch steet mëtten ënner den Duerfhäiser, an dach kann e bannen den "Stimmen der Stille" lauschteren. – 't sinn zu Heesdref - wi iwwerall nët d'aussergewéinlech Erliewnësser, déi glécklech man, mä dacks kleng onspektakulär Saachen. Dee fréier als äermlech ugekuckten Ardenner Landstrech ass duerch Originalitéit räich ginn. Lokal Steng widerhuele sech an de Bauten, Transportkäschten vu Bausteng goufen esou gespuert. D‘Duerf hannerëm flaachen Hiwwel huet sech natierlech weider vergéissert op 171 Leit, kleng Distanze schéingen duerch besser Infrastrukture méi kuerz, mä déi an d‘Stad ass mat 51 km onverännert.

Am 5. Jorhonnert koume fränkesch Völker an d'Eifel, an d'Trevererland a bei eis. Se goufe siesshaft Baueren an hunn réimescht Handwierksgeschir iwwerholl. Haut erkennt een hir Siedlungen duerch d'Endung "heim" an "dorf", "feld" oder "Bach". (z.B, Steinheim, Heisdorf, Binsfeld oder Kautenbach.) Heesdref, Hamiville (vu Villare oder dorf) staamt och aus der fränkescher Epoche an där Fraën Tuniken a Männer Bracelet'en unhaten. Et ass 825 dokumentéiert als Hemmingsdorff, an 1425 als Hemsdorff. 1627 hunn d‘“Wolzer Hären do d‘Héichgeriicht ausgeübt a vu jidder Haus e geräichert Hong gefuerdert. (C. Fandel) 1762 gouf beim Verfaasse vum Testament vum Johann Kesch de Hamiville, chapelain du château de Wiltz, e Wanseler Vikar évoquéiert. - Op der Ferraris-Kaart mecht ‘Heisdorf’ en Dräieck mam méi klengen nërdleche Wëntger an dem östleche Béigen. (Am fréieren Duché vu Lëtzebuerg läit bei Neufchâteau d'mëttelalterlecht Hamipré, dat nieft Ëlwen, Baaschtnech an Dikrech e Franziskanerklouschter hat. (Sollt d‘hei Hamiperi genannten Uertschaft e spezielle Lien hu mat Hamiville?) - Un d'Liewen am 19. Jorhonnert erënnert en Avis vun der Post vum Juni 1887: Do war um 7.00 zu Hamiville den Départ vun enger Voiture an d'Arrivée zu Woltz um 9.00. An de Memorial vum 1.1.1889 meld, dass de Relais vun der Postverdeelung vun Hamiville op Boevange-lez-Clervaux transféréiert gouf.

D’ugebauten Duerfkierch am Barockstil huet e remarkable Barock-Altor aus der aler Clierfer Dekanatskierch, Cosmos an Damian Statuen aus der Veianer Kierch, an en hl. Niklos mat den dräi Kanner an der Bidden. Hien hat als Kierchepatréiner net zum Originalmobilier gehéiert. D'säitlech plaçéiert Säitenaltär sinn och Ierwstécker. Iwwer de Sakristei-Diire stinn eng Barbara an eng hl. Anna. 2005 gouf de Raum restauréiert, en huet ronn 120 Sëtzplazen a Fënstre mat Symboler vun ëm 1935. Dem urale Bau säi Grondsteen war 1511 geluet ginn. - Gutt kléngt (1892) d'Annonce vun engem staatleche Subsid vun 200 fr. fir nei Klacken. Am massiven Tuerm vun Heesdref hänken der elo zwou wi a jiddfer Filialkierch. Net ze vergiessen, 1902 gouf d'Kapell zur häiteger Kierch vergréissert. Hir elektronesch Uergel krut s'als Cado vum fréiere Geeschtlechen Emil Neser, deem spéideren Aumonier bei de Betzdrefer Schwestren. D'kuckeswäert holze Krëppchen kënnt partiellement vun him an deels vun Porleit. Den Celebratiounsaltor ass vum Ettelbrécker Schräiner Simon, d'Statioune si nei a modern. (Mëndlech Temoignagen a Kierchtuerms Causerien, 2008).

Heesdref huet nieft eelerer Architektur Spure vun enger Schluecht vun 1914. An no beim Duerf war ‘Mondes’ den 18. Dezember 1944 e schlëmmt Panzergefecht, dat d'Standard-Wierk vum H.M. Cole "The Ardennes Battle of the Bulge" beschreift. Hei sollt di dréchen däischter Nuecht mam bedeckten Himmel duerch d'Brenne vun engem a gläich drop vu 24 vun am ganze 50 amerikanesche Panzer erhellt ginn. An t'goufe 17 Duerfhäiser vun 39 an 3 Deeg zerstéiert. D'Awunner waren a Panik aus dem Duerf geflücht. Haut erënnert am Kräizgronn e Kräiz un d'Affer! - Bei der Sortie vum wallounesche Moinet, op der route Moinet – Hamiville, steet d‘‘Croix des démineurs’ mat den Nimm vun dräi Affer, déi Enn August 1945 do ëmkoumen. - Hachiville, (Helzen), zielt zur selwechter Gemeng a kléngt ähnlech. Beim leschten ersetzt just d‘Konsonante-kombinatioun ‘ch’ de Buschtaf m. D‘Remarque vum Carlo Hemmer “dass senger Bëschkapell hire Schnëtzaltor vill Leit duerch seng Schlichtheet usprécht’ schléisst mat der allgemeng gëlteger Konklusioun… d‘Essentiellt an den Zeenen erkennen d‘opmierksam Betruechter! - D‘Wëntger Gemengeblad hat am Juni 2011 ënner aanrem wuerwiertlech matgedeelt: d‘Härenhaus ass no aktuellen Normen ‘an d‘Rei gesatt giän an hei sen den Fieschter, den Landwirtschafts- an den Energieberoder ënnerbracht.’

P.S. D’Ufangs-Silbe vun Hamiville kéinnten op hameau, (kleng Haisergrupp) oder op e lieu-dit Ham, d.h. ‘terrain alluvial, sablonneux’ hiweisen. (J.Tosti) D’Stad Hamburg, fréier Hammaburg, soll op e sächsescht Duerf Hamm zreckgoen, d’aldäischt Hamme bezeechent e schwieregen Terrain (mat Sand- a Gerëlloflagerunge vu Gletscher aus der Eiszeit) op dee Grompere gesat goufen… Aus wellicher Ursaach deen 1829 zu Hamiville gebuerene Johann Schauls auswandere wollt ass net preziséiert. - Haut huet d’Duerf ouni Stroossennimm ënner sengen Hausnummeren eng "Oppe Gaardepäertchen" hanner där nieft Blummen och Gedichter d’Blécker unzéien! (MyWort) An wéi d’Traditioun ët wëllt, gouf ‘den renovéierten Heesdrëfer Festsall virron kurzem (d.h. 2011) ageweiht. An a Präsenz vom Schäffen- a Gemengerôt, den Duarreflégd a Vertrieder von den Handwierksbetrieber gouf en offiziel senger Bestëmmung iwergiän.’ Wien emol d‘Ëmgéigend do entdecke wëllt - se läit 10,8km vun Ëlwen, 13,9 vun Housen 15 vun Esch-Sauer, 26 vun Ettelbréck, 52 vum Findel, 62 vun Esch an 72 vu Schengen!